Wikipedia:De Staminee/Archiv2008/Dezember

Vu Wikipedia

lb:Wikipedia: Eng Parodie?[Quelltext änneren]

Zitat: "Wosst dir schonns datt... … d'lb:Wikipedia nëmmen eng satiresch Kopie vun der KengEncyclopedia ass an nët ëmgedréiht, wéi laang behaapt gouf?"

Abee, hei steet et ! ;-) --Zinneke 22:32, 2. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

Neits vun der KengEncyclopeda[Quelltext änneren]

Nodeems den 2. Dezember e Verbesserer vun der Wikipedia eng Partie Schreiffeeler gefléckt hat, huet sech den 3. Dezember en neie Benotzer ugemellt, den Hämorid. Zënter virgëschter nach keen neien Artikel. - - A wat gëtt et Neits op der Frauenwiki?? --Cornischong 14:10, 4. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

Neits vum TageblattWiki[Quelltext änneren]

Am September 2008 hate mer schonns driwwer (an och dran) geschriwwen. Abee, si hunn an der zweeter Halschent vum November hire ganze Wiki mat alle Contributiounen a Benotzer geläscht. Zënterhier sinn eng ganz Rei Artikele frësch entstanen a méi wikifizéierter Form. Eng gutt Saach ass datt all d'Referenzen op d'Wikipedia, déi rechtlesch gesinn absolut criticabel waren, och wann et wuel just eng Negligence vum Tageblatt war, elo och all fort ze si schéngen an duerch "TageblattWiki" ersat goufen. Eng Communautéit gëtt et bis ewell awer nach net erëm - iergendwéi verständlech, wa se all d'Beiträg fir déi sech eenzelner Méi gemaach hunn einfach mol esou läsche ginn. --Otets13:20, 4. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]


Neits vu Commons[Quelltext änneren]

D'Commons ka sech dem SPON no op 100.000 digitaliséiert Fotoen aus den Arsenale vun der Staatssammlung vum däitsche Bundesarchiv freeën. Et soll sech ëm eng Kooperatioun handelen, d'Detailer stinn awer nach aus. Intressant ass och d'Lizenz-Fro: "Für Wikimedia kamen nur Creative-Commons-Lizenzen in Betracht ..., ohne eine kommerzielle Nutzung auszuschließen. ... Gewerbliche Nutzer müssen ein Entgelt entrichten." --Otets17:28, 4. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

Wann een dat dem Service Information et Presse oder der Stater Fotothéik zoustieche kéint? Déi hu jo och dausende vu Fotoen, an am Fong als Mandat, dës der Ëffentlechkeet bereet ze stellen? Dreeme kann ee jo emol; moar kënnt bekanntlech de Kleeschen... --Zinneke 17:59, 4. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

"Op Wonsch vum Här Nicolas": Liesen ech dat richteg? Hei stoung en Artikel iwwer eng Figur vun der Publizistik am Ländchen. An op eemol verschwënnt deen, well de Protagonist gär hätt, deen Artikel soll geläscht ginn. Wa mar de Staatsminister freet, datt den Artikel iwwer hie soll geläscht ginn, maache mer dat dann??? Feelt et do u Relevanz? Ech wonnere mech net nëmmen e bëssen. --Cornischong 08:09, 5. Dez. 2008 (UTC) Ech hänken nach eppes hannendrun, well ech elo eréischt gelies hunn, mat watfir enger Energie do hantéiert gëtt. Dat dierft awer net de Schluss vun der Geschicht sinn. Ech schloen op alle Fall vir, déi "Matdeelung", wa se da vum Här Nicolas komme sollt, net "verschwannen ze dinn. Da soll deen Text mol provisoresch amplaz vum Artikeltext dra kommen. --Cornischong 08:16, 5. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

Message vun haut de Moien[Quelltext änneren]

Ech krut haut de Moien um 8:53 Auer vun der IP 213.135.244.90, e Message op menger Diskussiounssäit hannerlooss, datt "je vous mets en demeure, par la présente, de supprimer avec effet immédiat toute référence à ma personne de votre « encyclopédie » et ceci dans les 24 heures. Als Grond gouf uginn, "La page et les rubriques y afférant constituant un ramassis de ragots, d’imprécisions, de diffamations, de calomnies et de contre-vérités."

