Welthandelsorganisatioun
D'Welthandelsorganisatioun (engl.: World Trade Organization, kuerz, WTO; frans.: Organisation mondiale du commerce, kuerz OMC) ass eng international Organisatioun mat Sëtz zu Genf an der Schwäiz.
Si gouf den 1. Januar 1995 gegrënnt an ass aus dem General Agreement on Tariffs and Trade (GATT) ervirgaangen, deen 1947 an d'Liewe geruff gouf. D'OMC huet 164 Memberstaaten (Stand: 2024), déi zesumme ronn 98 % vum Welthandel ausmaachen. Lëtzebuerg ass och Member vun der Organisatioun.[1]
Der OMC hir Haaptaufgab ass et, den internationalen Handel z'iwwerwaachen, Handelssträit tëscht de Memberstaaten ze schlichten an d'Verhandlungen iwwer Handelsaccorden z'erliichteren.[2]
Ziler a Funktiounen
[änneren | Quelltext änneren]D'Haaptzil vun der OMC ass et, de fräien a fairen internationalen Handel ze fërderen. Dat soll duerch den Ofbau vun Handelsbarrièrë geschéien, wéi Zoll, Quoten a Subventiounen. D'OMC baséiert op enger Rei Grondprinzippien. De Prinzip vum Meeschtbegënschtegten (Clause de la nation la plus favorisée) seet, datt en OMC-Memberstaat all den anere Memberstaaten déi selwecht Handelsvirdeeler muss accordéieren. Dat verhënnert Diskriminéierung tëscht den Handelspartner. Dobäi sinn e puer Ausnamen autoriséiert. Zum Beispill kënne Länner e Fräihandelsofkommes ënnerschreiwen, dat sech nëmmen op Gidder applizéiert, déi bannent enger Grupp echangéiert ginn - wat eng Diskriminéierung vun de Gidder duerstellt, déi baussent där Grupp leien. D'Länner kënnen och zum Beispill méi aarme Länner e speziellen Zougang zu hirem Maart ginn. Mee am Allgemenge bedeit de Prinzip vum Meeschtbegënschtegten, datt all Kéier wann e Land seng Handelsbarrièren erofsetzt et dat selwecht fir all seng Handelspartner maache muss.[3]
De Prinzip vum Traitement national bedeit, datt importéiert Gidder souwéi Gidder, déi am Land selwer produzéiert ginn, d'selwecht musse behandelt gi soubal dat importéiert Gutt um Maart ass.[3]
Dem Prinzip vun der Handelsliberaliséierung no setzt d'OMC sech fir den Ofbau vun Handelsbarrièren an anere Barriären an, déi dem Zougank op de Maart am Wee stinn. D'Zil ass et, den internationalen Handel z'erliichteren. D'Prinzip vun der fairer Konkurrenz bedeit, datt d'OMC géint onerlaabt Praktiken, wéi den Dumping oder onerlaabt Subventioune virgeet.[3]
Organer vun der OMC
[änneren | Quelltext änneren]D'OMC setzt sech aus e puer Haaptorganer zesummen. Den ieweschten Entscheedungsgremium ass d'Ministerkonferenz, déi sech an der Reegel all zwee Joer trëfft, an aus den Handelsminister vun de Memberstaate besteet.[4]
Den Allgemenge Rot ass verantwortlech fir déi alldeeglech Aktivitéite vun der OMC a kënnt reegelméisseg zesummen. E setzt sech aus Vertrieder vun der Memberstaaten zesummen an handelt och a spezielle Funktiounen, wéi de Gremien, an deene Sträit geschlicht gëtt, oder an deenen Handelspraktike gepréift ginn.[4]
D'Sekretariat vun der OMC ënnerstëtzt d'Organisatioun bei den administrativen Aufgaben a gëtt vun engem Generaldirekter geleet, dee vun de Memberstaate gewielt gëtt an d'Welthandelsorganisatioun no bausse vertrëtt. Zënter 2021 ass d'Ngozi Okonjo-Iweala Generaldirektesch.[4]
D'Bäileeë vun Handelssträit
[änneren | Quelltext änneren]En zentraalt Element vun der OMC sinn hir Prozedure fir Streidereien tëscht de Memberstaate bäizeleeën. Memberstaaten, déi der Meenung sinn, datt hir Handelsrechter verletzt goufen, kënnen eng Plainte bei der OMC areechen. Déi Streidereie ginn dann duerch Panels an e Recours-Gremium geléist, déi op der Grondlag vun den OMC-Reegelen Entscheedungen treffen. D'Memberstaate mussen déi Entscheedungen dann och ëmsetzen oder mat Sanktioune rechnen.
Kritik a Reformsdiskussiounen
[änneren | Quelltext änneren]D'Welthandelsorganisatioun ass zënter hirer Grënnung de Géigestand vu Kriticken a Reformdiskussiounen. Kritiker geheien der Organisatioun vir, datt si d'Interesse vun de räichen Industrienatioune géigeniwwer den Entwécklungslänner favoriséiert an Ëmwelt- a Sozialstandarden net genuch berécksiichtegt. Donieft ginn d'Prozedure fir Sträit ze léise wéinst hirer Komplexitéit an hirer Dauer kritiséiert.[5],[6]
Wéinst deenen an aneren Erausfuerderunge gëtt et zënter Joren Diskussiounen iwwer méiglech Reforme bei der OMC fir se méi effizient a gerecht ze gestallten. Bis ewell konnten awer keng grondleeënd Verännerungen duerchgesat ginn, an d'Welthandelsorganisatioun bleift en zentrale Forum fir de globalen Handel.[7]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ wto.org: Luxembourg (gekuckt den 22. August 2024)
- ↑ wirtschaftundschule.de: Welthandelsorganisation (WTO) (gekuckt den 22 . August 2024)
- ↑ 3,0 3,1 3,2 wto.org: Les principes qui inspirent le système commercial (gekuckt den 22. August 2024)
- ↑ 4,0 4,1 4,2 bmwk.de: Welthandelsorganisation (gekuckt den 22. August 2024)
- ↑ cncd.be: L’impossible réforme de l’OMC vum Arnaud Zacharie (26. Februar 2024)
- ↑ lemonde.fr: Le déclin de l’OMC, une menace pour la stabilité mondiale (28. Februar 2022)
- ↑ gtai.de: Die Zukunft der Welthandelsorganisation vun der Dr. Melanie Hoffmann (6. Mäerz 2024)