Wikipedia:De Staminee/Archiv2005/September

Vu Wikipedia

Kuckt och: déi neitste Statistiken[Quelltext änneren]

Leider 6 Wochen hannendran, mee ëmmer nach zwee Méint méi rezent wéi déi al: déi neitste Statistike sinn do!
--Otets 10:07, 1 September 2005 (UTC)

Vun de ronn 5.000 Artikelen déi mer Mëtt Juli hate waren der eng 3.860 méi kleng wéi 1.ooo Byte oder 100 Wierder. --Cornischong 23:29, 1 September 2005 (UTC)

Mär hunn am Moment 2845 Joreszuelenartikele vun deenen der ongeféier 2700 méi oder wéineger just aus dem Skelett bestinn. Wann een déi erausrechent, da sinn et scho keng 77% méi, mee "just" nach 50%. Dat sinn der ëmmer nach vill, mee et muss een awer soen, datt 1000 Byte och net näicht sinn, wéi ee gutt um Artikel "Eligiuskapell Diddeleng" gesäit, deen 1.005 Byte huet. --Otets 08:24, 2 September 2005 (UTC)

Ech fannen och, dass een dat net esou pessimistesch muss gesinn: D'Joeressäite sinn ze soen de "Fong", deen nun emol zu der Struktur gehéiert. Et ass kloer, dass bei -886, -887 asw; och an Zukunft kaum vill wäert stoen. Mee wann een d'Zouwueszuelen iwwer déi lescht puer Woche kuckt, gesäit een, dass déi zum Deel bal méi héich si wéi am Ufank, wou d'Croissance sträppweis duerch déi schon ernimmte "Strukturskletter" kënschtlech "geboost" gouf. Proportional zum Gesamtcontenu hëllt den Joereszuelendeel ëmmer méi of ('t sief, 't giff een sech ameséieren, (iwwerflësseg) Joeressäite bis -10.000 ze schafen) An anere Wierder, wat elo bäikënnt huet Contenu (meeschtens op d'manst), an nei Nimm mat ënnerschittlechen Intresse si jo och hei ze begréissen, déi d'luest mee beharrlecht Ausbreede vun deem ganze virubréngen. --Zinneke 11:03, 2 September 2005 (UTC)
Ech muss dat net esou pessimistesch gesinn, Ech muss dat net esou pessimistesch gesinn, Ech muss dat net esou pessimistesch gesinn, Ech muss dat net esou pessimistesch gesinn, Ech muss dat net esou pessimistesch gesinn, Ech muss dat net esou pessimistesch gesinn, Ech muss dat net esou pessimistesch gesinn, ..... --Cornischong 14:30, 2 September 2005 (UTC)
Et ass geplangt, just nach bis -1000 voll ze maachen, d.h. et komme just nach 160 Skeletter bäi - dat sinn 3,2% vum Output vun engem Joer an dierft also näicht weider ausmaachen. --Otets 13:31, 2 September 2005 (UTC)

An enger net-repräsentativer Stéchprouf iwwer déi lescht honnert nei Artikele gesäit een, datt 53% vun den Neizougäng ënner 1.000 Byte leien. Dat ass ongeféier dat, wat mer joreszueleberengegt nach ëmmer haten. An international gesi sti mer domat och mol guer net schlecht do, wëll ënner 1000 Byte si bäi: de-wiki 40,8%, en-wiki 47,5%, nl-wiki 50,0%, fr-wiki 52,9%, jp-wiki 73,3%. Dozou kënnt nach, datt all eis kleng Artikele mat der Zäit duerch nei Kontributioune wuesse kënnen. --Otets 20:45, 2 September 2005 (UTC)


Boten, déi nei Epedemie[Quelltext änneren]

Lo dreift sech och nach en neie Bot ("I'm is a interwiki bot. Operators is user:shizhao.") hei erëm. Ech wäert net deen Eenzege sinn, deem d'Vitesse vun der Wikipedia heiandsdo oder méi dacks déck op den £ç&*& geet. Dann ass nach de Problem, datt wann een "verstopp Boten" ageschalt huet, se nawell gesäit. Wann all Dëlpess säi Bot hei "Gassi féiert" (ob "weis Bots" oder net) da komme mer net méi gutt weider. Wat léisst sech géint déi Epedemie maachen. Et wier ganz interessant emol aner Meenunge matzekréien. Mech stéiert dee ganze Fetischismus ëmmer méi. --Cornischong 12:05, 3 September 2005 (UTC)

Ben, mer musse just e Bot-Reglement opsetzen, wat dat ganzt limitéiert. E Bot deen dogéint verstéisst gëtt gespoart. Da gëtt et séier roueg, oder wéinstens just nach produktiv. Ech kéint un e sou engem Reglement bastelen (mee op Chineesesch iwwersetzen ech et net, dat ass dann dem jeweilege Botmeeschter säi Problem). --Otets 21:43, 3 September 2005 (UTC)


Wéinstens setze sech Leit, déi guer net viséiert sinn, allgemeng fir d'Mënscherechter an. D'Biergerechtsbewegung funktionnéiert also nach, dat berouegt. Fir de Rescht ass effektiv net all sarkastesch Bemierkung ganz zeideg, wa se gepléckt gëtt. Do muss een emol Qualitéistkontrollen aféieren. An deem Sënn: Shalom. --Otets 20:52, 4 September 2005 (UTC)


De Wiki-Prinzip ass dack ganz gutt, mee heiansdo kann en och deem engem oder aneren op de Mo schloen. Perfekt ass en also net. Fréier huet een an deem Kontext wéinstens nach vu verschiddene Leit héiere "sei mutig", haut gëtt au contraire vun engem "Syndrom" geschwat. Den Iwwergank vun deer enger op déi aner Siichtweis hunn ech wuel verpasst - wann et dann ee gouf. Wat hëlleft éischter, de Wiki-Prinzip ganz ofschafen oder einfach versichen, net hannert all Saz eng perséinlech Attack op déi eege Stëmmung ze gesinn? --Otets 20:52, 4 September 2005 (UTC)

Metadata - neits vu MediaWiki[Quelltext änneren]

Bei eise Fotoe schéngt et elo esou ze sinn datt d'Metadaten automatesch ausgelies an affichéiert ginn. Dat muss nach ganz rezent sinn, well et ass mer just bäim leschten Upload (BaggWei.JPG) opgefall. Ween dat net wëll muss wuel seng Metadate virdru beschaffen oder läschen, well de Choix schéngt d'MediaWiki eis net ze ginn. --Otets 21:14, 4 September 2005 (UTC)

Sou einfach ass et net: Déi eng Fotoe ginn dermat affichéiert, déi aner net: Image:BaggWei.JPG (mat) an Image:StatKäeKie.JPG net. Déi zwou Fotoe si mat deem selwechten Apparillo gemaach ginn. Ech hu virun enger Véirelstonn eng eropgeluede (mat!!) déi duerch de Photoshop Elements gaangen ass an och vun deem reduzéiert gouf! Nodeema ech elo an der de Wiki bei neie Fotoen no de Metadateie gekuckt hunn: ech hunn do keng gesinn!! Wat kënne mer do maaachen??? --Cornischong 21:13, 5 September 2005 (UTC)

Vläicht en Hick an der MediaWiki. Wann en neie Feature kënnt, kann et sinn, datt se deen zu Testzwecker un an aus schalten. Ech fir mäin Deel hu scho virun Aféirung vun deem Feauture meng Metadaten ëmmer geläscht. Lued der einfach e klenge Freeware Programm aus dem Internet erof, dann ass dee Problem aus der Welt. --Otets 11:16, 6 September 2005 (UTC)

Ech zitéieren emol d'Meta: "EXIF metadata is displayed on the image description page if PHP is configured with the necessary module. ... * Add rebuildImages.php to update image metadata fields." --Otets 12:24, 6 September 2005 (UTC)

Ech zitéieren och emol d'Meta: "Security reminder: MediaWiki does not require PHP's register_globals setting since version 1.2.0. If you have it on, turn it *off* if you can." an déi däitsch Wikipedia: "Ich beobachte seit heute die Anzeige einer Info-Box zu Bild-Meta-Daten (siehe z.B. in Bild:Kap Arkona - Steilküste 1.jpg). Die Daten werden aber nur auf in der Bildbeschreibungsseite der de.wp eingeblendet, die wirklich wichtigen Informationen wie Beschreibung und Fotograf werden dadurch aber meilenweit nach unten verschoben. Weiß da jemand was genaueres dazu? Kommt das Feature auch demnächst auf Commons? Haben wir dann eine doppelte Infobox in der deutschen Bildbeschreibungsseite? Abgesehen davon finde ich Meta-Daten relativ uninteressant, um ihnen einen solch großen Platz einzuräumen. Wenn schon dann sollten sich daran Interessierte sich diese per Klick irgendwo drauf anzeigen lassen können, aber den Otto-Normal-User interessiert doch nicht was für eine Brennweite oder welche Art des Weißabgleichs verwendet wurde. meine 4 Pfennige. --BLueFiSH ?! 21:36, 4. Sep 2005 (CEST) Vorführeffekt, jetzt isse aktuell wieder weg die Meta-Daten-Infobox... --BLueFiSH ?! 21:37, 4. Sep 2005 (CEST) Hier ist eine andere. Das scheinen mir ausgelesene Exif-Daten zu sein. --Rosenzweig δ 21:50, 4. Sep 2005 (CEST) Die Möglichkeit, die EXIF-Daten anzuzeigen, sollte es schon seit MW 1.5 geben: "EXIF metadata is displayed on the image description page if PHP is configured with the necessary module." (meta:MediaWiki_1.5_Release_notes#Big_changes) --kh80 •?!• 21:54:43, 4. Sep 2005 (CEST) Ich habe das aber heute auch schon in den Commons gesehen! --Flominator 00:08, 5. Sep 2005 (CEST)" ------ Just, offensichtlech sinn ech ze domm fir d'Wiki-Welt. Ech sollt also "PHP's register_globals setting" ofschalten. De Rotschlag "Lued der einfach e klenge Freeware Programm" eraf ass natierlech extrem hëllefräich. --Cornischong 12:40, 6 September 2005 (UTC)

