Wikipedia:De Staminee/Archiv2005/November

Vu Wikipedia

Opruff lëtzebuergesch wikipedia kommunautéit[Quelltext änneren]

Moie Wikipedianer,

RTL Radio Lëtzebuerg géing gären eng Reportage iwwer d'Wikipedia Kommunautéit zu Lëtzebuerg maachen. Deemno sichen ech Leit déi méi oder manner akiv u wikipedia.lu matschaffen fir en Interview opzehuelen (per Telefon oder um RTL selwer). Intresséiert Leit kënnen sech iwwert Mail bei mir mellen bis e Mëttwoch 9ten November. Stinn och fir all Fro zur Verfügung.

Merci am viraus

Sarah Cattani

Meng email : sarah.cattani@rtl.lu


De Zinneke këmmert sech drëm. --Cornischong 18:01, 7 November 2005 (UTC)

Wiki on Air[Quelltext änneren]

Ech hunn elo grad mam Sarah Cattani geschwat: en Donneschden, tëscht 12.00 an halwer eng, kënnt e Reportage iwwert eis! Och eise Kolleesch Jimbo gouf geinterviewt (ech weess awer net, wat e sot). Wann een eng Méiglechkeet hätt, dat opzehuelen (ech ka schlecht um Büro Radio lauschteren...) wir dat flott.

Elo heescht et, d'Ouere spëtzen!

--Zinneke 17:16, 8 November 2005 (UTC)

De Reportage am Resumé: A manner wéi dräi Minutte konnten all Aspekter vun der Wikipedia ausféierlech beliicht ginn, ier mer da vum Lidd "Love Generation" ofgeléist goufen. Den Jimbo hat sech souguer d'Méi gemaach, fir d'lb-wiki op der Lëscht vun de Wikipediaen op enger respektabler Plaz mat bal 7000 Artikelen erëmzefannen. An en éischte Matdiskutéierer huet de Reportage och schonn ugelackelt. Wat wëllt ee méi? --Otets 11:53, 10 November 2005 (UTC)

D'Sarah Cattani huet mer frëndlecherweis de Reportage am MP3-Format geschéckt. Wee gär eng Copie hätt, ka mer gären eng E-mail schécken (iwwert "Dësem Benotzer eng Mail schécken"), mat enger Adress, wuer ech et schécke soll, an déi Maile vun 2 MB "verquësst".

--Zinneke 19:09, 10 November 2005 (UTC)

Ech hunn dem Alexandra, dem Otets, dem Johnny Chicago an dem Ernmuhl eng Kopie geschéckt. --Cornischong 19:15, 10 November 2005 (UTC)
Déi fir den JimHawk an den Tomateus geet moar de moien op de Wee (ech hunn d'Da~tei op menger Büros-Adress) --Zinneke 23:35, 10 November 2005 (UTC)
O mei, du hues Recht (an de Marcus). Ech maachen et direkt, dann ass dat an der Rei. --Cornischong 23:37, 10 November 2005 (UTC)
Dem JimHawk, Tomateus, Marcus hir si fort. Alles an der Rei. --Cornischong 23:46, 10 November 2005 (UTC)
Ok. Merci! --User:Zinneke

Mar an der Mëttestonn[Quelltext änneren]

A mar an der Mëttestonn stierzen sech Honnertdausend Intresséierter op de PC a wäerte mierken, datt déi kackeg Serveren nees net uerdentlech ginn. Sou wéi elo. --Cornischong 19:02, 9 November 2005 (UTC)

Den Hoffes stierft jo bekanntlech als Lescht. Um Hallefnuecht geet et op alle Fall nees mat normaler Vitesse. --Otets 23:19, 9 November 2005 (UTC)

MediaWiki op Lëtzebuergesch[Quelltext änneren]

(eriwwergeplënnert vun enger Artikelsäit)

Ët wär flott wann ët die superflott MediaWiki och an lëtzebuergescher Sprooch géif gin. Hoffentlech ass dobaussen iirjend een, deen Looscht an Zäit huet, fir deen Projet ëmzesëtzen.

