Op den Inhalt sprangen

Schabloun:AVDW S51

Vu Wikipedia

D'Nummereschëlter fir motoriséiert Stroossegefierer an hir Remorquen déi zu Lëtzebuerg ugemellt sinn, si prinzipiell giel mat schwaarze Buschtawen an / oder Zifferen. Um lénkse Bord ass gemenkerhand de bloe Logo vun der EU mat de giele Stären an de Lännercode „L“ a wäisser Faarf.

D'Plackennummer déi bei der Immatrikulatioun zougedeelt gëtt, ass entweeder aus der lafender Serie oder et ass eng personaliséiert Nummer; se ass zanter dem 1. November 2023 ëmmer enger Persoun zougedeelt, egal ob et sech ëm eng personaliséiert Nummer handelt oder net.

Verschidde speziell Serië si fir d'Immatrikulatioun vu bestëmmte Kategorië vu Gefierer oder fir bestëmmt Zwecker reservéiert.

Zanter dem 1. Februar 1907 muss all Gefier zwee Nummereschëlter (eent hannen an eent vir) mat enger lafender Nummer hunn. Vum Mäerz 1972 u kann d'Plackennummer virun den Zifferen eng oder méi laténgesch Majuskelen hunn. Zanter Januar 1974 muss bei nei- oder ëmgemellte Gefierer d'Schëld giel mat schwaarzer Opschrëft sinn, a muss d'Liicht reflektéieren; virdru war et schwaarz mat wäisser Schrëft... > méi