Veduta vun der Festung Lëtzebuerg am Joer 1753

Vu Wikipedia

D'Veduta vun der Festung Lëtzebuerg am Joer 1753 ass eng Panoramazeechnung déi den éisträichesch-ungareschen Offizéier Wenzel Callot am Joer 1753 am Optrag vum Josef Wenzel, Fürst vu Liechtenstein, vun der Festung Lëtzebuerg gezeechent huet[1].

D'Fiederzeechnung am Format vu 35,3 × 213 cm war an den Archive vun der Wiener Albertina „verluer“ gaangen a gouf eréischt 2018 erëmfonnt. Se ass mam Titel „PROSPECT der Niederländischen Haupt= und Gränzt Vestung LUXEMBOURG“ iwwerschriwwen a weist d'Uewer- an d'Ënnerstad vum Fort Obergrünewald aus.

Op der Récksäit ass eng Legend mat Verweiser op Gebaier, Gäert an aneren Objeten (referenzéiert vun A bis Z, vun 1 bis 30 a mam Saturn-SymbolSaturnsymbol) grad ewéi eng Informatioun iwwer den Optraggeber, de Fürst vu Liechtenstein[2].

D'Entsteeung vun der Veduta[änneren | Quelltext änneren]

Am Januar 1752 war de Generaldirekter vun der keeserlech a kinneklecher Artillerie, de Feldmarschall Josef Wenzel vu Liechtenstein, op Besuch zu Lëtzebuerg. De Wenzel Callot koum am spéide Wanter vum selwechte Joer och dohin an hien huet d'Veduta am Joer drop, am Optrag vum Josef Wenzel gezeechent.

De Grond vum Joseph Wenzel sengem Openthalt zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

De Joseph Wenzel huet sech aus gesondheetleche Grënn 1752 vu Wien aus op de Wee an d'Thermalbad vu Spa gemaach a vun do aus, op Invitatioun vum Herzog vun Nassau, virun op Den Haag. Op senger Rees koum hien deemno duerch Lëtzebuerg. Wéi hie vun Den Haag aus nees Richtung heem gereest ass, huet hien och nach zu Antwerpen eng Halt gemaach. Et gëtt ugeholl, datt hien do, a senger Funktioun als Generaldirekter vun der Artillerie, d'Zitadell besicht huet. Well hien och schonn d'Festung Lëtzebuerg besicht hat, an domat an den zwou bedeitendste Festungen um westleche Bord vun den Éisträicheschen Nidderlanden war, ass unzehuelen, datt hien net just wéinst senger Gesondheet ënnerwee war. De Joseph Wenzel war bei Minnenexperimenter zu Lëtzebuerg derbäi, déi geheim gehale goufen, wat e Grond kéint sinn, datt bis haut ëmmer nëmme vun sengem Gesondheetszoustand als Grond vu senger Rees rieds geet. Déi genannt Experimenter sollten uganks den 10. Januar 1752 duerchgefouert ginn, si awer wéinst Krankheet op Ufank Mäerz verluecht ginn. Absënns well se op der Veduta ernimmt sinn[3], geet een dervun aus, datt de Wenzel Callot och bei den Experimenter an der Géigend vun Hamm derbäi war[4].

Opbau vun der Veduta[änneren | Quelltext änneren]

Wéi och aner Veduten, ass dem Callot säi Panorama vun der Festung Lëtzebuerg perspektivesch manipuléiert an och vu verschiddenen Standpunkten aus gezeechent ginn, eng Zeecheweis, déi fir Stadvuen tëscht dem 15. a 17. Joerhonnert geleefeg war[5]. Seng Zeechnung stécht awer net just wéinst dem aussergewéinleche Format, mä och wéinst senge kënschtleresche Fäegkeeten an den Detailer eraus.

Et ass eng hyperrealistesch Duerstellung vun der Festung mat enger Abberzuel Informatiounen iwwert d'Geologie, d'Vegetatioun, d'Landbenotzung, d'Architektur an d'Infrastruktur, awer ouni eng Spuer vu Mënschen oder Déieren. Anescht wéi et op den éischte Bléck ausgesäit, ass et keng Momentopnam. De Callot huet laang, däischter Schieter op d'Diech vun der Pafendaller Kasär an dem Mielmagaséng an der Hiel gezeechent a gëtt esou e Bild, wéi wann d'Zeechnung bei déiwem Sonnestand am spéide Summer entstane wier.Op den éischte Bléck mengt een, déi ganz Zeechnung wier vun enger eenzeger Plaz aus gezeechent ginn, iergendwou tëscht dem Pafendall a Clausen, ënnerzeg vum Fort Obergrünewald. Vun do aus wier et awer kaum méiglech gewiescht, all Deeler vum Panorama gläichzäiteg ze gesinn. De Callot war gezwonge säi Standpunkt fortlafend ze veränneren, jee nodeem wéi e mam Zeechne virukoum: vun der lénkser Säit, op enger Mauer vum Hallefbastioun vum Fort, wou en e gudde Bléck op de Mansfeld-Gaart hat, laanscht d'Kielmauer bis an de lénkse Kielwénkel vum Fort bis riets iwwer den Dall vun der Hiel, vu wou aus e bis op Eech kucke konnt.

