Webtaxi (Lëtzebuerg)
Webtaxi ass en Taxiservice zu Lëtzebuerg dee vu Voyages Emile Weber zesumme mat Benelux Taxis organiséiert gëtt. D'Webtaxi Autoe sinn orange-wäiss lackéiert.
De Service bitt en Taxikonzept, dee sech duerch Ëmweltfrëndlechkeet, Transparenz a Wirtschaftlechkeet auszeechent.
Fir d'Webtaxie ginn ausschliisslech Hybrid Autoe benotzt. Se kënnen iwwer Telefon, eng Websäit oder eng Handy-App bestallt ginn. De Präis kritt een am viraus uginn.[1]
De Service funktionéiert vum 16. Juli 2012 un, den Depart an/oder d'Zil muss um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg sinn.
Am Summer 2014 gouf d'Flott vun 18 op 40 Taxie vergréissert.
Erweiderung vum Service
[änneren | Quelltext änneren]Den 13. Februar 2017 huet Webtaxi d'Erweiderung vun hirem Service bekannt gemaach:[2]
Et ginn elo véier verschidde Servicer ugebueden, nieft dem normale Webtaxi, wéi e bis elo bestanen huet (Webtaxi eco), zousätzlech och nach e Service mat Limousinnen (Webtaxi limo), e Service mat méi groussen Taxie bis 7 Persounen (Webtaxi van) an e Service fir Geschäftsclienten (Webtaxi pro).
Den Taxiservice gëtt zousätzlech zum Kanton Lëtzebuerg op d'Kantone Miersch, Capellen, Gréiwemaacher, Réimech an Esch-Uelzecht ausgeweit. Déi aner Kantone solle méi spéit nach derbäikommen.
Et steet elo eng Flott vun 120 Gefierer zur Dispositioun.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Webtaxi: Neuer Eco-Taxi Anbieter stellt sich vor op wort.lu vum 4. September 2012
- ↑ Webtaxi will Uber die Stirn bieten op wort.lu vum 13. Februar 2017