Dozou wëll ech bemierken:

D'Wikipedia ass e gemeinschaftleche Projet, wou jidderee matschaffe kann. Hei eng méi ausféierlech Explicatioun (op Englesch), wat Wikipedia ass a wat net: en:Wikipedia:About.

Am "Historique" vun enger Säit (Reider "Versiounen") kann een noliesen, wien wéini wat an engem Text geännert huet. Deen a Fro gestallten Artikel gouf, wéi am Historique nozeliesen, dacks geännert an ergänzt.

Gouf eppes dohi gesat, wat net de Wikipedia-Kritèren entsprecht (objektiv an iwwerpréifbar Informatioun ze sinn) gouf et, wann et bis gesi gouf, vun anere Mataarbechter nees ewechgemaach oder gännert.

En Administrateur ass kee Chefredakteur. Hien ass e fräiwëllege Mataarbechter un deem Projet, wéi jiddereen aneren och, deen e puer méi technesch Méiglechkeeten huet wéi en "normale" Mataarbechter (kuckt: Wikipedia:Administrateuren). Verantwortlech fir den Inhalt ass déi jeweileg Persoun, déi bestëmmte Passagen oder Artikelen dohi geschriwwen huet.

Zënter de Moie sinn e puer Leit am Gaang, d'Informatiounen am betraffenen Artikel, wéi en elo do steet, ze iwwerpréifen. Déi Inforamtiounen baséieren op anere Publikatiounen oder goufe vun deenen, déi s'eragesat hunn, recherchéiert.

Ech kann bei deenen Inforamtiounen, esou wéi se am Moment (dh. an der Versioun vun [[1]] do stinn, näischt feststellen, wat "ragots, imprécisions, diffamations, calomnies [a] contre-vérités" wieren.

Aus deem Grond gesinn ech keng Ursaach, deen Artikel ze läschen. Wat ech kinnt proposéieren ass, wann déi betraffe Persoun näischt un deem Inhalt, esou wéi en do steet, auszesetzen huet, d'Säit fir weider Ännerungen ze protegéieren, sou dass eng "konsolidéiert Versioun" do stéing. Ween dann eppes ännere wéilt, misst dat op der Diskussiounssäit explizéieren.

Zensur war nach ni eng gutt Léisung. --Zinneke 11:26, 5. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

D'accord mam Zinneke. Cayambe 12:39, 5. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

E puer Stonne méi spéit[Quelltext änneren]

Den betraffenen Artikel gouf provisoresch duerch e Message ersat. En anere Wikipedia-Maraarbechter huet mat der betraffener Persoun geschwat. En inhaltlech "waasserdichten" Text ass an der Maach a gëtt an deenen nächsten Deeg eropgesat. Domat ass dann hoffentlech d'Diskussioun ofgeschloss. --Zinneke 14:38, 5. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

De spillege Kueder a seng Wonnermaschinn[Quelltext änneren]

