Wikipedia:De Staminee/Archiv2007/Oktober

Vu Wikipedia

Wann Trëllerten Artikele vun engem Saz schreiwen[Quelltext änneren]

Zum Gléck ass de LOD eréischt beim Buschtaf C! ;-) --Zinneke 07:47, 1 Oktober 2007 (UTC)

Déi "ellen" an déi "schéin"[Quelltext änneren]

Mer haten eng Zäitchen hei eng Foto vun der Colette Flesch stoen, déi eis keng Éier gemaach huet. Lo ass d'Foto ersat ginn. Mer sollte méi drop oppassen, wat mer sou an de Reider hänken. Krätzeg schlecht Biller gehéieren anzwouschanescht hin. Wann nach een esou e Fall gesäit, da soll en dat w.e.g. mellen. Mer wäerte da schonns eng Léisung fannen. --Cornischong 10:35, 3 Oktober 2007 (UTC)

D'Sue Gardner plënnert[Quelltext änneren]

D'Sue Gardner plënnert; a mat hir plënnert d'Wikimedia Stëftung vu St. Petersburg a Florida op San Francisco. Fir déi, déi et gär schrëftlech hätten: ( http://lists.wikimedia.org/pipermail/foundation-l/2007-September/033221.html ). --Cornischong 13:41, 3 Oktober 2007 (UTC)

Offizielles iwwer Billerlizenezn[Quelltext änneren]

Fir all déi ze berouegen, déi net wëllen, datt Narkoleptiker hir Biller kucken däerfen, fir déi, déi menge missen ze wëllen, datt Leit, déi hiren Telefonshörer an déi lénks Hand huelen, hir Fotoen net bei Vollmound bewonnere sollen, hei mol en Text, wéi dat dann esou leeft mat de Lizenzen: ( http://wikimediafoundation.org/wiki/Resolution:Licensing_policy ). --Cornischong 13:57, 3 Oktober 2007 (UTC)

Wosst der schonns...[Quelltext änneren]

Wéi déi Meescht wäerte gemierkt hunn, hunn ech op der Haaptsäit eng "Wosst der schonns-Rubrik ageriicht, déi am beschte Fall e Bléckfank ass a virwëlzeg mécht, am schlechste just e bëssen Ofwiesslung bréngt. Fir "intressant" ze bleiwen, sollt déi Rubrik méiglechst dacks (bei eise bescheidene Mëttelen heescht dat: idealerweis eemol d'Woch) opgefrëscht ginn.

Ech hunn dofir och eng Zort Spënnchen opgemaach, wou jidderee kann "Teasere" bäisëtzen, wann en en Artikel derwäert fënnt, do ze stoen. Do kann een sech dann och zervéieren fir d'Mise-à-jour vun der Haaptsäit.

Dat alles soen ech hei esou ausféierlech, net dass nach ee mengt, e giff jo gär eppes maachen, mee sech es net traut, well et "dem Zinneke säint" wier. Nee - et steet op der Wiki an ass "jidderengem säint" ;-)

--Zinneke 13:59, 3 Oktober 2007 (UTC)


Quelle:Wikipedia, Déi Fräi Enzyklopedia[Quelltext änneren]

An der d'Wort Bäiluecht vum 3. Oktober 2007 iwwer 100 Joer Stad Diddeleng steet op der véierter Säit en Artikel iwwer den Émile Mayrisch. Dat ass net weider verwonnerlech, well de Mann eng wichteg Roll an der Geschicht vun Diddeleng gespillt huet. Wat speziell ass, dat ass d'Quell, déi ënner dem Artikel steet "Quelle:Wikipedia, Déi Fräi Enzyklopedia". Den Artikel ass vun der Nathalie Rovatti, der Koordinatrice vun der Süd-Redaktioun vum Wort. Wéi een esou seet, "dat gëtt e Patt", mengt de --Cornischong 17:14, 4 Oktober 2007 (UTC)

please see the comment there and fix the javascript error. thx. --88.72.209.174 20:27, 4 Oktober 2007 (UTC)

Spillercher mat de Billercher[Quelltext änneren]

