Péitruss-Kasematten

Vu Wikipedia
Agang an d'Kasematten bei der Gëlle Fra

D'Péitruss-Kasematte sinn – nieft deene vum Bock – déi eenzeg Kasematten an der Stad Lëtzebuerg déi als Touristenattraktioun fir de Public accessibel sinn. D'Visitte ginn als „begleet Visitt“ (ouni grouss Erklärungen) vum Luxembourg City Tourist Office organiséiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Urspronk vun de Péitruss-Kasematte geet op d'Zäit zeréck, wéi d'Spuenier d'mëttelalterlech Festungswierker moderniséiert hunn a grouss Bastioune wéi d'Bastioun Beck gebaut hunn, op där hirer Plattform déi haiteg Place de la Constitution (Gëlle Fra) läit. Fir d'Bastioun ze verstäerken hu se 1673/74 e Verdeedegungswierk (Ravelin) a Form vun engem Hallefmound gebaut, de Ravelin Beck-Jost, och nach Ravelin du Pâté genannt[1], déi sougenannt „Paschtéitchen“. Dëst Festungswierk ass eent vun de wéinegen dat haut nach gréisstendeels erhalen ass.

D'Form vun de Péitruss-Kasematte wéi mer se haut kennen, geet op de Kont vum franséische Festungsingenieur Vauban.

Nodeems Lëtzebuerg 1714 mam Traité vu Rastatt ënnert Éisträichesch Herrschaft gefall ass, gouf 1728-29 ënnert der Leedung vum Festungsingenieur Simon de Bauffe am Péitrussdall d'Bourbon-Schleis gebaut. Am Fall wou d'Festung sollt ugegraff ginn, hätt déi Schleis d'Waasser vun der Péitruss gestaut an den Dall wier fir d'Ugrëffer onpasséierbar gewiescht. Bannen am Bastioun Beck gouf eng Trap – déi sougenannt „Éisträichesch Trap“ – ugeluecht iwwer déi een erof an den Dall koum. E Gank huet duerch d'Schleis erduerch gefouert an op der aner Säit erop an de Fort Bourbon. Sou bestoung eng duerchgoend ënnerierdesch Verbindung tëscht de bannenzegen a baussenzege Festungswierker.

Tëscht 1746 a 1751 hunn d'Éisträicher d'Kasematten ugeluecht déi als « Batterie de la Pétrusse » bezeechent goufen. Et goufen haaptsächlech bommesécher Artilleriekasematten ënnert der „Paschtéitchen“ an de Fiels gehaen. Biergbauspezialisten aus Éisträich koumen op Lëtzebuerg fir d'Gäng an de Fiels ze sprengen.

Nom Schleefe vun der Festung, déi 1867 am Traité vu London festgehale gi war, goufen awer just d'Schéissscharten an d'Agäng zougemauert.

D'Péitruss-Kasematten am Laf vun der Zäit[änneren | Quelltext änneren]

Verschidde Stéchwierder am Agang weisen en Zesummenhang mat de Kasematten op

Am Laf vun de Joerhonnerte goufen d'Kasematte fir verschidden Zwecker benotzt. Vun 1871 un hat d'Société de tir à l'arquebuse[2] („d'Schéiss“) hire Schéissstand an de Kasematten an an den 1890er Joren hunn d'Gäertner Backes a Schneider Champignonen am Ravelin „Paschtéitchen“ gezillt. Ugangs vum 20. Joerhonnert goufe Fester a Basaren an de Kasematten ofgehalen.

Wärend de béide Weltkricher goufen d'Bock- an d'Péitruss-Kasematten als Schutzbunker benotzt.

Nom Amenagement vun der Place de la Constitution huet den deemolege Staatsminister Paul Eyschen säi Wonsch ausgedréckt, d'Méiglechkeet z'analyséieren duerch d'Kasematte vun der Bastioun e Lien tëscht de Fausse-braië Louis-Beck a Beck-Jost hierzestellen. Den deemolegen Ingenieur huet awer en negativen Avis ofginn, well d'Trapen zum groussen Deel futti, an d'Gäng ze verwénkelt wieren. Allerdéngs huet en d'Méiglechkeet gesinn, een Deel vun de Kasematte fir d'Touristen opzemaachen.

Den 22. Juli 1933 konnten déi éischt Gäscht – mat Fakelen ausstafféiert – d'Kasematte besichen. An der éischter Saison goufe 5.000 Visiteuren an de „längste Kasematte vun der Welt“ gezielt. Zënter 1994 gehéieren d'Kasematte vun der Stad Lëtzebuerg zesumme mat der Alstad zur UNESCO-Weltierfschaft.

D'Péitruss-Kasematten hautdesdaags[änneren | Quelltext änneren]

D'Ost-West Galerie ënnert der Place de la Constitution. Déi gëlle Verkleedung un der Mauer symboliséiert d'Gëlle Fra, déi genee uewendriwwer steet.
D'„Éisträichesch Trap“ fir an de Péitrussdall.
Am Kanouneraum weisen déi blo Luuchten d'Schéissscharten, iwwerdeems déi wäiss Luuchten d'Evakuatioun vum Kanounendamp symboliséieren.