E Kolleg vu mer huet eng Iwwersetzungsmaschinn programméiert, e wëll domat awer net méi weiderfueren an dofir huet e mer erlaabt fir se weiderzentwéckelen. Bei deenen Artikelen déi ech gelescht hunn ass déi Iwwersetzungsmaschinn zum Asaz komm. Leider ass se nach net perfekt an dofir hunn ech vill missen manuell nokorrigéieren. Awer am Allgemengen hëlleft se besonnesch bei laangen Texter fir Zäit mam Iwwersetzen ze spueren. Dofir meng Froen, grad un iech well dir iech hei ëm d'Boten ze këmmeren schéngt. Wëll dës Wikipedia Iwwersetzungen aus dem däitschen? Wann jo, gëtt et Leit déi mer beim manuellen nokorrigéieren hëllefe wéilten? Wann jo, da géif ech déi Iwwersetzungsmaschinn ëmmer besser maachen bis datt souvill wéi méiglech automatesch geet. Ech hunn iech den Artikel "Molerei" als Beispill gemaach, wat d'Iwwersetzungsmaschinn momentan ouni iergend eng manuell Nokorrektur kann. Hutt dir Intressi un esou enger Iwwersetzungsmaschinn? De Kueder
Ech hunn elo bei der Molerei en zweete Programm lafe gelooss, dee vum Nobeschaffen, och just als Test fir ze weise wat d'Maschinn kann, well et soll een deen normalerweis eréischt no der manueller Nokorrektur lafe loosse wéinst der Eifeler Reegel. Ech si frou datt ech esouvill Support an Hëllefangeboter kritt hunn. Natierlech kucken ech d'Feeler erauszekréien, mee meeschtens falen déi just bei Tester op a wéi bei der Eifeler Reegel ass et leider onméiglech fir ze verhënneren datt Nimm och nobeschafft ginn. Molerei war nëmmen als Beweis fir d'Fähegkeete vun der Maschinn geduecht, natierlech maachen ech an Zukunft wéi och bei den alen Artikelen ëmmer selwer eng manuell Nokorrektur ier ech eppes eroplueden, mee leider kann d'Maschinn scho besser Lëtzebuergesch ewéi ech an dofir brauch ech trotzdem bei all eropgeluedenem Artikel Schreifweis-Hëllef vun iech (Arnaut Daniel). An och Hëllef beim Weiderentwéckele vun der Maschinn brauch ech, besonnesch Grammatikëmwandlungsregelen ouni (zevill) Ausnamen si wëllkomm. Soll ech meng weider Froen heihinner schreiwen oder bei de Robby oder den Zinneke? De Kueder
Mat deene Wierder konnt "de Kueder" virun e puer Méint der e puer an Extas versetzen. Zënterhier wäert en hanner dem Uewe leien a vu senger Maschinn a vun deenen dreemen, déi dorops agaange sinn. --Cornischong 07:29, 11. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

Wat do stong[Quelltext änneren]

"Wat alles do stong" kréie mer beim Läschen erzielt. Ech wéisst gär, wat do stoung. --Cornischong 08:25, 11. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

Moien,
Wann et sech ëm Texter dréint déi am Stamminet stoungen déi sinn hei ze fannen, sou wéi dat uewen op der Säit och steet.
Archiv: 2004 - 2005 - 2006 - 2007 - 2008 - 2009
Dat kann awer och erëmfonnt ginn wann een op de Reider Versiounen am Artikel klickt.
Fir Artikelen déi kommplett geläscht goufen gitt w.e.g. den Numm vum Artikel un, wann der eng Fro hutt, a wann der presséiert sidd, frot op der Diskussiounssäit, vun den Adminnen. Net jidderee liest de Stamminet sechs mol am Dag, an doduercher kéint et e bësselche méi laang daueren bis der eng Äntwert kritt.
Les Meloures 08:52, 11. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

Alles méi einfach. Dat stong op stoung änneren :-)) --Cornischong 08:59, 11. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

Remoien
Ech hunn dat elo a ronn 50 Artikele verbessert.
Fir de Fall datt et nach an engem Systemmessage falsch steet setzen ech dem Robby dee sech dorëms bekëmmert eng Noriicht op seng Diskussiounssäit.
Wann der nach Feeleren a Systemmessage sollt fannen, informéiert w.e.g de Robby op dëser Säit well hien den eenzegen am Ament ass dee sech dorëmmer bekëmmert. Dann ass d'Informatioun direkt op der richteger Plaz.
Les Meloures 10:54, 11. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

De Feeler an engem vun mindestenst 2000 Systemmessagen ass verbessert (op der [Beta-Wiki) a gëtt mat der nächster Versioun vun der MediaWiki och bäi eis verbessert sinn. --Robby 21:56, 11. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

Dëst an dat[Quelltext änneren]

Moien, just e puer Gedanken, déi ech hei wollt festhalen.

