Amnéville
| |||||
|---|---|---|---|---|---|
| Land | |||||
| Regioun | Grand Est | ||||
| Departement | |||||
| Arrondissement | Metz | ||||
| Kanton | Rombas | ||||
| Postcode | 57360 | ||||
| Gemengecode | 57019 | ||||
| Koordinaten | 49° 15’ 41’’ N 06° 08’ 33’’ O | ||||
| Fläch | 1.046 ha | ||||
| Bevëlkerung | 10.172 (2006) | ||||
Amnéville, op Romanesch Loutrengesch Aumnevelle[1], op Fränkesch Loutrengesch an op Lëtzebuergesch Stolem a Stoolheem (vum éischten Numm vun der Uertschaft Stahlheim) ass eng franséisch Gemeng am Museldepartement an der Regioun Grand Est. D'Uertschaft gouf am Joer 1075 fir d'éischt als Amerellivilla ernimmt.
D'Awunner vun Amnéville heeschen Amnévillois.
Amnéville läit net wäit vun der franséischer Autobunn A3 op hallwem Wee tëscht Metz an Diddenuewen.
Amnéville gëtt och nach Amnéville-les-Thermes genannt, deen Numm fënnt een haaptsächlech am touristesche Beräich an op Stroosseschëlter.
Geschichtleches
[änneren | Quelltext änneren]Amnéville huet net ëmmer Amnéville geheescht. Dëst ass eréischt zanter dem Enn vum Éischte Weltkrich sou. Amnéville dat am Ufank eng Uertschaft mat lauter Aarbechterhaiser (Kolonien) war, gouf virun 1914 ënner däitscher Herrschaft opgeriicht fir Wunnengen ze hu fir déi vill Aarbechter, déi aus allen Ecke wéinst der Stolindustrie dohi schaffen a wunne koumen.
Well d'Uertschaft enk mat der Stolproduktioun verbonne war, hat den däitsche Kanzler Bismarck sech et net huele gelooss fir den Numm ze bestëmmen an huet der Uertschaft den Numm Stahlheim ginn. Hie war och perséinlech bei der Aweiung vun den éischten Haiser op der Plaz.
Tourismus
[änneren | Quelltext änneren]Amnéville ass als Touristen- an Thermaluertschaft bekannt. Zu Amnéville fanne mer ënner anerem:
- En zoologesche Park , de Parc zoologique d'Amnéville[2]
- E Casino
- En Espace d'art contemporain Crid'Art[3]
- E grousse Sall fir Opféierunge mat 12.000 Plazen, de Galaxie
- E Kinosmultiplex
- Bieder
- Eng Indoorschipist d'Snow hall
- E Musée mat Motoen a Vëloen, d'Collection Maurice Chapleur
Kuckt och
[Quelltext änneren]- Departement Moselle
- Arrondissementer am Departement Moselle
- Kantonen am Departement Moselle
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Moselle
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Amnéville – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (fr) Amnéville sur le site de l'Institut géographique national
- (fr) Amnéville sur le site de l'Insee
- (fr) Amnéville sur le site du Quid
- (fr) Communes les plus proches d'Amnéville
- (fr) Localisation d'Amnéville sur une carte de France
- (fr) Plan d'Amnéville sur Mapquest
- (fr) Site officiel de la ville d'Amnéville
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Bouteiller - Dictionnaire topographique de l'ancien département de la Moselle, vun 1868
- ↑ (Säit vum Zoo op Franséisch
- ↑ Säit vum Espace contemporain op Franséisch