Villmols Merci am viraus.
E MediaWiki User

Äntwert vum Cornischong: "Ët wär flott wann ët die superflott Wikipedia och an lëtzebuergescher Sprooch géif gin." hu munneg Leit geduecht, bis datt een et "GEMAACH" huet. Mat der MediaWiki ass et d'selwecht. Firwat ëmmer op ANERER waarden? --Cornischong 19:08, 8 November 2005 (UTC)

Déi éischte Kéier[Quelltext änneren]

An deene leschten Deeg wollten e puer Leit eppes an d'Wikipedia schreiwen. Si woussten awer net wéi. Déi eng hunn ugefaang am "Category: xxx" Net-Artikel, Anerer am "Wikipedia:Artikel/Neien Artikel". Ech hu mer doropshin mol nees ugekuckt, wat den "Ufänger" dann esopu erwaart, wann en op "Fir direkt en neien Artikel ze schreiwen, klickt hei." klickt: "op et en Artikel scho gëtt ass op Google kucken ze goen (d'intern Sichmaschinn vu Wikipedia ass leider dacks desaktivéiert wéinst zevill Dateverkéier) an als Critèren anzeginn site:lb.wikipedia.org <dat wat gesicht gëtt>." - "Et gi verschidde Wierder, déi duerch de Kontext automatesch mat enger bestëmmter Bedeitung assoziéiert gin, an an dësem Fall soll den Haaptlink och op déi Säit féieren. Op där Säit selwer soll dann e Message hannerlooss gin am Stil "Fir XX als YY, kuckt w.e.g. hei" etc." (op der Homonymie-Säit) wourop den "Neien" higeschéckt gëtt. Sinn ech deen Eenzegen, dee mengt, datt dat Ganzt vill ze komplizéiert ass? --Cornischong 10:37, 13 November 2005 (UTC)

Ech hunn do lo mol dru gefréckelt. Wann et ëmmer nach ze komplizéiert sollt sinn, da kanns de jo, ganzer ouni Ëmweeër iwwert eng Diskussiounssäit, am Artikel selwer eng Hand mat uleeën. --Otets 12:36, 13 November 2005 (UTC)

Wat héiert sech no Björk un a geet mat 4000 Saachen duerch de Plafong?[Quelltext änneren]

Den 1. November hat déi islännesch Wiki nach déi bescheiden Zuel vun 3.823 Artikeln. Haut, also op den Dag genee zwou Woche méi spéit, si se op eemol bäi 7.586 Artikelen. Den Ævar Arnfjörð Bjarmason huet hinnen an deene leschte 14 Deeg mat bal 4.000 neien Artikelen iwwert islännesch Virnimm hire Bestand praktesch verduebelt. Esou einfach kann een zu eppes kommen! Kennt keen d'Thorunn Egilsdottir, ech bidden em direkt zwee Gliesersete wann et eis déi Artikelen all iwwersetzt. Alternativ kéint een natierlech e Bot déi 12.336 preisesch Gemengenartikele bei eis eriwwerhuele loossen - schlisslech huet schonn d'it-wiki d'es-wiki am August dëst Joer mat 40.000 neie botgeneréierten Artikele geklappt, natierlech ausgerechent iwwer spuenesch Stied an Dierfer... --Otets 18:52, 14 November 2005 (UTC)

Wann eis Peepstartikelen fäerdeg sinn, fänke mer mat den "Orte in Deutschland" un. Da komme mer op eppes iwwer 15.000 Artikelen (am Ganzen, am Ganzen). Sidd der all d'accord, datt mer mat "Rheinland-Pfalz" ufänken? (de:Liste der Orte in Rheinland-Pfalz). Gutt. --Cornischong 19:22, 14 November 2005 (UTC)

Eis Kategorië vun de Stied[Quelltext änneren]

Dem Cornischong säi Lieblingsthema, mee et muss einfach sinn: "Stad (Lëtzebuerg)" oder "Lëtzebuergesch Stied"? Mär hunn am Moment déi zwee Systemer mat an allen zwee relativ vill Artikelen. --Otets 21:52, 15 November 2005 (UTC)

