Wikipedia:Artikel vun der Woch
Den Artikel vun der Woch ass en Artikel, deen erasugesicht gouf, fir op der Haaptsäit de Lieser virwëtzeg ze maachen, iwwer dat Thema virunzeliesen, an indirekt ze weisen, zu wat fir ënnerschiddlechen Themen et hei Artikele ginn.
Déi 52 Artikelen, déi an enger éischter Phas ausgesicht goufen, sinn op der Säit
iwwer Schablounen, déi en Aféierungstext hunn, nozeliesen. Dës Schabloun erméiglecht, datt all Woch automatesch en aneren Artikel ugewise gëtt.
An enger zweeter Phas kënnen dës duerch aner Artikelen, déi op der Säit Haaptsäit/Artikel vun der Woch/Spënnchen iwwer eng Introduktioun gesammelt kënne ginn, ersat ginn.
Jiddreen ass häerzlech wëllkomm, ze hëllefen, dës Artikelen nach besser ze maachen. Dofir muss een net onbedéngt Spezialist op dem Gebitt sinn; en Tippfehler, dee verbessert gëtt, en Artikel zu engem Link, deen nach net besteeet, unleeën, de Stil adaptéieren, sinn nëmmen e puer Méiglechkeeten.
Och ka jidderee weider Virschléi maachen an dës an d'Spënnche setzen.