Huet den Ausklappmenu op der "Eroplueden"-Säit (ënner: Lizenz) lo e Sënn oder huet e keen? Wa jo, da geet als Lizenz z.B. "Creative Commons" duer. Wann net, da muss emol ee mär erklären, wat do "ofgeet". Mär ginn déi Spillercher mat de Billercher esou lues op de Geescht. A wéi et schéngt, mäer net eleng, well relativ vill Leit, déi fréier hir Fotoen hei "abruecht" hunn, hunn dat opginn. Wann ausser Frechheeten, Mumpitz a Méckepéilereien hei net méi vill leeft, da wier et un der Zäit, sech iwwer dat Ganzt Gedanken ze maachen. Braddelsäite mat Sauermous ze fëllen, gëtt mat der Zäit kee Sënn. Fir déi Fäll gëtt et Gespréichstherapie, déi suguer vun der Krankekees erëmbezuelt gëtt. --Cornischong 10:19, 9 Oktober 2007 (UTC)

Fir ee fir allemol Kloerheet ze hunn, proposéieren ech, deen heiten Text: de:Hilfe:FAQ_zu_Bildern#Rechtliches sou séier wéi méiglech z'iwwersetzen an op der Eropluedsäit ze verlinken.
Et ka gär een dermat ufänken, ech komme fréistens den Owend spéit derzou, soss moar den Owend.
--Zinneke 11:02, 9 Oktober 2007 (UTC)
Natierlech huet den Ausklappmenu ee Sënn, wann natierlech keen op eng Lizenz klickt, déi do dra steet, da gëtt se net affichéiert an d'Bild kritt och keng Kategorie. Dat hunn ech awer ganz däitlech am Talk vum Bild hei gesot Les Meloures 11:25, 9 Oktober 2007 (UTC)
Mer hunn dann eng Rei Biller vu Useren déi guer keng Lizenz hunn, awer dee selwechte User huet bei vill aner Biller de GFDL oder CC-by-sa uginn. Wat maache mat deenen. Les Meloures 11:25, 9 Oktober 2007 (UTC)

Open Street Map Letzebuerg[Quelltext änneren]

Am virraus mol ee pardon, well desen Message net direkt eppes ze din huet mat der letzebuerger Wikipedia. Mais ech hun geduecht, hei waer dei richtech plaatz fir een interessanten Projee virzestellen, deen villes gemeinsam huet mat der Wikipedia.

Et geet em den Projee OpenStreetMap , wou et drem geet, eng "frei" Stroosen Kaart vun der Welt ze erstellen. Praktesch gesin as den prinzip den gleichen wei bei eengem Wiki, all User kann naemlech Donneen zur Kaart beisteiern. Den but as eeng komplett alternative zou zum beispill Google Maps ze erstellen. Dier waert ierch bestemmt froen, firwaat brauch een daat dann, ech kann dach lo schons fir neischt do Kaarten kucken bei Google/Yahoo/Microsoft ... . Den problem as dass dei Kaarten ennert eenger restrikiver Lizenz stin an net wierklech frei sin, am senn vun Open Source. OpenStreetMap awer steet ennert der Creative Commons Lizenz dei d'frei Notzung erlaabt ennert vill manner restriktionen wei bei kommerziellen Ubidder wei Google, Yahoo oder Microsoft.

Ech wollt dei Letzebuerger Kommunauteit op desen wonnerbaren Projee opmierksam maachen, well onser Land nach een zimmlech weisen Fleck op der Kaart as. Ech selwer sin een Geographie Doctorat Student zou London, an kann nemmen remote zur Karte beidroen. Ech hun schons meng Heemescht Gemeng Niederanven per bestem Wessen an Gewessen karteiert, mais fir den Rescht sin mer op mathellef vun Letzebuerger Usern ugewissen. Zum Verglach, grouss Deeler vun England an Deitschland (vrun allem d'Stied) sin schons baal komplett karteiert, an Holland as souguer komplett karteiert!

Wann der mei un dem Projee interesseiert sidd an wellt matmaachen, et as wierklech einfach well OpenStreetMap Access huet zou heichopleissenden Luftbilder vun baal ganz Letzebuerg, dei eeng gudd basis sin fir d'Stroosen ze digitaliseiern. Mais am beschten dier liesst d'introduction op dem Site sengem Wiki Beginners Guide fir mei gewuer ze gin.