Wann ech elo soen, du kéins deer esou ee googele mat "exif delete"... --Otets 13:09, 6 September 2005 (UTC)

Ech hu gesin dat bei 1882 Referenz gemaach gin as op de "Jangli". E Bäitrag besteet nach nët. Ech hu leider och keng Informatiounen dozou, hun awer den Text vum Lidd. Lo froën ech mech op ech deen soll dropsetzen oder léiwer nët? Wär e bësse moer, oder? Myriam 14:11, 6 September 2005 (UTC)

Moien, du kanns jo scho mol ënner Chareli kucken, wat do esou steet, evtl. déi Struktur iwwerhuelen, an d'Lidd ënnen hi sëtzen (Auteur nët vergiessen!). Da bleift just nach op d'Wikiprinzip ze hoffen, dh een, dee méi weess...

--Zinneke 15:05, 6 September 2005 (UTC)

Merci fir den Tuyau, ech hun mol e bëssen eppes zesummegebastelt (a vill geknäipt), as awer nach ausbaufäheg ;-) Myriam 15:56, 6 September 2005 (UTC)

Erstaunlech[Quelltext änneren]

Salut alleguer, ech wëll just mol soen,et wonnert mech dat der all sou fläisseg sidd. Ech sin lo nach nët laang derbäi mee ech sin paff dat dat hei sou séier geet mam bäiflécken, verbesseren, an nei schreiwen (Verbesserungen bei der Rechtschreiwung si wëllkomm). Wéi gesot, ech sin PAFF Myriam 21:25, 6 September 2005 (UTC)

Sou religiéis ?[Quelltext änneren]

Sorry, ech sin et nach emol. Wisou kommen déi lescht Zäit sou vill Artikelen iwwert Kierchen, Religioun, asw? Myriam 21:42, 6 September 2005 (UTC)

E schéine gudden Owend. Du hues ganz Recht mat denger Fro, et huet den Uschäin, wéi wa mer kuerz virum kollektive Klouschterantrëtt wieren. Dat as net de Fall, soss misste mer eis jo trennen ;-)) Dat war eng Iddi, déi mer e bësse wollten ausbauen. Elo wierkt et e bësse staark. Eng Zäitchen ass och vill iwwer Brauereie geschriwwe ginn, a wie weess , wat nach kënnt. Also, keng Angscht :-)) --Cornischong 21:51, 6 September 2005 (UTC)

Merci du berougegs mech ;-)). Also sou schlëmm as et net, mee wéi s du seess, da warde mer alt of Myriam 22:02, 6 September 2005 (UTC)

A nach eng hannendrop, wat mech scho laang intresséiert huet: Wéi gesäit et dann aus mat der Religioun? Ech si Katholik, wéi as et dann bei iech? Ech fannen Religioun as hei zu Lëtzebuerg keen Thema, oder leien ech do falsch? Myriam 22:26, 6 September 2005 (UTC)

Mär hunn en Artikel "Relioun" an ee "Chrëschtentum". Den Artikel "Kathoulesch Kierch" feelt awer nach. Mee wann de Marcus an deem Tempo virufiert dann dierft et awer net laang daueren. Op der Wiki sinn déi perséinlech reliéis Iwwerzeegunge souwisou kee grousst Thema, well all Artikel neutral an objektiv soll sinn. --Otets 22:43, 6 September 2005 (UTC)

Méng Fro war och neutral ze verstoen ;-) Mol kucken wat de Marcus nach sou schreiwt, as scho beandrockend ... Respekt Myriam 22:48, 6 September 2005 (UTC)

Wann een dat hei gesäit, da mengt een, et géif nëmmen eng Konfessioun zu Lëtzebuerg. An och nëmmen eng Zort vu reléise Gebaier. Et gëtt awer vu "bal" Allem. --Cornischong 08:23, 7 September 2005 (UTC)

Mat deenen aneren ass et wéi mat eise Séien. --Otets 15:40, 7 September 2005 (UTC)

Aktualitéit[Quelltext änneren]

As déi Rubrik fir Lëtzebuerg iwwerhaapt ze maachen? Mir sin nët ze genuch, mengen ech Myriam 22:10, 6 September 2005 (UTC)

Mengs de elo eis Aktualitéitssäit? Ech updaten déi just bäi ganz groussen Neiegkeeten. Den Zinneke mécht d'Aktualitéit e wéineg méi am Detail am Artikel "2005". Fir e Wikinews-Projet ze starte wiere mer awer effektiv zu ze mann. --Otets 22:28, 6 September 2005 (UTC)

Weess och nët, z.B. am Däitschen geet dat och méi séier mat de Neiegkeeten, mee éierlech gesot brauche mer dat jo net, schliesslech kënne mer jo och Däitsch, Franséisch a meeschtens och Englesch, also wisou d'Neiegkeeten op de lëtzebuergesche Wiki schreiwen, oder leien ech do falsch? Myriam 22:35, 6 September 2005 (UTC)

Mat deer doten Iwwerleeung bréichte mer dann och keng Lëtzebuergesch Wiki, well et gëtt jo och eng op Däitsch, Franséisch, Englesch, etc. Neen, dat ass et net. De Grond ass ganz einfach datt mer net zu genuch sinn. Den Cgrev078 huet sech zwar fir d'Aktualitéit intresséiert an hätt do lassleeë kënnen, mee hee wollt direkt e Wikinews-Projet opmaachen a sech net als éischt emol mat der einfacher Aktualitéitssäit ofginn. Vu datt d'Wikimedia Fondatioun awer als Conditioun fir en neie Wikinews-Projet mindestens 5 Leit freet, déi wëlle reegelméisseg (also zesoen all Dag) do matschaffen, a mer déi net zesummekruten, hu mer elo weder e Wikinews-Projet nach eng Aktualitéitssäit un deer stänneg geschafft gëtt. Enfin, vläit ass et och besser esou, da geet wéinstens all eis Energie an Artikelen, well déi hunn e bleiwende Wäert, woubäi Neiegkeete schonn den Dag drop kee méi intresséieren. Dofir stinn op eiser Aktualitéitssäit am Moment och just déi "weltbewegend" Evenementer, déi een och spéider als Mini-Joresréckbléck nach intressant fanne kann. --Otets 23:02, 6 September 2005 (UTC)

OK schon, ech mengen och nët dat déi Aktualitéit-Säit fir Lëtzebuerg sou wichteg as (erschlo mech nët). Wat fir eis wichteg as, fannen ech,(an dowéinst och ë lëtzebuergesche Wiki) as eppes wat lokal as, also eppes wat een net onbedingt um Internet direkt iwwer Lëtzebuerg fënnt ... obwuel een haut warscheinlech emmer méi fënnt ... Also denken ech mer och dat fir eis eng Aktualitéitssäit manner wichteg as Myriam 23:09, 6 September 2005 (UTC)

d'Viviane Reding zu Alpbach[Quelltext änneren]

An enger rezenter Ried, déi d'Europäesch Kommisssarin fir Informatiounsgesellschaft a Medien, Viviane Reding, um European Forum Alpbach gehalen huet, huet se d'lb:Wiki ernimmt als Beispill fir e new move to local content and languages am Internet: D'Ried op Englesch. (vum Zinneke)

Net schlecht, net schlecht. (a Merci un den Zinneke) --Cornischong 10:12, 8 September 2005 (UTC)

Ech ka mer net hëllefen, et stéiert mech all Kéier wann ech et gesinn: Sakgaass misst dach mat engem A geschriwwe ginn, oder? Myriam 11:45, 8 September 2005 (UTC)

Du hues nees eng Kéier Recht. Looss dech domat net weider stéieren, einfach änneren. Et wäerte wuel nach Läichen am Keller leien; aus der Zäit, an deeër nach net jiddferee Lëtzebuergesch schreiwe konnt :-)) --Cornischong 12:20, 8 September 2005 (UTC)

Ech weess just net wéi ech et z.B. op der Lëscht mat de Spezialsäiten ännere soll Myriam 12:34, 8 September 2005 (UTC)
Ech hunn d'Ännerung elo grad gemaach. D'Spezialsäite kënnen nëmme vun Adminne g'ännert ginn ;-) --Zinneke 12:57, 8 September 2005 (UTC)


Voting on a minority language Wikipedia[Quelltext änneren]

Hello everybody.