Dat mat de Kategorien (ech huelen un, datt et dorëms geet) ass wierklech e raschtege Nol fir a meng Lued. Hei sinn an der Zäit all Dag 500 Millioune Kategorien aus dem Zilinder gezu ginn. Wa mer eis net eenegen op (zum Beispill!!) Uertschaft Däitschland / Stad Patagonien da verfollegt dat Thema eis Kandskanner nach. Do wéilt ech awer mol dem Zinneke an dem Johnny Chicago hir Meenungen dozou liesen. Ech selwer hunn all Kéiers Zweifelen a mäi Psychiater huet mer schonns gesot, Leit a mengem Alter sollen sech aus deene Saachen eraushalen. Looss mer mol waarden, wat eis Korrespondente soen. --Cornischong 22:07, 15 November 2005 (UTC)

Salu Ech verstin deng Fro einfach net.

Am Portal Lëtzebuerg steet: Lëtzebuergesch Stied wan een dorober klickt krit en d'Category: Stad (Lëtzebuerg) ugewisen, an all Lëtzebuerger Stied stin ënnert der Category: Stad (Lëtzebuerg). Johnny Chicago 23:06, 15 November 2005 (UTC)

Dat war just en theoreetescht Beispill. Konkreet kanns de den Ënnerscheed bäi de Kategorië "Stad" a "Stied" gesinn. --Otets 23:32, 15 November 2005 (UTC)


Moien,
Ech hu mer d'Kategorië-Lëscht emol ugekuckt. Klore Favorit ass d'Land tëschent Klameren: Stad (Australien), Stad (Belsch), ...; Uertschaft (Belsch), Uertschaft (Däitschland),... an och Gemeng (Lëtzebuerg). Aus der Rei danzen der just 2: Franséisch Stied an Éisträichesch Stied (et sief, ech hätt eng iwwersinn).
Deemno missten déi puer Stied, déi dorannner sti, just ëmkategoriséiert ginn, an mer hätten eng impeccabel Logik --- op d'mannst, wat urbaniséiert Siidlungen ugeet!
A well dat ze einfach wier, hätt ech eng Fro: Eng Stad ass eng Uertschaft, mee eng Uertschaft net onbedingt eng Stad. Dat selwecht gëllt fir Gemengen an Uertschaften. Elo feelen an der Categories-Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften eng ettlech Dierfer, déi och der Gemeng den Numm ginn. Ech hat eng Kéier op d'Säit vun der Kategorie:Uertschaft (Lëtzebuerg) en Hiweis gesat, et sollt een och ënner "Kategorie:Gemeng (Lëtzebuerg)" kucken, mee war mer voll bewosst, dass dat just eng Noutléisung wier. Wann een eppes an enger Gemeng ännert, wier et deemno gutt, e géif och all Kéiers, wann et net schon do steet, "Category:Uertschaft (Lëtzebuerg)" nieft "Category:Gemeng (Lëtzebuerg)" derbäisëtzen.
Zinneke 16 November 2005 (UCT)


Ech hunn dat mat Franséisch Stied an Éisträichesch Stied elo an d'Rei bruecht. Fir Lëtzebuerg léist sech alles maachen. Mee wéi gi mer un déi méi wéi 12.000 däitsch Gemengen erun, vun deene franséische guer net ze schwätzen? Solle mer do am Extremfall "Stad (Frankräich)", "Gemeng (Frankräich)" an "Uertschaft (Frankräich)" nieftenee setzen (virausgesat, et weess een ëmmer genau, op et och elo eng Stad ass oder net, well soss misst ee jo "Duerf (Frankräich)" dohisetzen)? Oder ass et mat "Gemeng (Frankräich)" respektiv gedoen "Uertschaft (Frankräich)"? Oder zousätzlech/alternativ eng Kategorie "Grousstad (Frankräich)"? --Otets 11:29, 16 November 2005 (UTC)


Amplaz vu Valium[Quelltext änneren]

Fir all déi, déi a leschter Zäit en décken Hals krute wéinst der Vitesse vun der Wikipedia (besonnesch d'Biller), hei en Trouschtlink: http://meta.wikimedia.org/wiki/November_2005_image_server Da stréckt äech un! --Cornischong 00:15, 22 November 2005 (UTC)