Bis dann, Petz (meng email as p.weber@ucl.ac.uk)

Weis dech, Fatzbeidel[Quelltext änneren]

No dem Soziopathefestival vu gëscht geheien ech eng Fro op de Forum:
Op der Diskussiounssäit vun Image talk:TuerFiel24.JPG geheit eng gewëssen IP " 81.244.189.208" den 9. Oktober um 7.15 mer e puer perfid Frechheeten an den Trach, dat ech nach net verdaut hunn. Net wëll et mer net gefält, mee well et e feige Säckdréier ass, dee sech hanner enger rouder IP verstoppt, amplaz de Bok ofzedoen. Weis dech, Fatzbeidel, a belee deng Frechheeten! --Cornischong 23:13, 12 Oktober 2007 (UTC)

D'Fotoen, en oppene Schwier[Quelltext änneren]

D'Foto mam Groussherzog a mam Jérôme Lulling huet, wéi et schéngt, en Dëppchen un d'Iwwerlafe bruecht. Dat net Witzegt drun: Déi Saach ass nach net regléiert, an et ass ze fäerten, datt kaum nach ee Loscht drop huet, iwwerhaapt nach eng Foto eropzelueden. Wéi dat op d'Stëmmung offierft, dovu konnt sech jideereen iwwerzeegen. Léisst sech nach "sachlech" doriwwer diskutéieren? Wa jo, da lass. --Cornischong 23:23, 12 Oktober 2007 (UTC)

Gudden Owend,
well ech 'wéi et schéngt' (?) um Iwwerlafe vun engem Dëppche bedeelegt war, hei e puer Iwwerleeungen: Wann ech mech bei deem Lulling-Grand-Duc-Bild e bësse méi ausféierlech ausgelooss hat, wéi soss, dann dofir, well ech do e puermol dem Wesleya déi am Fong ganz einfach Eroplued-Reegelen erkläert hat, an dann awer nom 3. Iwwerschaffen nach esou "Onwichteges" wéi de Fotograf op der Beschreiwungssäit gefeelt hunn. Bon, am Commentaire deen s du, Cornischong, dann nogeliwwert hues, hues de d'Saach dann opgekläert: De Fotograf huet dem Lulling d'Rechter vu senger Foto ofgetrueden (andems en d'Foto fir hee gemaach huet), an de Lulling huet se dann als fräi Lizenz hei zu Publikatioun fräiginn. Alles wat ze maachen ass, ass dat deemno op der Bildsäit dobäizeschreiwen, dann ass gesinn ech do och kee Probleem méi dermatt. An dann hätte mer eis déi Diskussioun elo hei erspuert, wann dat vun Ufank un do gestanen hätt :-)
Dat Bild do ass awer am Fong just en Detail. Ech sinn einfach der Meenung, dass, bei deene Biller, déi eropgeluede ginn, un déi einfach Spillreegelen hale sollen, wéi se fir d'Wiki gëllen. Da muss net laang Zäit an Energie verbraucht ginn, driwwer ze diskutéieren, mee jiddereen, deen eropluet, kuckt, datt seng Foto deem entsprecht, wan néideg, wéi bei der Groussherzog Lulling Foto, mam néidegen zousätleche Commentaire. Dofir wollt ech (a wann ech derzou kommen, maachen ech et och) déi Säit aus der däitschsproocheger Wiki iwwersetzen, well déi all Neiem erkläert, wat geet a wat net, a virwat.
An da brauch och keng Rieds méi vu "Schwieren" oder "schlechter Stemmung" méi ze zinn.
--Zinneke 22:38, 13 Oktober 2007 (UTC)

Diese Statistik eines Administrators schockiert Wikipedianer.[Quelltext änneren]

Neen, neen, et geet net ëm déi lëtzebuergesch; et geet ëm déi engleschsproocheg, wann de SPIEGEL online haut schreift " Der Ton unter Wikipedianer wird rauer". Dat ass hei ( http://www.spiegel.de/netzwelt/web/0,1518,511134,00.html ) ze liesen. An hei ( http://en.wikipedia.org/wiki/User:Dragons_flight/Log_analysis ) sinn Diagrammen. --Cornischong 16:05, 13 Oktober 2007 (UTC)

De leschte Méinden (15.07.07) goufen d'Creative Commons-Lizenzen fir d'Lëtzebuerger Juridiktioun lancéiert. Luusse goen op: creativecommons.org/international/lu/

Bleift d'Fro wien dann elo an d'Kategorie Virlag:Lizenze_fir_Biller knéchele goe well fir 2-3 deeër flotter Këschten ze bastelen :-) --Kaffi 21:42, 17 Oktober 2007 (UTC)