I would like to ask everyone to vote at this poll: http://meta.wikimedia.org/wiki/Proposal_for_Sinitic_linguistic_policy#Vote_-_.E6.8A.95.E7.A5.A8 as it is of immediate concern to the friends of minority languages everywhere. --24.251.198.251 11:31, 10 September 2005 (UTC)

Do ka net jidderee matstëmmen, mee just déi, déi och Chineesesch mat sengen Ënnerdialekte kënnen, well ee soss net en connaissance de cause un deer effektiv relativ schwiereger Diskussioun derfir oder dergéint kann deelhuelen. Souwisou, ween derfir ass, dee schreift sech u sech och automatesch an, am jeweilege chineeseschen Dialekt matzemaachen - an dat dierft wuel déi mannsten lb-Wikipedianer betreffen. --Otets 18:08, 13 September 2005 (UTC)

Boten, déi eis feelen[Quelltext änneren]

Aus dem Wikipedia-Kurier: "Kleine Spannungen zwischen der italienischen und spanischen Wikipedia Die italienische Wikipedia hat die spanische überholt. ....Für den plötzlichen Vorsprung sorgte ein Bot, der 8000 neue Artikel anlegte – ironischerweise über alle Gemeinden Spaniens. :-))) --Cornischong 23:54, 10 September 2005 (UTC)

War dat just zur Informatioun oder wëlls de esou een och bäi eis? --Otets 18:01, 13 September 2005 (UTC)

Biller op Commons[Quelltext änneren]

Moien! (Ab jetzt auf Deutsch...) In den letzten Wochen wurden bei euch viele schöne Bilder aus Luxemburg hochgeladen, aber leider nicht bei Commons. Deshalb sind sie nicht direkt in der deutschen und in anderen Wikipedias nutzbar. Könntet ihr bitte auf der Upload-Seite darauf hinweisen, dass freie Bilder (GFDL, CC-BY(-SA), Public Domain, ...) bei Commons besser aufgehoben sind? (Vgl. den Hinweis in der deutschen Wikipedia). Merci! --Langec 10:12, 12 September 2005 (UTC)

Neen. Déi offiziell Haltung op der lb-wiki ass déi, datt et jidderengem selwer iwwerlooss soll sinn, op e seng Biller op Commons setze wëll oder net. Wann elo een en lb-Bild och op enger anerer Wiki benotze wëllt, da kann en dat ouni Problemer mat engem lokalen Upload bäi deer Wiki maachen (natierlech mat Indikatioun vu Source a Lizenz). A wee mengt, lb-Biller wieren esou gutt, datt se onbedingt och missten op Commons stoen, dee ka se jo selwer dohi setzen, virausgesat d'Lizenz vum Bild erlaabt dat (wat awer net ëmmer de Fall ass). --Otets 18:00, 13 September 2005 (UTC)


Wikipedia Science Festival Projet vum LinuxDays Team.[Quelltext änneren]

D'LinuxDays Team ass 2005 op dem Science-festival present fir de Kanner d'Philosophie vun der fräier Software méi no ze bréngen. Et gëtt e puer Ateliere mat ënner anerem een iwwert "Wat ass fräi Software". An dem Kontext wëlle mer d'Wikipedia benotze fir de Gedanke vun der Fräiheet méi anschaulech eriwwer ze bréngen. Fir dass dat och bei de Kanner ukënnt wollte mer während dem Science-festival een Artikel zesumme mat de Kanner opstellen. D'Idee ass einfach den "Science-Festival" ze beschreiwen, ze erkläre wat dat ass, wou deen hier kennt asw.

Elo wëlle mer wëssen ob et do vun der bestehender Wikipedia-Kommunautéit iergendwellech Bedenken, Kommentaren oder Ureegungen zu dësem Projet ginn.

Merci am viraus.

Gudde Moien. Ech weess leider net genee Bescheed, wat et mat dem "Science-festival" op sech huet. Wéi ech dat elo verstanen hunn, ass dat eng ganz flott Iddi!!! Ass et méiglech eis dat méi no ze bréngen? Gëtt et e Link op méi Infoen? Wéi stell där äech dat an der Wiki vir? Merci op alle Fall fir Bescheed gesot ze hunn. Een oder méi Artikele mat Kanner opzestellen ass op jiddfer Fall eng famous Iddi!! An: Wou a wéini ass dee Festival?? Wann et no mär geet, wäerte mer och en Artikel iwwer de Festival selwer bréngen. --Cornischong 09:19, 19 September 2005 (UTC)

Moien!
Soulaang d' Linuxen eis nët d'Liewe schwéier man, andeems se Fotoen aus Artikelen mat antarkteschem Geflijel "traffikéieren" (wéi virun e puer Méint geschitt) hunn ech do keen Awand ;-) Sujetën, iwwer déi et nach ze schreiwe gëtt, ginn et der jo méi wéi genuch! Gär kann dat och eppes méi Allgemenges sinn wéi dee Festival - et gëtt secherlech Themen, wou Kanner sech genuch auskenne, fir emol en Ufank vun engem Artikel ze man. Da ka gär spéider "ee vun deene Groussen", wann éideg, dat e bësse vervollstännegen. Méi Bouf (9 Joer) ass z.B. ganz houfreg, dass en an der (franséischer) Wiki en Abschnitt iwwert den Harry Potter geschriwwen huet. --Zinneke 09:25, 19 September 2005 (UTC)
Sou, lo hunn ech mech mol informéiert iwwer de Science Festival (et war och Zäit ginn). Dat ass eng ganz interessant Saach. Et wier flott wa mer endlech (!) en Artikel kriten iwwer de "Science Festival", wann Ee vum Fach sech géif ëm eisen "Linux"-Artikel këmmeren, wann Een iwwer "Linux zu Lëtzebuerg" eppes géif schreiwen, wann dat mat de "Kanner-Artikelen" géif rullen. Ech freeë mech drop. Mee: Sot eis w.e.g. awer mol Bescheed, wéi där äech dat virstellt. Merci am Viraus. --Cornischong 09:43, 19 September 2005 (UTC)

Re Moien als (nach) net ageschriwenen User,
Ech haat net dermat gerechent dass hei esou fill aktiviteiet ass :-)
Also hei e bessen mei info iwert dat wat mer um Science-Festival wellen maachen. Eisen Atelier ass Fr. 28 Oktober de ganzen Dag an mer schätzen dass 4-5 Gruppen vun 20 Kanner (Schoulklassen) kommen.

  1. mir maachen 3 Atelieren (mat 6-8 Kanner).
    Iwwer e Roulement mecht all Ennergroup och all Atelier.
    1. zwee dofun sinn Software Atelieren (GPL-Baseiert)
      • WebCam steierung iwert ee Schrettmotor vum parallelport aus programmeiert
      • Ee Laafliecht (Disco) och iwert den Parallelport programeierbar.
    2. deen dretten Atelier soll wei gesoot d'Philosophie vun der fräier Software mei no brengen.

Well d'Philosophy vun der fräier Software an mengen Aaen relative ähnelch zu der vun dem fräien Informatiounsaustausch ass hunn mer eis geduecht et wir fir Kanner (an net nemmen fir Sie) méi einfach déi Philosophy ze verstoen wann mer hinnen dat an form vun dem Wikipedia geifen weise kennen.

Fir Kanner ass et am Allgemengen wichteg dass se selwer eppes kenne maachen doweisnt d'Idee een Artikel ob den Wikipedia ze setzen. D'Idee war eben grad den als thema vun dem Artikel den Science-Festival ze huelen well dat eng interessant Sach ass déi, denken ech, um Wikipedia (Lux) net falsch ob der Platz ass.

All Ennergroup vun de Kanner huet no enger klenger Introductioun em waat et Get d'meiglechkeet den Inhalt vun deem Artikel ze gestalten, ze änneren, Saachen derbei ze setzen asw. Dat soll hinnen et mei no brengen wei am Allgemengen an der Kommunautéit eppes kann entstoen an dass et emmer muss Leit ginn déi sech inwesteieren fir dass och eppes entsteht. Dass et ob der aner Seit awer och fir jidereen meiglech ass an enger fräier Kommunautéit mat ze maachen an dat net onbedingt ganz Komplizeiert ass.

Nach eng Fro: solle mer jeweils een login maachen fir all grupp oder ass et mei einfach an dem Fall ouni login ze schaffen an nemmen een fir d'organisatiounsteam ze maachen.

