Stade Albert-Kongs

Vu Wikipedia
Stade Albert-Kongs
De "Stade Albert-Kongs"
Baujoer 1973
Uertschaft Izeg
Capacitéit 1.200 Persounen
Veräin FC Blo-Wäiss Izeg
Terrain 100 m x 64 m

De Stade Albert-Kongs ass e Foussballsterrain um Izegerplateau deen den 12. August 1973 ageweit gouf.

Et ass den Terrain op deem den FC Blo-Wäiss Izeg zanter 1973 seng Heemmatcher spillt. Et ass e Stadion mat gedeckter Tribün.

Am Joer 2007 gouf de Komplex vum FC Blo-Wäiss Izeg komplett erneiert. D'Gemaier vun de fréieren Dusche ginn integral an déi nei Infrastruktur integréiert. Den neie Komplex huet eng Abberzuel vu Vestiairen, eng grouss Buvette an uewenop e VIP-Raum.

De Passage, deen d'Spiller an d'Arbitter benotze fir op den Terrain ze kommen, ass sou konzipéiert, datt en den UEFA-Normen entsprécht.

De Stadion ass no engem gebiertegen Izeger benannt, deen 1941 Grënnungsmember vum FC Blo-Wäiss Izeg war, den Dr Albert Kongs (1908-1968), dee vun 1961 bis 1968 President vun der FLF war. Hien huet sech ervirgedoen doduerch, datt hien an de Krichsjoren d'Grënnung vun engem Foussballsveräin als Deckmantel fir Resistenzaktivitéiten a sengem Heemechtsduerf Izeg 1941 an d'Realitéit ëmgesat huet.

Bis 1974 goufen d'Heemmatcher um fréieren Terrain an den "Huesestrachen/Ierzekaulen" ausgedroen.

Den Izeger Foussballsterrain ("Stade Albert-Kongs")
D'Haapttribün vum Izeger Terrain ("Stade Albert-Kongs")

2013 gëtt de Komplex vum FC Blo-Wäiss Izeg nach erweidert - an zwar entsteet op der Westsäit vum joerzéngtelaange provisoreschen Trainingsterrain e ganz neie syntheeteschen Trainingsterrain, deen allerdéngs och ka fir offiziell Matcher benotzt ginn.

Net méi spéit wéi am Hierscht 2013 sinn d'Aarbechten ofgeschloss, an de syntheeteschen Terrain kann zanterhier fir den Training benotzt ginn.

Freides, de 17.Abrëll 2015 gëtt deen neie syntheeteschen Terrain "An Huesestrachen" zu Izeg offiziell ageweit.

Dësen 2.Terrain läit vis-à-vis vum Haaptterrain, dem "Stade Abert Kongs", direkt hanner dem "Espener Bësch".

De syntheeteschen Terrain "An Huesestrachen" (Baujoer 2013)
De fäerdege Projet "An Huesestrachen/Ierzekaulen" (Perspektiv 1)
De fäerdege Projet "An Huesestrachen/Ierzekaulen" (Perspektiv 2)

Mat dësem héichmoderne Komplex (1 Haaptterrain + 2 Trainingsterrainen) huet den FC Blo-Wäiss Izeg en ideale Kader geschaf, fir all seng Ekippen adequat z'encadréieren.