Déi ganz Zeechnung kann och net "op ee Bléck" gekuckt ginn, et muss een se wéinst dem breede Format stéckerchesweis z. B. vu lénks no riets kucken. Bei enger detailléierter Analys fënnt een och eraus, datt de Callot sech e puer kënschtleresch Fräiheeten erlaabt huet, andeems en eenzel Deeler verzunn oder gekrëmmt huet fir e bessert Gesamtbild ze schafen.

Wat den Zäitopwand ugeet, deen de Callot gebraucht huet fir d'Veduta ze zeechnen, sou kann een dovun ausgoen, datt en e puer Deeg, wann net esouguer e puer Wochen dru geschafft huet.[6]

Dem Zeechner seng Ënnerschrëft[änneren | Quelltext änneren]

De Wenzel Callot huet sech op der Kaart veréiwegt, andeems e säin Numm op eng spilleresch-illusionistesch Manéier op d'Mauer bei der Mansfeldschleis gemoolt huet: „Fecit. W: CALLOT“, woubäi den Zousaz Fecit esouvill heescht wéi: „vun him / hir gemaach“.

Legend[änneren | Quelltext änneren]

Op der Récksäit vun der Kaart ass eng Legend mat Verweiser op Gebaier, Gäert an aner Objeten. An den Tabellen hei drënner stinn:

  • 1. Kolonn: Referenzbuschtawen an -Zuelen
  • 2. Kolonn: Originalschreifweis vum Objet, wéi en um Plang drop steet
  • 3. Kolonn: Plangquadrat wou d'Referenz ze fannen ass[7]
  • 4. Kolonn: Iwwersetzung an haiteg Bezeechnung

Buschtawen (A – Z, Saturnsymbol)[änneren | Quelltext änneren]

Anweisungs Buchstaben der Vestung, Geist= und Weldtlichen Gebäuden sowohl in[n]er alß außer der Stadt so genannten Pfaffenthaler Seiten
Ref. Original-Legend Plang-

quadrat

Haiteg Bezeechnung an Erklärung
A Dominicaner Kirch F1 Dominikanerkierch, déi haiteg Méchelskierch
B St. Nicolai Kirch F1 fréier Nikloskierch (~1140 – 1779) um Krautmaart
C Jesuitter Collegium F1 Jesuittekolléisch (Ale Kolléisch), an de Gebaier wou vun 1973 bis 2019 d'Nationalbibliothéik dra war
D Franciscaner Closter F1 fréiert Franziskanerklouschter um haitege Knuedler
E Congregations·Closter Frauen F1 Kongregatiounsklouschter; den Tuerm op der Zeechnung gehéiert zur haiteger protestantescher Kierch an der Jofferegässel
F Gouvernement. G1 Regierung; dat haitegt Mansfeld-Gebai
G Alt Heÿl[ig] Geist dermahlen Cassermen E1 Aalt Helleg-Geescht-Klouschter (Helleg-Geescht-Plateau) dat als Kasär gebraucht gouf
H H. Casserme E1 fréier Kasären; haut besteet just nach de südwestleche Flillek laanscht de Boulevard Roosevelt, als Deel vun der Cité judiciaire
J Cavalier Heÿl[ig] Geist E1 Helleg-Geescht-Cavalier, d'Iwwerreschter sinn den haitege Kanounenhiwwel
K Halbe Bastion Heÿl[ig] Geist sambt sein Zwinger. E1 Hallef Hellege-Geescht-Bastioun, mat hirer Fausse braie; et handelt sech ëm d'Bastioun vun der Gronn-Schleis mat de Rondellen déi drënner leien
L Munster Benedictine, Closter im Grund E1 Benediktinerklouschter am Gronn, haut bekannt als Abtei Neimënster
M Trier Straß B2-D2 Tréierer Strooss; d'Strooss entsprécht deem wat haut de Clausener Bierg, den Tréierer Bierg an de Kéibierg ass
N Schloß Bastion sambt der Porten und Fausse Braÿe E2 Bastioun vum Schlass um haitege Boulevard Victor Thorn
O Capuciner Closter G1 Kapuzinerklouschter, tëscht der haiteger Theaterplaz an der Kapuzinergaass; hautdesdaags de Kapuzinertheater
P Bock sambt Porten und Casemetten scharten P2 Bockfiels mat de Paarten a Kasematten
Q Wachtstuben F1 Wuechtstuff; op der Plaz vum haitege Gebai vum Staatsrot
R Bastion Berlemont. H1 Bastioun Berlaimont
S Prison und 3. Pfaffenthaler dan Eich Porten G1, G2, H2 Prisong an 3. Pafendaller Paart (haut bekannt als Dräi Tierm), dann d'Eecher Paart
T Dientenberg G1 Tintenberg
V scarpement von Berlemont und Dientenberg H1-I1, I2 Rampli vun der Bastioun Berlaimont an Tintenberg
W Communications=Stigen mit Eich Port und Port=