  • No der Geschicht vum leschte Freiden ass mer opgefall, dass op der lb:wiki, am Géigesaz zu aneren, keen "Disclaimer" steet. Ech proposéieren (dat wir fir der Robby, deen un déi Säiten 'erukënnt') an déi Këscht ënnen op all Säit e Link op d'Säit en:wikipedia:General_disclaimer ze setzen (Nieft "Dateschutz", "Iwwer Wikipedia" an "Impressum"), fir datt Haftungsfroe fir jiiddereen däitlech nozeliese sinn. Well dat e juristesch relevanten Text ass, an d'Grondlag eng US-amerikanesch Stëftung ënner US-Recht ass, sollt den Text op Englesch bleiwen, dofir géing e Redirect duer.
Ech wollt just dorophiweisen datt déi vum Benotzer:Zinneke ugeschwate Säiten ("Dateschutz", "Iwwer Wikipedia" an "Impressum") vun allen lb-wikipedia Benotzer (inklusiv déi sougenanten IPen) ugeluecht resp geännert kënne ginn. --Robby 21:47, 11. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]
  • Ech erënneren all reegelméisseg Mataarbechter, déi wëssen, wéi den Opbau vun enger Säit auszegesinn huet, drun, wa méiglech selwer d'"Ëmgeréits" an d'Artikelen ze setzen, déi se nei uleeën. Et ass sécher net déi intressantste Saach, sech mat Kategorien, Interwikien asw. z'ameséieren, mee nach manner, wann een hannert aner Leit hir lafe muss, déi dat aus Gewunecht "vergiessen". E bësse gudde Wëll w.e.gl.
  • Zu "stoung" - "stong" an aneren Doubletten/Tripletten: Et ginn eng sëlleche Fäll, wou et am Lëtzebuergesch keng eendeiteg Forme vun engem Wuert ginn; sief et bei Léinwierder, wou et souwuel eet aus dem Däitsche, wéi aus dem Franséische gëtt, sief et bei Syntaxforme vu Verben, z.B. bei den Imparfait-Formen. Do sollt eng gewëss Akzeptanz vun Alternativformen do sinn. Eng Edit-war tëschent den Adepte vu "loung", "lung", "louch" a "luch" wier mat dat Lescht, wat d'Kar virubrénge géif.

E schéinen Dag, --Zinneke 11:42, 11. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]


Moien
Fir mech ass d'Saach relativ kloer, mer sollen ons do un d'Verbebuch an un d'Grammaire halen, soss behale mer all déi regional a fréier Schreifweisen do stoen. Ech mengen dat ass och am Sënn Heivunner
Les Meloures 11:54, 11. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]
Moin, just kuerz: et geet weder ëm lokal Varianten (do besteet de Konsens, dass mer déi bausse vir loosse sollen), nach ëm d'Schreifweis (do gëtt et en Arrêté), mee ëm Fäll, wou et méi wéi ee Wuert gëtt, fir eppes Auszedrécken, a keen Dictionnaire a keng Grammaire virschreift oder virschreiwe kann, wat "richteg" ass. --Z.

"Internet et les nouvelles technologies de la communication face au droit luxembourgeois"[Quelltext änneren]

heescht eng nei Publikatioun. Méi dodriwwer hei. --Z.

Betawiki update[Quelltext änneren]

Nonfuttissem oder Schäissegalitéit?[Quelltext änneren]

