Albertina (Wien)
|
| |
|
| |
| Typ | Konschtmusée |
|---|---|
| Lokalisatioun | |
| Land | Éisträich |
| Gemeng |
Innere Stadt, Wien |
| Koordinaten | 48°12'17"N, 16°22'6"O |
| Gestioun | |
| Leedung | Klaus Albrecht Schröder |
| Visiteuren/Joer | 366.250 2021 |
| Um Spaweck | http://www.albertina.at/, https://www.albertina.at/home |
| Gebai | |
| Datum vum Bau | 1776 |
| Kollektioun | |
| Exponater | |
|
| |
D'Albertina ass e Musée am Quartier Innere Stadt zu Wien.
De Musée huet eng vun de gréissten a bedeitendste Sammlunge vun Zeechnungen an Dréck (eng 65.000 Zeechnungen a ronn 1 Millioun Dréck vun ale Meeschteren).
Donieft gehéieren zu der Sammlung och modern Grafiken, Fotoen an architektonesch Entwërf a Pläng.
Ausserdeem ass an der Albertina eng Privatkollektioun vu Konschtwierker aus der Zäit vum spéiden 19. a fréien 20. Joerhonnert (ë. a. am impressionistesche Stil) ze gesinn, déi dem Musée iwwer e permanente Prêt zur Verfügung gestallt gouf.
Den Numm geet zeréck op den Herzog Albert vu Sachsen-Teschen, deen de Palais, direkt nieft der Hofburg, als Residenz benotzt huet, a wou e spéider seng Sammlung vu Grafike versuergt huet, déi e vu Bréissel dohibruecht hat, nodeems en do Gouverneur vun den Éisträicheschen Nidderlande war.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]- Etude fir dat Lescht Owesiessen vum Leonardo da Vinci, c. 1495
- Jonken Hues vum Albrecht Dürer (1502)
- De Moler an de Keefer vum Pieter Bruegel den Eeleren, 1565
- D'Meedche mam Muermeldéier vum Jean-Honoré Fragonard, ouni Datum
- Dat wäisst Päerd "Gazelle" vum Henri de Toulouse-Lautrec, 1881
- Weier mat Waasserlilien, vum Claude Monet, c. 1917–1919
- D'Haus an de Rousen vum Claude Monet, c. 1918
