Webbrowser

Vu Wikipedia
Déi beléiftst Webbrowser no Länner an Territoiren (Stand: 2015). De Google Chrome ass am gréng, et ass dee beléifste Browser op der Welt, ënner anerem zu Lëtzebuerg.

E Webbrowser (oder allgemeng och Browser genannt) (IPA: [ˈbɹaʊ̯zə(ɹ)]) ass e spezielle Computerprogramm fir Websäiten am World Wide Web ze duerchsichen an ze kucken. Wann een de World Wide Web duerchsicht, respektiv ob verschidden Hyperlinks als Verbindung als Verbindung vu Websäite mat der Hëllef vu sou engem Programm klickt, gëtt dat och als Internetsurfen bezeechent. Nieft HTML-Säite kënne si och verschidden aner Dokumenter uweisen (z. B. Biller).

Am Allgemenge si Browser speziell Computerprogrammer, mat deenen ee sech Textdateien ukucke kann.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Webbrowser – Biller, Videoen oder Audiodateien