158.64.4.14 15:23, 19 September 2005 (UTC)
Et ass méi praktesch datt all Grupp sech ënner "hirem" Numm alogge kann (mengen ech). Da ka jiddereen sech selwer an deem Ganze "virstellen". Sou als Nummer (wéi mer et hei ze dinn hunn mat dem "158.64.4.14" ass zimmlech friem ;-). Wie wëll haut eng Nummer sinn!? Et stéiert jo net, wann all Grupp hiren Num huet (oder esou änlech). Prinzipiell gesinn ech dobäi guer kee Problem. An et ass jiddferengem gehollef. Esou léieren d'Kanner d'Wiki kennen a kënnen ënner Ëmstänn "doheem" weiderfueren. Nach eng Kéier, et wier mer ganz léif, wann s de dech selwer géifs aloggen, mat all deenen Nummeren weess een op eemol net méi mat wiem een et ze dinn huet. Et kascht jo näischt. Merci. Wann nach eppes ass, da so Bescheed. --Cornischong 17:09, 19 September 2005 (UTC)
Ok Ok ech hunn mech jo schon ageschriwen :o). Meng Bedenken sinn eigentlech eichter an d'Richtung gaang dass dat jo evtl. nemmen eemolech User sinn déi dann herno net meigebraucht ginn an just nach als Leisch ronderemm henken. Ech wees net ob dat um wikipedia egal ass wann esou leischen existeieren.
An dann hunn ech nach eng Froo: an der FAQ schreif der vun der GFDL. Ech hun d'lescht gelies [link http://creativecommons.org/weblog/entry/4289], dass d'Wikipedia och d'Creative Commons geif ennerstetzen. Wat huet et domat ob sech? Et keint interessant sinn well am moment zu Lëtzebuerg verschidden Administratiounen hiren Web-Kontenue ennert CC gesaat hunn [1]. Ech well nämlesch och bei dem Naturmüsee an dem FNR dei den Science-Festival organiseieren nofroen weiweit mer informatiounen vum Flyer bzw. Web-Site einfach kennen benotzen fir ob de Wikipedia ze setzen well dei Info dann jo ennert der GFDL steht. Dat ass secher och een Thema fir de Logo vun dem Science-Festival asw. --Georges Schutz 06:22, 20 September 2005 (UTC)
Moie Georges. Merci fir däin Aschreiwen. De "Risiko" vun eemolege User ass ëmmer ginn. Deeër Läiche schwamme schonns eng Onmass drëmmer. - Deng Fro zu der GFDL ass vill méi komplizéiert. Mer hunn am Moment (an dé aner Wikien och) domat vill Onkloerheeten. Ech sinn a Kontakt mat e puer Wikipedianer fir méi kloer ze gesinn. Iwwregens fannen ech den "originalen engelschsproochegen" Text zu der GFDL een eenzegt Getriwwels. Mer mussen awer domat liewen. De Logo hunn ech emol hei an dcen Artikel gesat als eng Zort "fair use", eppes wat an der engl. Wiki dacks gebraucht gëtt, an der däitscher allerdéngs ni. Déi Fro stell sech all Kéiers, wann s de hei am Land iergendee material fress, fir heidran anzepaken. Mär halen eis um Lafenden. --Cornischong 09:46, 20 September 2005 (UTC)

Iwwer Biller an Usiichten[Quelltext änneren]

Aus der lëtzebuergescher Wikipedia: „Wikipedia:Biller“ Copyright „Generell setzen d'Wikipedianer hir Biller ënnert d'GFDL Lizenz, mee der kënnt awer och e Lizenztext opsetzen, an deem der z.B. just den net-kommerzielle Gebrauch vun ärem Bild fräigitt.“


Aus der däitscher Wikipedia: „Hochladen“ „Nutzung: Es muss erlaubt sein, dass jeder die Datei ungefragt und ohne Einschränkung verwenden darf. Es muss jedem erlaubt sein, die Datei ungefragt auch kommerziell verwerten zu dürfen. Eine Verwertungserlaubnis nur für die Wikipedia reicht daher nicht.“

Ech gesinn dertëscht en eklatante Widdersproch!!! Wat mengt wien??? --Cornischong 14:11, 12 September 2005 (UTC)

Do verstinn ech eppes net, soll awer GFDL Lizenz och de kommerzielle Gebrauch vun de Fotoen erlaben, dann hun ech geschter den 11 September déi lescht Foto, déi ech gemaat hun, op d'Wiki gelueden. Johnny Chicago 15:20, 12 September 2005 (UTC)

Wéi et ausgesäit, mussen all d'Biller op der de-wiki och kommerziell verwäert kënne ginn, soss däerf ee säi Bild do net eroplueden, respektiv et gëtt erëm geläscht. Déi selwecht Meenung huet de Jimbo Wales och op der en-wiki vertrueden. A priori heescht dat awer net onbedingt, datt och mär eis dorunner hale mussen, well den Jimbo kann dat guer net eleng decidéieren, dat ka just de Board of Trustees vun der Wikimedia Foundation. Dofir hunn ech virun e puer Minutten bäi engem Member vun deem Rot nogefrot. Soulaang mer nach gedëlleg op eng offiziell Äntwert woarden, brauch kee preventiv seng Fotoen ze läschen. --Otets 18:00, 13 September 2005 (UTC)

Ech krut eng Äntwert. Am Kloertext: Et gëtt keng generell Reegel déi et eis verbidde géif, Biller mat enger Lizenz, déi dëse Biller hire kommerzielle Gebrauch verbitt, weiderhin eropzelueden an op der lb-wiki ze halen. Dës Lizenze sinn dës weidere komplett legal an et ka keen esou e Bild op eng aner Wiki oder op Commons setzen an eegemächteg d'Lizenz op GFDL änneren. An anere Wierder: am Moment gëtt et guer kee Grond zur Opregung oder zum Läsche vun iergendwelche Biller, well vum Rot kréie mer just aus diverse Grënn nogeluecht, eis Biller ënnert GFDL ze verëffentlechen, mee et gëtt keen Zwang fir een, deen dat definitiv net wëllt. --Otets 20:23, 13 September 2005 (UTC)

We've never published any policy on this[Quelltext änneren]

Et ass net oninteressant fir der Benotzerin Angela hir "personal feeling is that these should not be tolerated in any project." hei däerfen ze liesen. Ech erënneren drun, dat hei am "Wikipedia:Biller" da hei steet: "mee der kënnt awer och e Lizenztext opsetzen, an deem der z.B. just den net-kommerzielle Gebrauch vun ärem Bild fräigitt." Hei gëtt de Jimmy ernimmt "Jimbo's statement was directed at the wikien mailing list rather than more generally." Den Otets, dee frëndlecherweis "eng offiziell Äntwert" wollt, kritt doropshin (personal feeling) perséinloech Gefiller matgedeelt. An deem Artikel, deen d'Angela eis uréit ze liesen steet ënner Anerem "free content sites like Wikipedia explicitly allow and encourage commercial use." Ier ech och mäi "personal feeling" ausdrécken, wollt ech mol deenen Aneren hir Meenung dozou matkréien. Villäicht sinn ech och net grad an der "Stëmmung", well ech gëscht nach de Plaiséier hat, eis ganz Wikipedia op enger polnescher Roffsäit ze fannen, natierelch ouni en Hauch vun Indikatioun wouhir dat Ganzt iwwerhaapt kéim. Kuckt et léiwer selwer: http://lb.efactory.pl/index/Ki --Cornischong 20:44, 13 September 2005 (UTC)

Majo, mer maache viru wéi bis ewell, just op "Wikipedia:Biller" encouragéiere mer keng -NC Lizenze méi (awer mer verbidde se natierlech och net). Wat déi uewe genannte polnesch Säit ugeet, déi ass an der Rei, well déi indikéiert explizit, wat d'Source ass an datt de jeweilegen Artikel ënnert GFDL steet (cf. Këscht lénks am Rand). --Otets 21:03, 13 September 2005 (UTC)

"Dee ganze Contenu ënner GFDL". Da verstinn ech "net méi Alles", well do si mindestens e puer Biller dran, déi 1. net ënner GFDL stinn an 2. déi stipuléieren datt den Auteur ugi gëtt (dat awer guer net de Fall ass) . --Cornischong 21:12, 13 September 2005 (UTC)

Fotoen ware keng bäi menger virëschter Stéchprouf dran (déi an enger Tabell schéngen nämlech all ze feelen). Ech sträichen also den "total", well vu datt de betraffenen Artikel direkt als Source ugi gëtt, kann ee jo wéinstens nach am Artikel selwer déi jeweileg Foto uklicken an dann hir Source gesinn (d'Fotoe si just "embedded"). "Dee ganze Contenu" hunn ech och präziséiert als "de jeweilegen Artikel", well d'Fotoe sinn an dësem wuertwiertlechen Zitat net matgemengt. --Otets 21:40, 13 September 2005 (UTC)

Äntwert vum "Jimbo" Wales[Quelltext änneren]

Noncommercial images are non-free. They are absolutely forbidden in all Wikimedia projects. This has always been the policy and will always be the policy. They should be deleted promptly.--Jimbo Wales 21:31, 13 September 2005 (UTC)

Dat war mech mech däitlech genuch. --Cornischong 21:59, 13 September 2005 (UTC)

Jo, dat war effektiv däitlech. Mee weder an deer kuerzer Zäit praktikabel, nach op eng generell "written policy" gestëtzt (oder huet d'Angela do erëm eppes falsch matkritt?). Egal, ween nach ni eng Foto ënnert -NC Lizenz gestallt huet däerf elo deenen aneren hir alleguerten duerch Commons-Biller ersetze goen. Enfin, déi eenzel Auteure sollte wéinstens e Message kréie mat enger Lëscht vun alle betraffene Biller, fir datt se eng méi extensiv a fräi Lizenz kënne ginn, wa se da wëllen. Dat gëtt nach flott, awer definitiv. Oder mer plënnere mat der lb-wiki op en anere Server, deen net der Wikimedia Foundation ënnersteet. Oder och net. --Otets 22:34, 13 September 2005 (UTC)