Léif alle siwen Adminen.
Den 3. Mee 2007 huet d'IP 158.64.62.1 en Artikel Logik ugefaangen, deen déi Zäit aus engem Saz bestanen huet, an haut och nach. Dat wier u sech net schlëmm, well et där nach ginn. Deeselwechten 3. Mee 2007 setzt den Admin Les Meoures op d'Diskussiounssäit e kuerze Kommentar: "Soll dat alt esou stëmmen". Annerhallft Joer drop gesäit de Benotzer Cornischong, datt sech un deem "Artikel" nach näischt gedoen huet an datt deen an de Vergiess komm war an e schreift op d'Diskussiounssäit "Wéini erléist eng gutt Séil eis vun deem Kabes?" Doropshi geschouch näischt. Een Dag drop schreift de Benotzer Cornischong fënnef Mol (an op d'Diskussiounssäit an als Libellé, deen op der "Rezent Ännerungen" ze gesinn ass) dat hei: "Wëll keen dëse Schrottartikel läschen oder sinn der vun deem Text iwwerzeegt?", fir ze froen ob een Admin (well nëmmen déi kënnen en Artikel läschen) entweder deen "Artikel" an der Rei fënnt oder der Meenung ass, dee sollt geläscht ginn. Haut steet dat Déngen do mat der En-tête "Dësen Artikel entsprécht net de Wikipedia-Kritere fir en enzyklopedeschen Artikel. Dëst kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipedia-Artikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn." Heimat riichten ech mech un déi puer Adminen, déi sech nach iwwerhaapt ëm Artikele këmmeren, datt nodeems jiddereen drun erënnert hätt misste ginn, datt "iergendeppes" mat där Schan vu Pseudoartikel geschitt. Et wier net vu Muttwëll, well dat do mécht kee gudden Androck op d'Matwelt. Et ass enengems, an dat soll dann emol hei gesot ginn, e Préifsteen dofir, sech Gedanken ze maachen, wie vun deenen, déi hei mat enger Adminekap optrieden (oder och net), bei engem Referendum, deen nach z'organiséiere wier, déi Kap soll ofginn, well e sech net kann tëscht dem Nonfuttissem an der Schäissegalitéit entscheeden. WonnerschéI Feierdeeg siefen all deene gewënscht déi hei matschaffen an deenen, déi hei noschloen. --Cornischong 09:45, 21. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

Den Zoufall schéngt et mat sech bruecht ze hunn, datt de Les Meloures sech, nodeems ech ugefaangen hat, deen décke Pefferkär hei uewendriwwer ze schreiwen, ëm den "Text" gekëmmert huet. Looss mer mol kucken. --Cornischong 09:49, 21. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

A wat gëtt et da bei de Bildlizenzen Neies ??[Quelltext änneren]

Nodeems déi puer Leit, déi Fotoen eropluede gemengt haten, se kéinten hire Liewensowend mam Eropluede vu GNU-Biller verbréngen, mol nees eppes Neies vun der Lizenzefront:

As has been pointed out, the Free Software Foundation has now released version 1.3 of the GNU Free Documentation License, which is the standard text license used by all Wikimedia Foundation projects with the exception of Wikinews. The updated license text can be found here: http://www.gnu.org/copyleft/fdl.html

[If you are still seeing version 1.2 on that URL, you may need to clear your browser cache.]

We are very grateful to the Free Software Foundation for working with us to develop this re-licensing language.

The only change is the addition of section 11, "Relicensing". This section permits "massive multi-author collaboration websites" (i.e. wikis and wiki-like websites) to relicense GFDL content to the CC-BY-SA, under two key constraints:

  • Newly added externally originating GFDL content cannot be relicensed after November 1, 2008. (In other words, we should stop importing GFDL content from non-Wikimedia sources, unless they plan to switch as well. I believe Wikia is planning to switch, but will confirm that shortly. Please feel free to begin reaching out to other relevant GFDL sources.)
  • The relicensing clause will expire on August 1, 2009.

Relicensing can only be done by the operator of such a website, not by any other party. So the Wikimedia Foundation can choose to re-license Wikipedia, Wikibooks, etc., but no other party can. We will be able to do so because most GFDL-licensed content implicitly or explicitly permits re-use under "any later version" of the GFDL.

Why wasn't this license available for review earlier?[Quelltext änneren]

The restriction on externally originating FDL content is intended to prevent bulk-import and bulk-relicensing of FDL content from external sources. This is intended to protect the autonomy of site operators in making a re-licensing decision, and to prevent FDL-licensed software documentation from being re-licensed without the permission of the authors. This was a key condition for the Free Software Foundation to agree to this change. While an earlier draft was published, the specifics of the migration process have been negotiated privately in order to not allow for such systematic bulk-relicensing by interested third parties.