Malade Pfaffenthaller umbfang biß hinauf an= unter Grünewaldt.

I2 Verbindungswee tëscht der Eecher Paart an der Gréngewald-Paart (Hielepaart), bis op Niedergrünewald
X Mutter Gottes Capeln I1 Muttergotteskapell, déi fréier Neipuertskapell beim Nikloskierfecht
Y Port= Malade I1 Siichepaart (a Wierklechkeet: de Fort Charles)
Z Daunischer Gartten. J1 Daun-Gaart; Gaart am Beräich vum haitege jiddesche Kierfecht, wou den Numm Daun hierkënnt, ass net kloer
Saturnsymbol Bastion ober Grund Port. (D'Saturn-Symbol ass net um Plang agezeechent)

Eventuell d'Bastioun bei der Gronn-Schleis

Zuelen (1 – 30)[änneren | Quelltext änneren]

Anweisungs Ziefferen vom Pfaffenthall und außen Werckerren.
Ref. Original-Legend Plang-

quadrat

Haiteg Bezeechnung an Erklärung
1 Neuer Heyl[ig] Geist Clarisserinen Closter F2 Neit Helleg-Geeescht-Klouschter, den haitegen Hospice civil am Pafendall.
2 Holtz Magazin C2 Holzmagaséng
3 Prison Thurn B2 Prisong am Tuerm vun der Abtei Almënster
4 Clausen und Breÿhaus B2 Clausen a Brauerei
5 Mansfelder Gartten sambt den alten Schloß= unter dem Berg. A2 Park a fréiert Schlass La Fontaine
6 Fueß Stig auf Trier Straß. B2 Wee an d'Tréierer Strooss (hautdesdaags: Kosakestee)
7 Crucifix Capeln B2 fréiert Kruzifix vum Hellege Kräiz, an der Géigend vun der haiteger Strock-Kapell
8 Hamb A2 Hamm
9 Eÿsen Ertzberg wo die Minen sind experimen=tirt worden. B2 Minnen, Testplaze fir Minnen, wou ënnert dem Joseph Wenzel Experimenter mat Minne gemaach goufen
10 Bastion Ram sambt Cassernen: D2 Bastioun a Rummkasären; mat „Bastioun“ ass de Rumm-Ravelin gemengt
11 Bastion Rubambre. C2 Fort Rubamprez
12 Bastion Rumini C2 Fort Rumigny
13 Bastion Neipperg, Wallis Elisabette. D2 Forten Neipperg, Wallis an Elisabeth (de Begrëff „Fort“ ass séngerzäit nach net gebraucht ginn)
14 Dominicaner Gartten C2 Gaart vun den Dominikaner; Iwwerreschter vun de Gäert vum fréieren Dominikanerklouschter, tëscht dem Clausener Bierg an der Uelzecht
15 Eÿß gruben D2 Äiskeller, op der Nordsäit vum Clausener Bierg
16 Fluß Alsitz Uelzecht
17 Brücklein über dem FluB Alsitz. B3 Kleng Bréck iwwert d'Uelzecht; et handelt sech engersäits ëm d'Bréck beim Mansfeldpark a Clausen an anersäits ëm déi am Pafendall an der Bréckergaass
18 Weeg zur Porte Mansfeldt. C2 Wee fir bei d'Mansfeldspaart; en entsprécht dem haitege Laf vun der Allée Mansfeld - Rue Vauban - Rue Saint-Mathieu
19 Soldaten Spitall. H2 Militärspidol; als Hôpital royal tëscht 1686 a 1689 op der haiteger Place Vauban (Spidolsgaart) gebaut an 1954 ofgerappt
20 Schupfen oder Depositorium Schäpp an Depoten
21 Pfaffenthaller Casserne. G2 Pafendaller Kasär; Kasär fir d'Kavallerie an der haiteger Rue Vauban. Den nërdlechen Drëttel vum urspréngleche Gebai besteet haut net méi
22 Hauptschlüßen nebst so benantten Huntshauß sambt Mansfelder Thor. D3 Haaptschleisen nieft dem Hondhaus an d'Pafendaller Paart
23 Graben oder Umbfang des Pfaffenthalls biß an= ober Grünewaldt. D3 Gruef vum Pafendall bis op Obergrünewald
24 Gröndlen oder Wasser fespörung E3 vum ahd. oder mhd. Grindel, wat souvill bedeit wéi „Gatter“ an eng „Spär“ fir den Duerchfloss vun der Uelzecht ze reguléieren
25 Redoute von unter Grünewaldt J1 Reduit oder Redoute vum Fort Niedergrünewald
26 Ein theil des Bergs von ober Grünewaldt, wo rauf der kleine Plan liget. G3 En Deel vun den Héichte vun Obergrünewald op deem de Plang läit
27 Gröndlen oder Waßer fespörung Porte Malade I2 Duerchfloss vun der Uelzecht bei der Sichepaart (kuckt och Nr 24 uewendriwwer)
28 Soldaten Freÿthoff A3 (d'Nummer ass net um Plang drop)

