Well et méi Artikele gëtt, op déi et derwäert ass hinzeweisen, wéi déi 3 x 52, déi bis ewell erausgesicht goufen, sollen op dëser Säit au fur et à mesure nei Schabloune preparéiert ginn. Wann der genuch beienee sinn, kënnen déi an de Roulement bei déi existent derbäikommen.
Wann Der deemno Iddien hutt fir Verweiser op weider gutt geschriwwen an illustréiert Artikelen, déi hei kéinten derbäigesat ginn, drot se wgl. heidrënner an.
E gouf 1941 als "FC Blô-Weiss Itzég" gegrënnt, a gläich drop an "FK Blau-Weiß Itzig" zwangsëmbenannt. 1944 gouf dësen nees an "FC Blo-Weiss Itzeg" zeréckbenannt.
Vun 1919-1923 an eng zweet Kéier vun 1926-1928 gouf et e weidere Foussballclub zu Izeg, dësst ënnert dem Numm "FC Excelsior Itzig".
Den FC Blo-Wäiss Izeg huet 850 Memberen, dovu 716 lizenzéiert Sportler (281 Senioren/Veteranen, 76 Dammen, 359 Jugendlizenzen). E spillt seng Heem-Matcher um Stade Albert-Kongs. D'Clubfaarwe si blo a wäiss.
An der Saison 2022/23 spillt d'1. Ekipp vun de Männer an der 1. Divisioun / 2. Bezierk, an d'Dammenekipp an der 1. Liga. D'Izeger Dammenekipp huet sech zanter 2006 e puermol mat anere Veräiner zesummegedoen an als Entente um Championnat deelgeholl... > méi
Black Sabbath war eng englesch Rock- an Heavy-Metal-Band, déi 1968 vum Gittarist Tony Iommi, dem Bassist Geezer Butler, dem Sänger Ozzy Osbourne an dem Drummer Bill Ward gegrënnt gouf. Am Laf vun de Joren hunn d'Membere vun der Band reegelméisseg gewiesselt an nëmmen den Tony Iommi war permanent dobäi.
D'Originalbesetzung ass 1997 erëm mam Osbourne zesummekomm an huet de Livealbum Reunion opgeholl. D'Band huet sech 2017 offiziell opgeléist, mee war 2025 nach eng Kéier fir e leschte gemeinsame Concert zesumme komm.
Black Sabbath ginn dacks als Pionéier vun der Heavy-Metal-Musek bezeechent. D'Band huet mat Placke wéi Black Sabbath (1970), Paranoid (1970) a Master of Reality (1971) gehollef de Genre ze definéieren.
Si huet weltwäit iwwer 70 Millioune Placke verkaaft an zwéi Grammy Awards gewonnen... > méi