West Ham United FC

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Wope vu West Ham United FC
Wope vu West Ham United FC

West Ham United FC (Spëtznumm The Hammers) ass en englesche Foussballveräin zu West Ham am Oste vu London. Déi 1. Härenekipp spillt an der Saison 2008/09 an der Premier League, der héchster Spillklass am englesche Liga System. De Veräi spillt seng Heemspiller am Upton Park Stadion.

De Veräi gouf 1895 gegrënnt. 1923 hu si fir d'éischt an hirer Geschicht an der First Division gespillt, deemools der héchster Spillklass am englesche Foussball. Hei ware si um Enn vun de Saison 1985/86 op der 3. Plaz, déi bescht Platzéierung am englesche Foussball Liga System. Si hunn den FA Cup dräimol gewonnen, an zwar 1964, 1975 an 1980, an, wuel de gréissten Erfolleg an der Veräinsgeschicht, den Europapokal vun de Pokalgewënner 1965.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

(en) Offiziell Websäit vu West Ham United FC

Commons: West Ham United FC – Biller, Videoen oder Audiodateien