Wikipedia:De Staminee/Archiv2008/Oktober

Vu Wikipedia

Message, dass een e Message kritt huet[Quelltext änneren]

Wourëm et geet: Lo kuerz huet ee mer e klengen Text op meng Diskussiounsäit gesat. An deem Fall kréien ech jo, soubal ech mech ageloggt hunn, e Message an oranger Schrëft uewen op mäin Ecran stoen dee mech op dës Ajoute soll opmierksam maachen. Ech huelen un dass dëse Message aus enger oder méi Schablounen besteet. Leider ass dësen Text elo net méi verständlech, et ass souzesoen Kauderwelsch. Ech huelen un dass déi eenzel Bausténg vun der Schabloun anescht iwwersat goufen an elo, wann se zesumme stinn, kee Sënn méi erginn. Vläicht wees een wat een do muss änneren fir dass dat erëm e kohärenten Text gëtt. Riets um Bild gesidd der wéi et ausgesäit. --Pecalux 13:12, 13. Okt 2008 (UTC)

Merci fir dëse Message.
Dat läit dorunn datt beim Iwwersetzen vun engem Systemmessage op Betawiki zwou Variablen ($1 an $2 ) falsch der Rei no gesat gi waren. Dëst ass och elo verbessert, mee et dauert nach e bëssen bis datt déi ännerung vu Betawiki iwwert d'Mediawiki-software hire Néerschlag bei eis fënnt. Leider kann ech och net genee viraus soen wéi laang datt dat dauert mee et soll normelerweis net méi laang sinn wéi e puer Deeg.
Vu datt esou kleng Feeler bei ëmmerhinn e puer Dausend MediaWiki-Systemmessagen ëmmer nees méiglech sinn wier ech frou wann dir mir esou Ongereimtheeten esou bal wéi se engem opfalen op ménger Diskussiounssäit vermierke géift. Ech versichen dat dann esou séier wéi méiglech ze verbesseren.
Mat beschte Gréiss Robby 20:41, 13. Okt 2008 (UTC)
Merci Robby, 't ass erëm alles normal, an dat net no e puer Deeg mee no nëmmen e puer Stonnen. D'Bild mam Feeler gëtt erëm geläscht. --Pecalux 07:16, 14. Okt 2008 (UTC)

Betawiki update[Quelltext änneren]

  • Currently 95.45% of the MediaWiki messages and 91.64% of the messages of the extensions used by the Wikimedia Foundation projects have been localised. Please help us help your language by localising and proof reading at Betawiki. This is the recent localisation activity for your language. Thanks, GerardM 07:59, 14. Okt 2008 (UTC)
E Merci un de Robby fir säin Asaz "hannert de Kulissen"! --Zinneke 08:13, 14. Okt 2008 (UTC)
Och vu mär e Merci un de Robby. Ech hat mech jo och bei Betawiki agedroen, mee vu datt just nach quokeleg Saachen net gemaach si steet ee séier do wéi den Ochs virum Bierg. Dofir Chapeau! --Otets 09:25, 14. Okt 2008 (UTC)

Neies vum LOD[Quelltext änneren]

No enger éischter Meldung hei um Stamminet am Mäerz 2007 gëtt et Neits vun eisem fënnefsproochegen Internet-Wierderbuch "Lëtzebuerger Online Dictionnaire" (www.lod.lu). Et si jett Wierder derbäikomm no anerhallwem Joer, am Ament sinn der eng 6.000 vun A bis F accessibel. 2011 soll de LOD da mat 24.000 Wierder komplett sinn. Dat sinn der vill manner wéi den DLW (35.000) oder den DFL (51.000) opweises hunn. Entweder ass eis Sprooch wierklech vill méi oarm u Wierder wéi déi vun eisen Noperen oder de LOD gëtt sech mat net vill zefridden. --Otets 09:34, 14. Okt 2008 (UTC)

Liese bilt[Quelltext änneren]

Wien huet gesot, datt den DLW 35.000 Stéchwierder huet? Ech sinn alt dervun ausgaangen, wa se "35000 Stichwörter & Wendungen" dropschreiwen, datt dat kloer genuch wär. --Cornischong 00:37, 15. Okt 2008 (UTC)

Et maach sinn datt den DLW deemno och net vill iwwer 26.000 eegestänneg Wierder erauskënnt. Heescht dat elo, datt se bei der Online-Versioun just déi englesch a portugisesch Iwwersetzungen derbäischreiwe ginn an eis net nei Wierder wéi de Stäil an de Scheedkoup vergonnen? --Otets 17:24, 15. Okt 2008 (UTC)