Zaldotekierfecht; et handelt sech entweder ëm den ancien cimetière, deen haut als Däitschen Zaldotekierfecht bekannt ass oder de Kierfecht um Sichenhaff

29 Weg zum Closter Heÿl[ig] Geist I2 Wee fir bei Helleg-Geeescht-Klouschter; den Text stëmmt net, an der Zeechnung ass mat der Nr 29 de Wee bei d'Hielepaart (Rue des Trois.Glands) uginn
30 ./. H2 ouni Legend; mä d'Nummer 30 entsprécht dem Wee fir bei Helleg-Geeescht-Klouschter (Text vun der Nr 29), hautdesdaags Lougaas an Op der Muerbels

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bruns, A. “Die Darstellung der Festung Luxemburg und ihrer Garnisonsbauten in der Zeichnung von Wenzel Callot, 1753.” In: Hémecht : Zeitschrift für Luxemburger Geschichte = revue d'histoire luxembourgeoise Jg. 72 (2020), H. 1, p. 29-50 2020/1/29, N.p., 2020. Print.
  • Kabierske, G. “La vue Callot de Luxembourg de 1753  : découverte et présentation du dessin.” In: Hémecht : Zeitschrift für Luxemburger Geschichte = revue d'histoire luxembourgeoise Jg. 72 (2020), H. 1, p. 17-22 2020/1/17, N.p., 2020. Print.
  • Genot G., Bruns A. (ed.): Fecit. W: Callot. La vue de la ville de Luxembourg par Wenzel Callot de 1753. Lëtzebuerg City Museum, 2022. ISBN 978-2-919878-19-2 (Katalog, Publications du Lëtzebuerg City Museum, 1)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Veduta vun der Festung Lëtzebuerg am Joer 1753 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Lange, R., Genot, G., „Joseph Wenzel von Liechtenstein und die Grenzfestung Luxemburg“ In: Fecit. W: Callot. La vue de la ville de Luxembourg par Wenzel Callot de 1753, (kuckt: Literatur), S. 133
  2. „… aufgezeichnet und verfertiget worden im Jahr 1753. auf Hohen Befehl Ihro Durchlaucht General Feld Maréchal Fürsten von und zu Liechtensteinn.“
  3. Ziffer 9, Plangquadrat [B2]
  4. Lange, R., Genot, G., „Joseph Wenzel von Liechtenstein und die Grenzfestung Luxemburg“ In: Fecit. W: Callot. La vue de la ville de Luxembourg par Wenzel Callot de 1753, S. 134-137
  5. Fuge, B., „Stadtansichten Luxemburgs vor und nach Callot (16. bis 19. Jahrhundert) – Überblick und Einordnung“ In: Fecit. W: Callot. La vue de la ville de Luxembourg par Wenzel Callot de 1753, S. 59
  6. Schoellen, M., Bruns A., „Eine Ansicht außergwöhnlichen Formats“ In: Fecit. W: Callot. La vue de la ville de Luxembourg par Wenzel Callot de 1753, S. 119 – 123
  7. d'Gitternetz ass net um Originalplang drop; fir d'Kaartenausschnëtter, kuckt op Commons