What's next?[Quelltext änneren]

  • Later this month, we will post a re-licensing proposal for all Wikimedia wikis which are currently licensed under the GFDL. It will be collaboratively developed on meta.wiki and I will announce it here. This re-licensing proposal will include a simplified dual-licensing proposition, under which content will continue to be indefinitely available under GFDL, except for articles which include CC-BY-SA-only additions from external sources. (The terms of service, under this proposal, will be modified to require dual-licensing permission for any new changes.)

It will be the obligation of re-users to validate whether an article includes CC-BY-SA-only changes -- dual licensing should not be a burden on editors. This is also not intended to be bidirectional, i.e., merging in GFDL-only text will not be possible.

We _will_ propose to continue to permit GFDL 1.2-only media uploads for the forseeable future, to address concerns regarding strong and weak copyleft, until such concerns are fully resolved to the satisfaction of community members. However, GFDL 1.2-or-later media are expected to be migrated to CC-BY-SA under this proposal. It is expected that we will launch a community-wide referendum on this proposal, where a majority will constitute sufficient support for re-licensing.

  • As a heads up, communities should be more careful with importing external FDL content, unless they know for sure that it will

be migrated to CC-BY-SA in the near future. This will not affect Wikimedia-internal copying transactions, as either all or no GFDL-licensed Wikimedia wikis will be switched to CC-BY-SA. If some GFDL 1.2 content that cannot be migrated later is imported by accident, that should not present any great difficulty -- we will simply remove it as we would remove any other problematic copyrighted content.

More information will follow later this month as we develop the re-licensing proposal. Let me know if you have any immediate questions.

Thanks, Erik -- Erik Möller Deputy Director, Wikimedia Foundation

Dësen Text ass hei ze fannen ( http://lists.wikimedia.org/pipermail/foundation-l/2008-November/046996.html ). Dat wäerte mer jo sécher nach op Lëtzebuergesch erkläert kréien. Merci am Viraus, seet de --Cornischong 01:17, 26. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

A fir déi, déi keen Englesch verstinn[Quelltext änneren]

Fir déi Leit, déi keen Englesch verstinn huet Guggel eng Iwwersetzung op Däitsch gestréckt: Hei emol en Extrakt, fir e Begrëff ze kréien: Die Wikimedia Grundlage organisiert bald ein auf gemeinschaftsebene Referendum, um zu entscheiden, ob unsere GNU FDL genehmigten wikis availabe im Sinne dieser freien und allgemeinen CC-BY-SA Lizenz auch gebildet werden sollten, sehen das Doppel-Genehmigen. Gutt, hein. Dat kee soll mengen, de Cornischong haätt dat am Soff iwwersat, hei d'URL ( http://babelfish.yahoo.com/translate_url?trurl=http://meta.wikimedia.org/wiki/Global_notifications&lp=en_de ) --Cornischong 01:35, 26. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

"Stehen Sie zu € 1.000 für das Übersetzen auf!"[Quelltext änneren]

Dir kënnt awer roueg sëtzebleiwen, well et gi "bis zu 1.000 € verdeelt. E Witz? Ech bieden Iech. "Lesen Sie mehr und verbinden Sie innen!": ( http://babelfish.yahoo.com/translate_url?trurl=http://meta.wikimedia.org/wiki/Global_notifications&lp=en_de ). Wou si mer??? freet sech de --Cornischong 01:40, 26. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]

Dann hei emol den Original-Link (wann och op englesch)Euro Bounty. Worëm geet et dobäi? Ganz einfach, déi Leit déi Betawiki bedreiwen - a wou jidfereen, dee wëllt, matmaache ka fir Systemmessagen vu MediaWiki (an aner fräi Software) an aktuell bis 320 Sproochen z'iwwersetzen -hunn e sponsor fonnt den am ganzen dausend Euro un all déi Iwwersetzer bezillt déi bis den 31. Dezember 2008 jeweils mindestens 500 MediaWiki-Systemmessage respektiv sougenannten Erweiderungen, déi bis elo nach net iwwersat sinn, iwwersat hunn. --Robby 14:29, 26. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]