Ech hat nach déi Biller vergiess, déi keng Lizenz hunn, déi keng Source hunn an déi ënner Fair use stinn. Well soss komme mer eventuell net op e Läschungstaux vun 90%, an dat wier jo awer schued. --Otets 22:42, 13 September 2005 (UTC)

Fir déi lescht "pointe" net ze verpassen, kopéieren ech der Angela hire (bis elo) leschte Rotschléi (I would advise) heihinner:
There's a difference between being prompt and being rash. (Déi Fra schwätzt mer aus dem Häerz.) Image deletion is not reversible, so I would advise caution in checking the license of all images that are to be deleted. Listing them for a week (or however long your deletion process normally is) will give people a chance to ask the author to relicense, to find alternative images, and to ensure that GFDL images are not deleted. I don't think Jimmy's claim that they should be deleted promptly meant they are candidates for speedy deletion with no verification first that they really should be deleted. Angela 23:06, 13 September 2005 (UTC)

Ee Virdeel huet dem Här Wales seng Ausso: Se ass däitlech. No dem Getuddels vun "we've never published any policy on this" . "and will always be the policy" Amen. --Cornischong 00:03, 14 September 2005 (UTC)

Ganz dermat d'accord, datt d'Angela net grad ëmmer hëllefräich war mat sengem Mengen a sengem hannert seng Wierder goen. De Jimbo war do effektiv méi däitlech, mee wéi gesot dirigéiert heen d'Wikimedia Foundation net méi eleng an och heen huet net vu vireran ausgeschloss, datt déi eng oder aner -NC Lizenz op Nofro nach kéint vum Auteur selwer an eng GFDL Lizenz ëmgewandelt ginn. Dat ëmgedréintent awer, GFDL-Biller nodréilesch ënnert eng méi restriktiv Lizenz setzen, geet net (ausser mat Dedommagementer an deers Gedeessëms). Läsche kanns de och keng vun denge GFDL-Biller (ausser mat Dedommagementer an deers Gedeessëms). Méi wéi d'Halschent vun den hënt geläschte Biller waren awer GFDL-Biller. Rash? --Otets 00:47, 14 September 2005 (UTC)

There's a difference between being prompt and being rash. Image deletion is not reversible, so I would advise caution in checking the license of all images that are to be deleted. Listing them for a week (or however long your deletion process normally is) will give people a chance to ask the author to relicense, to find alternative images, and to ensure that GFDL images are not deleted. I don't think Jimmy's claim that they should be deleted promptly meant they are candidates for speedy deletion with no verification first that they really should be deleted. Angela 23:06, 13 September 2005 (UTC)

Halen déi eis fir Aarschlächer?? (fir et emol frëndlech auszedrécken) --> an der franséischer: Catégorie:Image Non Commercial . Kanns de weg dat Bëttschel emol froen, wat déi Säit (an déi ass net vun haut a gëscht!!) soll. Merci. --Cornischong 19:09, 14 September 2005 (UTC)

Wann deng eenzeg Aktioun ass, fir mech bei der Angela ze beschäissen, 57 % vun deene Fotoen, déi ech geläscht hunn, wiren GFDL, da wäert sech hoffentlech nach eraustellen ob dat sech aoll gelount hunn. Ech iwwerloossen där dann déi aner fir ze läschen, an zwar déi mat der "net-kommerziell" Mentioun. --Cornischong 19:24, 14 September 2005 (UTC)

Ech froen och nach an der Wiki Media no, wéi dat mat den Honnerte Fotoen ass, déi an der franséischer Wikipedia ënner dëse Kategorien ze fanne sinn: "Catégorie:Image Non Commercial" (dat sinn iwwer 600 Fotoen!!!); "Catégorie:Image non réutilisable"; "Catégorie:Image CC-BY-ND-NC" ; "Catégorie:Image non libre" an esou weider. Ah, do fält mer nach e Bild op: "Image:Beauraing JPGr1.jpg" an als Lizenz steet do: "Image sous copyright - L'auteur autorise systématiquement l'utilisation de l'image à condition que son nom (Jean-Pol Grandmont) soit cité et que celle-ci ne serve pas à un usage commercial. / Non free images - The author gives permission to use them only by citing her name (Jean-Pol Grandmont) and for non comercial purposes." --Cornischong 22:19, 14 September 2005 (UTC)

Alles heihin[Quelltext änneren]

Use of noncommercial-only images Since the goal of Wikimedia is to provide free content, and -NC licenses are not free, my personal feeling is that these should not be tolerated in any project. However, this is only a statement by me, not by the Wikimedia Foundation. We've never published any policy on this, and Jimbo's statement was directed at the wikien mailing list rather than more generally. I would encourage you to discuss this within your community, since my own interpretation is that these images are not allowed on Wikimedia at all, but there is no formal policy stating this. For reasons why the -NC licenses are harmful, please read this article by en:User:Eloquence. Please consider alternatives to just deleting these images. Are the original authors contactable? Can you ask them to relicense their work under a free license? Are alternative images available on the commons: that you could replace them with? Angela 19:56, 13 September 2005 (UTC)

Please see en:User talk:Angela since Jimmy has responded there. Angela 21:44, 13 September 2005 (UTC) Suite an Interpretatioun dovunner stinn um Stamminet. --Otets ♣ 20:48, 13 September 2005 (UTC)

There's a difference between being prompt and being rash. Image deletion is not reversible, so I would advise caution in checking the license of all images that are to be deleted. Listing them for a week (or however long your deletion process normally is) will give people a chance to ask the author to relicense, to find alternative images, and to ensure that GFDL images are not deleted. I don't think Jimmy's claim that they should be deleted promptly meant they are candidates for speedy deletion with no verification first that they really should be deleted. Angela 23:06, 13 September 2005 (UTC)

Halen déi eis fir Aarschlächer?? (fir et emol frëndlech auszedrécken) --> an der franséischer: Catégorie:Image Non Commercial . Kanns de weg dat Bëttschel emol froen, wat déi Säit (an déi ass net vun haut a gëscht!!) soll. Merci. --Cornischong 19:09, 14 September 2005 (UTC)

Wann deng eenzeg Aktioun ass, fir mech bei der Angela ze beschäissen, 57 % vun deene Fotoen, déi ech geläscht hunn, wiren GFDL, da wäert sech hoffentlech nach eraustellen ob dat sech aoll gelount hunn. Ech iwwerloossen där dann déi aner fir ze läschen, an zwar déi mat der "net-kommerziell" Mentioun. --Cornischong 19:24, 14 September 2005 (UTC)

Ech froen och nach an der Wiki Media no, wéi dat mat den Honnerte Fotoen ass, déi an der franséischer Wikipedia ënner dëse Kategorien ze fanne sinn: "Catégorie:Image Non Commercial" (dat sinn iwwer 600 Fotoen!!!); "Catégorie:Image non réutilisable"; "Catégorie:Image CC-BY-ND-NC" ; "Catégorie:Image non libre" an esou weider. Ah, do fält mer nach e Bild op: "Image:Beauraing JPGr1.jpg" an als Lizenz steet do: "Image sous copyright - L'auteur autorise systématiquement l'utilisation de l'image à condition que son nom (Jean-Pol Grandmont) soit cité et que celle-ci ne serve pas à un usage commercial. / Non free images - The author gives permission to use them only by citing her name (Jean-Pol Grandmont) and for non comercial purposes." --Cornischong 22:19, 14 September 2005 (UTC)

Iwwer Schläim a geleschte Biller[Quelltext änneren]

"I confirm that the most active image contributors of the lb-wiki are currently retrieving even their GFDL-images (on purpose, not by mistake). So losing 50% of our images in just one night reveals to have been an understatement. Intervene directly if you want, as my voice is currently not heard anyway by my sysop colleague. --Otets 23:51, 13 September 2005 (UTC) Up to now, we lost already about 6.5% of all our images. About 57% of these deleted images were published under GFDL, but retrieved on purpose but its contributor/sysop. On small wikis one wrong word can have fatal consequences - please liaise directly with the relevant sysop, as tomorrow I will unfortunately not be available and I ignore whether our third sysop will be around. --Otets 00:32, 14 September 2005 (UTC)

Hei gëtt net mat halwe Lige geschafft !!![Quelltext änneren]

"the most active image contributors ... are currently retrieving even their GFDL-images (on purpose, not by mistake": Ëm wie geet et hei??? Soll do den Johnny Chicago mat duerch de Bulli gezu ginn??? - "Intervene directly ...": Soll dat eng Opfuerderung sinn, dee béise Cornischong op de Fouss huelen ze loossen vun der Madamm Angela?? - " About 57% of these deleted images were published under GFDL,": Huet do ee Statistik gefouert iwwer déi 57%. Wou ass se?? - Gesinn ech eleng hei eng perfid Manéier fir mech moralesch op d'Maul ze haen oder ëm wat geet et?? Firwat ginn déi aner Biller ouni Lizenz net geläscht?? Dat sinn emol déi éischt Froen??? --Cornischong 22:56, 14 September 2005 (UTC)

Behaaptungen[Quelltext änneren]

I confirm that the most active image contributors of the lb-wiki are currently retrieving even their GFDL-images (on purpose, not by mistake.So losing 50% of our images in just one night ....

