Wetzstol

Vu Wikipedia
E Wetzstol

E Wetzstol déngt dozou, geschlaffe Messeren nozeschäerfen. Et ass normalerweis e ronne Staf aus gehäertem Stol mat mikroskopesch schmuele Rillen, deen e Grëff huet.

Nogeschäerft gëtt, andeems d'Messer vun der Spëtz un duuss mat der Messerlimech, an engem Wénkel vun ongeféier 20°, laanscht de Stol a Richtung Grëff geriwwe gëtt. Dat ass net ongeféierlech, an de Wetzstol huet meeschtens eng metalle Plack, fir d'Fangeren ze protegéieren. Op déi Manéier gëtt d'Messer net geschlaff, mä just geriicht.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sharpening steels – Biller, Videoen oder Audiodateien