D'Péitruss-Kasematte waren zanter 2015 net méi fir Visitten zougänglech. Am September 2017 sinn d'Renovatiounsaarbechten ugaangen, déi fir d'Saison 2018 ofgeschloss sollte sinn[3]. Schlussendlech sinn d'Kasematten awer eréischt de 5. Juni 2022 nees opgaangen[4].

Mat enger innovativer audiovisueller Zeenografie kritt de Visiteur en Abléck an d'Geschicht vun der Stad an de Kasematten. Den Agang fir an d'Péitruss-Kasematten ass nieft dem Kiosk bei der Gëlle Fra. Nodeems et am Ufank eng 23 Träppleken a Richtung Osten erofgeet, geet de Circuit rechtwénkeleg a südlecher Richtung virun. Um Enn vun der „klenger Trap“ (43 Träppleken) ass en Noutausgang deen an der Trap, déi vun der Bastioun (Place de la Constitution) op d'Fausse braie Louis-Beck erofgeet, erauskënnt.

Vun do aus geet et dann duerch eng 86 m. laang Galerie déi 1644 am mëttelalterleche Gruef amenagéiert gouf a westlecher Richtung queesch duerch d'Bastioun, ënnert der Place de la Constitutioun erduerch, bis op d'Héicht vum westleche Wupp vun der Plaz. Béid Enner vun der Galerie hate fréier en Ausgang (Poterne) iwwer déi een an déi virgelagert Verdeedegungsanlage koum. An der Mëtt vun der Galerie, quasi ënnert dem Monument vun der Gëlle Fra, féiert déi „grouss Trap“, och nach d'„Éisträichesch Trap“ genannt (131 Träppleken), a Richtung Süden bis an de Péitrussdall. Aus Sécherheetsgrënn ass se net fir de Public accessibel, se ka just benotzt gi fir bei en zweeten Noutausgang ze kommen.

E kuerzen doudege Gang geet a Richtung Norde fort, iwwerdeems de Circuit duerch eng Schikan viru geet. Op där Plaz gouf et eng sougenannt Meurtrière duerch déi aus enger Stopp eraus, dem Feind an d'Bee konnt geschoss ginn. Iwwer 31 Träppleke geet a Richtung Weste weider biergof bis ënnert d'Fausse braie Beck-Jost. An engem vun de Säiteraim vun der Galerie ass eng audiovisuell Liichtshow wou een allerhand iwwert d'Entwécklung an de Gebrauch vun de Kasematte gewuer gëtt. Ëm e puer Ecke geet et dann eng 16 Träppleken erop, ier ee bei eng weider Trap kënnt, déi iwwer 52 Träppleken nees a Richtung Süde bis an dat Bannenzegt vum Ravelin Beck-Jost, der sougenannter „Paschtéitchen“ erofféiert. Am ënneschten Drëttel vun der Trap ass e weideren Noutausgang deen um Fousswee nërdlech vun der „Paschtéitchen“ erauskënnt.

Nom Raum wou d'Kanoune stoungen an een duerch d'Schéissscharten an de Péitrussdall gesäit, geet et dann nach eng Kéier 51 Träppleken erof ier een an e Raum kënnt, wou d'„Kanoun 31“ vun 1834 steet, déi eenzeg Kanoun aus der preisescher Zäit (1815 bis 1867) déi nach erhalen ass. Se huet zu enger Serie vu fënnef Kanoune vun der Lëtzebuerger Arméi gehéiert an ass fir d'101 Kanouneschëss bei der Gebuert vum Prënz Jean, de 5. Januar 1921, fir d'lescht gebraucht ginn. 2018 gouf se restauréiert.

D'Visitt ass do eriwwer an iwwer 7 Träppleken erop kënnt een um süd-westleche Wupp vum Ravelin, an der Trap hannert dem „Priedegtstull“ eraus. Vun do aus kann een entweeder erop op de Startpunkt hannescht goen oder duerch de Péitrussdall spadséieren.

De Circuit huet eng Längt vu ronn 450 m.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Konen, Jérôme, Schaus, Romain, Scheffen, Jean-Louis. Kasematten : Auf Spurensuche in Der Festungsstadt Luxemburg. Luxembourg: J. Konen Prod, 2013. Print. ISBN 978-9-99598-200-3
  • Luxembourg City Tourist Office. Die Kasematten : Unesco Welterbe - Festungsmauern Und Altstadt - Gibraltar Des Nordens. Luxembourg: Luxembourg City Tourist Office, 2016. Print. (Depliant)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Péitruss-Kasematten – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. den Numm bezitt sech op « pâté », e franséische Begrëff fir eng onreegelméisseg Plattform (cf Informatiounsplack an de Kasematten)
  2. De la Société de Tir au Club de Tennis. www.tca.lu (2018-09-03). Gekuckt de(n) 2022-06-26.
  3. Petruss-Kasematten - Galerien bald wieder zugänglich, op wort.lu den 20. September 2017
  4. En avant-première: Découvrez les "nouvelles" casemates de la Pétrusse. 5minutes.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2022-06-02.