Bei esou Behaaptungen verlangen ech Beweiser. Wéini war daat, a wien war daat. Ech erlabe mer déi Froen ze stellen, well vu mir iewel e puer honnert Prozent méi Fotoen an der Wiki sinn ewéi vun deem dien déi Behaaptungen do opstellt.

A wien hat dann des Lizenz opgestallt ? Dëst Bild ka fräi benotzt ginn, ënnert de Conditounen datt et fir net-kommerziell Zwecker ass, datt den Auteur mentionnéiert gëtt, datt all weider Reproduktioun, Representatioun oder Verännerung vun dësem Bild och ënnert dëser Lizenz steet an datt dës Lizenz integral am Zesummenhang mam Bild zitéiert gëtt.

Johnny Chicago 23:18, 14 September 2005 (UTC)

Et ass scho bal mat Amusement ze beobachten, datt den Jimbo Aussoe maache kann, déi verschiddene komplett géint de Strich ginn, mee amplaz sech bäi deem richtegen ëm de Sujet selwer ze këmmeren, gëtt all Onmutt op mech kanaliséiert, opgrond vun dëser oder deer Präsentatioun vun deem wat effektiv gelaf ass. Soit. Well jo anerer méi Mériten hu wéi ech, ginn ech da gären no a loossen d'Mériteleit de ganze Billerbuttek eleng maachen. Ech loossen der do an deem Beräich (a waarscheinlech och an aneren) jo anscheinend eng no deer anerer kommen an d'Méritenträger ni, well se jo per Definitioun Mériten hunn. Dofir ass et also effektiv besser ech iwwerloossen dat Feld deenen, déi dat besser kënnen.

Elo zu de Virwërf selwer. D'Statistik ka jiddereen nopréiwen duerch nozielen. Vu moraleschem Hummer ka keng riets sinn, mee just vu Konsternatioun, datt och nodeems ech dem Cornischong op senger Diskussiounssäit an um Stamminet geschriwwen hunn, datt e seng GFDL-Biller rechtlesch gesinn net ouni weideres defintiv aus dem Verkéier zéie kann duerch läschen, trotzdem a groussem Stil GFDL-Biller läscht an domat, ongeschéint gesot, Admin-Muechtmëssbrauch/Vandalismus bedreift (jo, d'Rechter un denge Biller hues du der Allgemengheet ofgetrueden, och wann s de nodréilech net méi frou doriwwer bass) - datt ech do als Deel vun der Allgemengheet concernéiert sinn an nodeems meng verbal Interventioune komplett ignoréiert goufe gemengt hunn, d'Angela géif intervenéiere fir do ze vermëttele wou ech perséinlech kee Gehéier fonnt hunn, dat loossen ech mer op deem Punkt wou mer dee Moment scho waren net virwerfen. D'Biller ouni jeglech Lizenzindikatioun goufen an der Vergaangenheet net all direkt geläscht, well ë.a. op eng spéider Regulariséirung vun deer Situation gesat gouf (mee dat weess de Cornischong am Detail besser ewéi ech) - iwwer d'Zukunft kann ech näicht soe well ech, wéi uewen erkläert, nach net genuch Artikele geschriwwen a Fotoen eropgelueden hu fir mech do weider anzeméchen. Wann de Cornischong vill vu senge GFDL-Biller an 1-2 GFDL-Biller vum JC geläscht huet, hunn ech gemengt op deer Grondlag dem Angela eis effektiv net ondramatesch Situatioun vereinfachent duerzeleeën, fir datt se gesäit, datt dem Jimbo seng Ausso op eis kleng Wiki net adaptéiert war - wann ech natierlech am viraus gewosst hätt, datt dem Angela eis Wiki souwisou méi oder wéineger egal ass an datt ech riskéieren der bäi all Bléist déi ee sech gëtt wann ee sech fir d'lb-wiki asetzt op d'Pans ze kréien, dann hätt ech natierlech net nëmmen all Dramatiséieren an Opbausche fir eppes fir d'lb-wiki ze negociéieren oder kloerzestellen oder ze erbiedelen oder wéi och ëmmer gelooss, mee mech iwwerhaapt aus allem erausgehalen (wee sech zu deer anonymer Grupp vu "most active image contributors" zielt, kann dem Angela jo schreiwe wéi alles wierklech war - mee net vergiessen him d'Virgeschicht ze rappeléieren, well ech hunn et esou stoe wéi wann d'Angela d'gesamt Existenz vun der lb-wiki mëttlerweil schonn nees verdrängt hätt). Den Auteur vun der uewen zitéierter Lizenz sinn ech, an zesumme mat enger 600 Fransouse stinn ech dozou - wat soss mat deer Fro insinuéiert soll gi weess ech net.

D'Selwzerräissen an Zäite vu Problemer déi eis all uginn a wu mer besser hätten, a Rou eis nach méi enk zesummenzeschweesse wier domat fir mech vum Dësch a fir en Dessert stinn ech aus reng praktesche Grënn net méi zur Verfügung (elo geet et op de Juck). --Otets 02:11, 15 September 2005 (UTC)

Iwwer de Fall vun Engem, deen "a groussem Stil GFDL-Biller läscht an domat, ongeschéint gesot, Admin-Muechtmëssbrauch/Vandalismus bedreift" an deen net well hunn, datt Metadaten vu Fotoen, déi hien eropgesat huet, sollen an de Reider hänke kommen.[Quelltext änneren]

Iwwer d'Metadaten[Quelltext änneren]

Wien zu der "deer anonymer Grupp vu "most active image contributors" gehéiert, wäerte mer nach gesot kréien. Ausser deene munnegen Fotoe mat der "net kommerziell"-Lizenz, déi jo no der Ausso vum Jimmy Wales "absolut verbuede" sinn, hunn ech nach e puer Fotoe mat "GFDL" Lizenz erausgeholl, an derbäi geschriwwen, datt se ersat wäerte ginn (!!!), well ech net well, datt bei Fotoen, déi ech eropgelueden hunn, d'Metadaten, zum Deel nogréiglech (!!!!), verëffentlecht ginn! Nach eng Kéier, ECH wëll net datt vu Fotoen, déi ech eropgelueden hunn d'Metadate sollen op d'Wäaschléngt gehaange ginn. Wat fir e Fotoapparat ECH hunn, mat watfirenger Software ech meng Fotoe "behandelen", wéini ech meng Fotoen ophuelen geet iwwerhaapt KEEN eppes un. Mär wäerten eis jo bewosst sinn, datt an de Metadaten och d'Serienummer vum dem Fotoapparat ass, mat deem d'Fotoe gemaach si ginn!!!! Ech wäert an d'Zukunft a deene Fotoen, déi ech eroplueden, d'Metadate läschen aus deenen ernimmte Grënn. Mer sollen eis alleguer bewosst sinn, datt d'Metadaten vun alle Fotoen mat eropgeluede si ginn. Wann d'Wikimedia Foundation et neierdéngs fir néideg fënnt, fir déi Privatdaten ze verëffentlechen, ka jiddfereen dorops reagéieren. Dat schéngt en Thema ze sinn, iwwer dat sech net jiddfereen Gedanke gemaach huet. An der GFDL geet doriwwer mat kengem Wuert Rieds!! Wann een eng Foto eroplued, stellt en se der "Welt" zur Verfügung, awer d'Metadaten gi keen eppes un. Rechtlech gesinn geet et do ëm Privatdonnéeën a mer musse waarden, bis datt dat juristesch gereegelt ass. (Dat kéint awer nach e bëssen daueren). Ech hat dat Thema iwwregens schonns hei zur Sprooch burecht, wéi ech op der Sich war fir eng Méiglechkeet ze fannen, déi Metadaten aus de Fotodateien ze läschen, wa méiglech ier se eropgeleude ginn!! Ech weess och nach, wie mer e gudde Rot ginn huet: De Markus iwwer de GIMP, deen awer menges Wëssens keng Funktioun dafir huet, den Otets, dee mer geschriwwen huet fir e klenge Programm erafzelueden, watfireen krut ech awer net verroden. D'Undeitung, fir ënner engem Stéchwuert ze googelen, huet mech leider net weiderbruecht. Elo hunn ech e Programm fonnt, deen dat meécht. Iwwregens, de Photoshop an alle Formen huet déi Funktioun net! Dat war ee Problem.

Moie Cornischong, ech probéieren, wann ech Zäit kréien, déi ganz Diskussioun och eng Kéier duerchzeknaen a "mäi Pefferkäer", wou néideg, bäizesetzen. Mee hei hätt ech emol eng einfach Fro: Kinnst De wegl. den Numm an d'Adress vun deem Programm heihisëtzen? Ech fannen nämlech och, datt et kee Mënsch interesséieren däerft, wat fir eng Hellechkeetkorrektioun am xy-Beräich ech zu wat fir engem Datum gemaach hunn, an et keen eppes ugeet, wat fir eng Seriennummer mäi Fotosappartat huet. --Zinneke 08:11, 15 September 2005 (UTC)

Iwwer "eis" Fotoen an hir Lizenz[Quelltext änneren]

Wann ech déi "ominös" GFDL Lizenz liesen (vun deeër nëmmen dén engleschen Text "offiziell" ass) hunn ech Problemer. All Mënsch, mat deem ech Rieds hat, huet mer "verroden", datt hien den Text och net "verstanen" huet. An der säitscher Wikipedia daueren d'Diskussiounen schonns Méint. D'Fransouse si méi pragmatesch, déi hunn zuguer e puer Kategorien (dovun eng mat méi wéi 600 Fotoen!!) mat der Oplëschtung vun hire Fotoen, déi eng Lizenz hunn, déi der GFDL-Lizenz total widderspriechen, no der Opfaassung vum Jimmy Wales, deen sech op der Diskussiounssäit vun der Angela dozou "geäussert" huet, an zwar op eng onmëssverständlech Manéier.

Wéi geet et mat eise Fotoe weider[Quelltext änneren]

Entweder hale mer eis un dee graffe Kommando vum Grënner an ieweschten Zampano vun alle Wikipedianen, a mer kucken (wéi an der däitscher Wikipedia) fir eis genee un d'Consignen ze halen (an esou d'Lizenze vu ville vun eise Biller z'ännenren; Läsche vun deenen ouni "gëlteg" Lizenz an Eropluede vun neien, oder villäicht Ännere vun de Lizenzen) ODER: Déi pragmatesch Manéier vun de Fransousen "adoptéieren" a sech £5$*& vun deem ganze Lizenze-Gedéngels. Iwwregens stoung iwwer e Joer ewech an eiser "Gebrauchsanleitung" eng falsch Informatioun, nämlech, datt mer d'Klausel vun dem "net kommerziellen" däerfe gebrauchen; dat war (deemno wéi dat weidergeet eng onglécklech Saach! Sou lästeg och dat Ganzt ass: Mer mussen eis entscheeden, wéi mer domat solle weiderfueren.

Et gi méi flott Saachen[Quelltext änneren]

Et gi méi interessant Saachen, wéi sech mat de Lizenzen ze zerbalegen. Mee leider sti mär net eleng do mat eiser klenger mee renger Wikipedia. Ech ginn dervun aus, datt déi meescht sech ëm d'Artikele këmmere wëllen an net ëm dat Gedeessems, mee do geet et ëm méi. Ech well net hunn, datt d'Wikimedia eis sollt d'Waasser zoudréine kënne wéinst de Lizenzen.

Mer missten eis decidéieren!!![Quelltext änneren]

Ass et méiglech, datt mer eis op eppes eenegen: Iwwer den Daum: Deen däitsche System, bei deem mer eis "pipeg" un déi GFDL-Reegelen halen (déi jiddfereen no Gusto interpretéiert!!) oder déi franséisch Manéier, déi den Jimmy Wales e gudde Mann si léisst a sech kaum Gadanke mécht, wéi deen "hellegen Text" dann elo z'interpretéieren ass.

De Bulli[Quelltext änneren]

"Admin-Muechtmëssbrauch/Vandalismus bedreift" Dat si Virwërf, déi eppes mat de Lizenze "gemeinsam" hunn.
--Cornischong 07:52, 15 September 2005 (UTC)~

Nom Billerstuerm[Quelltext änneren]

Moien alleguer,

Pardon, mee ech kommen eréischt elo derzou, mäi Bäitrag zu deene gestalltene Froen ze liwweren.

D'Fro, déi uewe gestallt ass, schéngt kloer: Orthodoxie oder "kreativ" Applikatioun vu Reegelen ? Doriwwer léisst sech, fäerten ech, stonnelaang diskutéieren, mat gudden Argumenter fir déi eng Säit (Reegele si Reegelen, wat geschitt, wann een eis verklot oder de Krunn zoudréint,... ?) wéi fir déi aner (d'Welt ass voller Nüancen, déi aner maachen et och, déi *%# Amerikaner sollen sech net esou opféieren, wee weess scho, wat an der Bretonescher Wiki steet, ausser de Bretone selwer, asw.).

Well déi Diskussioun a mengen Aen zu kenger schlësseger Konklusioun ka kommen, stelle mer d’Fro emol anescht: Wat schwätzt dergéint, d'Biller ënner GNUFDL ze setzen (d'Texter sinn et jo souwisou vu fir eran - do huet, mengen ech, nach keen sech dru gestéiert)? Sou wéi ech verstanen hunn, sinn hei Wikipediainer, déi nët grad erbaut dodroiwwer sinn (fir et emol virsichteg auszedrécken), dass do egal ween dohir kinnt kommen, an hir Fotoën, fir déi se vill Zäit a Méi investéiert hunn, fir kommerziell Zwecker mëssbrauche kinnt. Och mär mécht déi Virstellung, dass do, platt ausgedréckt, iergend sou e Säckdréier kinnt op eisem Bockel, mat eiser Oarbecht, sech d’Täsche vollstiechen, fir d'éischt emol en ongutt Gefill.

Mee da froen ech méch: 1. Wéi reell ass déi Warscheinlechkeet, dass do eng vun de Fotoe vun der lb-wiki um Cover vum nächsten Dan Brown opdaucht? Net dass d’Biller vu schlechter Qualitéit wiren, am Géigendeel, mee si déngen dach virun allem derzou, d’Artikelen z’illustréieren, déi e staarke Lokalbezuch hunn, an dofir kaum Sujetë sinn, wou lo een dermatter d’Gelddréckmaschinn ugeheie kinnt. An anere Wierder: wann elo d’Fraen a Mamme vu Konsdrëf (dat ass just e Beispill!) méng Foto vun der Konsdrefer Kierch op hiirt Bichelche setzen, dat se fir hire 75. Anniversaire drécken a verkafen, da kréien ech do zwar keen Cent Droits d’Auteur, mä bon, dat hunn ech a Kaf geholl.

2. Wee *wëll* Biller aus dem Internet kopéieren a reproduzéieren, dee kann dat maachen, egal ob oder wat fir eng Lizenz do drop ass. D’Geschichte vu Leit, déi vergiewens probéieren, d’Zirkulatioun vu « Skandal »fotoen oder -videoen ze verhënneren, schwätze fir sech. A fir engem e Prozess wéinst enger geklautener Foto ze man (iwwregens : wéi kann ech beweisen, dass ech dee "Zinneke" sinn, deen als Auteur do steet ??), dee wa méiglech iergenwous an engem anere Land sëtzt... - also, do gesinn ech dach wéineg Chance. Eemol am Internet, ob Wiki oder Homepage, gehéiert e Bild de facto "der Welt" - sou ass dat nun eemol.

Dofir gesinn ech déi hei Approche am realisteschsten: Ech proposéieren, all nei Biller a GNUFDL ze setzen. Bei Biller, vun deenen den Auteur mengt, dass se e "kommerziellt Potential" hunn, besteet jo ëmmer d’Méiglechkeet, dës an enger Opléisung ze formatéieren, déi héichwäerteg Reproduktioune vu vir eran ausschléisst (an z.B. op der Billersäit ugëtt, fir Biller a méi héiger Opléisung soll een den Auteur kontaktéieren), oder, dass z.B. e "Waasserzeechen" drop ass, fir dass potentielle "Spëtzbouwen" den Intressi vergeet (an da bleift nach ëmmer d’Troisième option, dës Foto ganz einfach nët op d’Wiki ze setzen).

Well schlussendlech dréit sech alles em d’Fro: Firwat schaffe mer hei mat? Ech huelen un, een, deen Texter schreift a Fotoe mécht, fir seng Kuuscht dermatt ze verdingen, dee mécht dat net hei, mee bei enger Publikatioun, déi en dofir bezillt. Et ass deemno méi fir den "ideelle Wäert" (d’Meenung, et kinnt eng Kéier "engem nëtzlech sinn", a sief et nëmmen eis selwer, déi mer bei all Artikel, dee mer schreiwen, eppes derbäi léieren) dass hei eng allgemeng zougänglech Wëssensquell opgebaut gëtt. Da gehéiert och derzou, dass mer "der Welt" net nëmmen "eisen Text", mee och eis Biller iwwerloossen, oder villméi, déi Biller vun eis, déi mer décidéiert hunn, mat aneren ze deelen (jidderee ka jo "nierwelaangscht" e Fotosband iwwer Lëtzebuerger Reliéis Gebaier publizéieren, wou (och) Fotoen dra sinn, déi hei net publizéiert gi sinn...

A wat elo déi Biller betrëfft, déi hei ënner anerer Lizenz scho stinn? Do giff ech virschloen, einfach emol d’Saach lafen ze loossen: Wann sech enges Daags a Frankräich en Dimmer zesummenzéie sollt, hu mer ëmmer nach d’Geleeënheet, eis Wäsch eran ze huelen...

--Zinneke 09:05, 19 September 2005 (UTC)

Merci fir däi "Bäitrag". Et war Zäit ginn, eise klenge Beemchen nees ze nätzen :-) --Cornischong 09:28, 19 September 2005 (UTC)


  • Merci Zinneke,

Nodems ech mer dat mat de Fotoen roueg duerch de Kapp goe gelooss hat, sinn ech zu bal deene Konklusioune kom, déis du geschriwen hues. An ech hun den 18. September meng Fotoen ërem an d'Wiki gesat.

Well ech awer emmer e bësse liddereg sinn, fir gréisser Diskoussionstexter ze schreiwen, sinn ech frou iwert däi Bäitrag zu de Fotoen an der Wiki.

Johnny Chicago 21:58, 19 September 2005 (UTC)

Wikipedia-Vitesse[Quelltext änneren]

http://openfacts.berlios.de/index-en.phtml?title=Wikipedia_Status zielt eis ,datt d'Vitesse vum Server "UNBEARABLY SLOW" ass. et ass also net eleng déi lëtzebuergesch Wiki, déi Vitesse-Problemer huet. --Cornischong 22:32, 16 September 2005 (UTC)

MMMMMMMMMMaaaaaaaa dddddaaaaattttttt aaaaassss eeeeennnnn TTTTrrrroooouuusssccchhhhttt (mat 18 RPM liesen) ;-)



Metadaten a keen Enn[Quelltext änneren]

"BTW: Wieso werden in sv Metadaten angezeigt und in de nicht? -- Timo Müller Diskussion 21:31, 20. Sep 2005 (CEST)" freet an der däitscher Wikipedia den Timo op der Säit: "Wikipedia:Fragen zur Wikipedia". Gutt Fro, Timo. --Cornischong 20:43, 20 September 2005 (UTC)

Localized date formats need to be verified[Quelltext änneren]

Dear Wikipedians,

I need your help to look at date formats for your language. I created a large list of formats here. Please take a look and fix any mistakes or add any new formats. This will help interwiki bot to match en:April 1, fr:1 avril, ru:1 апреля, zh:4月1日, and all other sites together.

What's needed: Look here at every format for your language, fix any mistakes, note any exceptions (some languages have 1st, 2nd, 3rd, etc naming schemas, or year 1 is written as '1 (year)' unlike all other years).

Also, I would like to receive a bot status on your site for my bot User:YurikBot. It will be mostly involved in interwikies.

Thank you!!!

You can contact me at en:Yurik (--YurikBot 22:13, 24 September 2005 (UTC))

Pärelen aus "frieme" Wikipediaën[Quelltext änneren]

Net eleng déi lëtzebuergesch, neen, och déi aner hu faméis Artikelen. An der däitscher huet den e Bijou vun engem Artikel fäerdeg kritt iwwer "Bäke (Telte)". Liest en elo, mar kënnt der schonns blann sinn :-D Do hu mer villäicht e Beispill, wéi d'Schwaarz Ernz oder d'Märeler Baach ze behandele wier.


Katholizismus[Quelltext änneren]

Hallo, ech komme schon erem mal selweschten Thema, wisou souvill Kierchen, Katholizismus, asw? Myriam 21:51, 27 September 2005 (UTC)

Hues de schonns gezielt, wéivill Prozent vun den Artikelen doriwwer sinn? Mar kënnt een, de jomert sech ewech, datt hei zevill iwwer d'Mëttelmier an d'Länner ronderëm stéing. An: Firwat esouvill Diskussiounen? Hei ka jiddereen iwwer dat schreiwen, wat hie wichteg oder aarteleg fënnt. Schreif eppes iwwer den Atheismus, deen Artikel hu mer leider nach net!! Den Artikel iwwer den Deschner hunn ech ugefaang; firwat schreift keen e fäerdeg?? Oder iwwer Paraffinueleg, dann hues de eppes Bleiwendes ahnnerlooss. :-) --Cornischong 22:12, 27 September 2005 (UTC)

Téimeschbuer[Quelltext änneren]

Kanner o Kanner o quel Malheur mir musse fort vum Téiweschbuer ... Een eng Iddi dozou? Myriam 22:03, 27 September 2005 (UTC)

Wann s de domat den "Téiwesbuer" mengs: dat ass e Lidd vum Fritz Weimerskirch, dat vum Colette a Fernand Wark gesonge gouf. -Z.

Jo mengen ech, sorry fir de Schreiffeeler (Schreiwfeeler, ofer sou?), wéi get dat richteg geschriwen?


Froen zur Rubrik "Aktualitéit"[Quelltext änneren]

Salut, ech sinn zanter kuerzem registréiert an ech hunn alt mol e puer Saachen an d'Rubrik "Aktualitéit" agedroen. Allerdéngs froen ech mech, op dat wierklech eppes bréngt. Wier et vläit besser, Evenementer - besonnesch Saachen aus Lëtzebuerg - all Kéiers op dem entspriechenden Dag anzedroen? De Virdeel hei wier, dass ee besser ënnerscheede kann, ob et eppes Neies aus dem Ausland, aus der Wëssenschaft, aus der Kultur etc ass. Mat der Zäit géif doraus eng Chronik entstoen.

Natierlech ass dat eleng och net perfekt ze realiséieren, well ee jo net ëmmer an all Gebitt am Detail um Courant ass.

Opgefall ass mer awer och, dass op der Haaptsäit kee Link weiderféiert op den aktuellen Dag, z.B. "Haut ass Donneschdeg, den 29. September" oder esou änlech. Da bräicht een net ëmmer den Datum am Sichfeld anzeginn.

Wien hält wat dovun?

-- Minnie 17:56, 29 September 2005 (UTC)

Gudden Owend, Minnie. Dat mam Datum op der éischter Säit misst esou an der Rei sinn.(Wann net, da so mer Bescheed.) Zu dengem Kommentar iwwer d'Aktualitéit: Do feelt et eis nach un Erfarung. Am beschte wier et, mol domat unzefänken; da gesi mer no kuerzer Zäit, ob dat "méiglech " ass. Ech hunn näischt dogéint. Bei der däitscher Wiki soen se "Sei mutig" :-)) --Cornischong 18:11, 29 September 2005 (UTC)


E schéine Gudden.

Gutt Iddi mam Datum! Déi hat ech scho méi laang, wosst awer net, dass dat automatesch méiglech wäer. Ech wollt allerdéngs woarden, bis mer bei all Dag esouwäit dat wichtegst stoen hätten, wat do lass woar. Well ech déi meeschten Zäit eleng domaatter woar, sinn ech net méi wäit komm, wéi vum Dezember vum leschte Joer un dofir ze suergen, dee jeweilegen Dag d'Chronologie ze schreiwen (fir dës Woch sinn ech nach e bëssen hannendrann). Grouss aktuell Evenementer droen ech au fur et à mesure an d'Joer an. An anere Wierder: an e puer Wochen fënnt een och eppes "Gehaltfolles" fir all Dag.

Wat elo d'Aktualitéitssäit ugeet: Wéi de Conischong sot, wann s de do gewëllt bass, all Dag laangschtzekucken an dat op de leschte Stand ze bréngen: Ech halen dech net zeréck ;-) Fuer einfach duer, da gesäis de, op dat machbar ass. Schéi wäer et jo...

--Zinneke 18:58, 29 September 2005 (UTC)


Re-Bonsoir :-)

Super, dat mam Datum ass jo scho mol tiptop! Merci Cornischong!

D'Aktualitéit intresséiert mech schonn, de Problem ass, dass et eigentlech net wierklech "aktuell" ass, wann ech eppes androen. D.h. ech kann net direkt aktualiséieren, wann d'Nouvelle erauskënnt. Ech hu meeschtens nëmmen Owes Zäit, fir eppes ze maachen, an da war et dacks schonn um Radio oder an der Zeitung. Mee bon, näischt ass am Ufank perfekt... Ech versichen dann emol, mech mat der Aktualitéit auserneen ze setzen. Wat ee Projet! @ Zinneke: Vläit kann een di wichtegst Saachen jo no an no bei den Dag dobäisetzen? --Minnie 19:41, 29 September 2005 (UTC)

"meeschtens nëmmen Owes Zäit": -Do gesinn ech kee Problem. Bei der Wikipedia kaan ee sech dat jo andeelen, wéi et jidderengem passt. " "da war et dacks schonn um Radio oder an der Zeitung": Mär wëllen et jo eréischt schreiwen, wann et geschitt ass :-)) . Mee, du weess, wéi et ass: owes weess kee méi, wat mueres um Radio gesot gouf an, 't ass näischt méi al, wéi d'Zeitung vu gëscht! Bei eis geet et jo net drëm, fir Noriichte vun eisen internationale Korrespondenten "direkt" üenner d'Leit ze bréngen (dat kënnen "déi Aner" besser); et geet jo drëmm vir no enger Zäit nach nozeschloen. Hei bleift et stoen an et léisst sech, wann néideg, "méi spéit" ausgruewen. "no an no bei den Dag dobäisetzen": Dat ass e Virdeel hei; jidderee riicht sech an, wéi e wëll. A mat der Zäit wäerte eis "Chronologie" opbauen. A besonnesch bei "lëtzebuergesche" Saache mierke mer jo, datt am Internat net vill dovu reschtbleift! "Wéini war schonns méi Dat an Dat??? " Villäicht kréie mer hei e Logbuch vu Lëtezbuerg opgebaut. Haut nach en Dram .... --Cornischong 20:17, 29 September 2005 (UTC)

Wou sinn d'Biller?[Quelltext änneren]

Haut sinn op villen Wikipediaën keng oder kaum Biller ze gesinn. Bei ( http://openfacts.berlios.de/index-en.phtml?title=Wikipedia_Status ) kann ee gesinn, datt et net eleng hei ass. Gedold ass nees ubruecht. --Cornischong 20:27, 29 September 2005 (UTC)