Relevanz: Wou a wéi d'Grenzen zéien?[Quelltext änneren]

Op der Diskussiounssäit vun engem Artikel an deem stoung: "Den XY, gebuer ...., ass Paschtouer vum Parverband YZ an zoustänneg fir d'Kierchen A, B an C." stoung dat hei:

A wat huet dee Mann Extraes gemaach, dass en hei stoe soll? Oder ass Paschtouer sinn hautesdaags Leeschtung genuch, fir an eng Encyclopedie ze kommen? freet sech de Zinneke 16:25, 23 November 2006 (UTC)
Dat ass eng quokeleg Fro. Mer hunn Artikelen iwwer Leit, déi een oder e puer Bicher geschriwwen hunn, a vu Beruff Professer (Studienrat) sinn, iwwer anerer, déi an hirer Fräizäit molen, an eng Ausstellung an hirem Heemechtsduref haten, Leit, déi Buergermeeschter vun Iergendwou waren an eng Wal iwwerlieft hunn, Leit, déi an der Chamber an der drëtter Rei eng Legislaturperiod iwwerschlof hunn, (...). Mer hunn e puer Artikelen iwwer Fouballclibb; dee leschten Artikel iwwer e Foussballclub geet net iwwer een, deen an der Nationaldivisioun spillt, mee den Artikel ass "mat Léift gemaach". Kommt mer verleeën dës Diskussioun vläicht besser op de Stamminet, do kritt se méi e grousse Forum. Cornischong 17:19, 23 November 2006 (UTC)

Dat gouf nach net gemaach, dofir huele mer dat elo, well mer 2 aner Fäll, wou d'Relevanzfro sech stellt, no.

Ech proposéieren, ze kucken, wat déi "objektiv" Critèren op anere Wikie sinn, an déi, wann néideg, op d'Proportioune vum Lëtzebuerger Land erofzeschrauwen.

Wéi schrouf d'Anne Uhrmacher an enger forum-Rezensioun zum Luxemburger Autorenlexikon: "Der Mozart-Biograph Wolfgang Hildesheimer äußerte nach der Lektüre zentnerschwerer Lebens­beschreibungen des Komponisten einen Wunsch: Er wolle einen Aufsatz über „Die Grenzen des Wissenswerten“ schreiben. Diese Grenzen sind subjektiv und immer wieder neu zu diskutieren. Sie werden auch bei der Lektüre des Luxemburger Autorenlexikons bewusst."

--Zinneke 10:29, 15. Okt 2008 (UTC)

Ech mengen net datt um Enn vun der Diskussioun eng fix Reegel erauskomme kann, dat muss ee vu Fall zu Fall kucken. Awer op e puer generell Richtlinne kéint ee sech vläit eenegen. Op der de-wiki recommandéiere se datt ee sech a quokelege Fäll d'Fro stelle soll, ob Persounen, Ereegnisser oder Theme mat aktuell breeder Ëffentlechkeetswierkung no sënnvollem Ermessen och nach iwwert d'Zäit gekuckt vu Bedeitung si wäerten. Si ginn do och eng jett Beispiller, un deene mär eis orientéire kënnen. --Otets 16:33, 15. Okt 2008 (UTC)

Et kann een awer festhalen, dass Wikipedia'en aus anere Länner hei sollten de Wee weisen. Do ass et och nët esou, dass Villtipper déi och nach gudd Zäit hun séch iwerall duerstellen an dëse Gratiszerwiss mëssbrauche fir hier ege Persoun an e schéint Liicht ze stellen. Wat ech nach méi schlëmm fannen ass, dass esou Leit dat wärend der Zäit maachen, wou se fir ganz aner Zerwisser bezuelt gin. Wie relevant ass gët och vun Aneren erkannt, soss wier en et nët.--Hackerstiwwel 12:26, 16. Okt 2008 (UTC)

Ech sinn der Meenung, datt mer am Fall vun de Paschtéier op d'mannst, roueg eng Ausnahm maache kënnen. De Paschtoueschberuff ass, grad an eiser Zäit haut, schon éischter eppes sielenes. Am Zesummenhang mat den Kierchen-Artikel kinnten esou Artikelen schon interessant sinn. Ech gesinn an der wiki-lu éischter en Tool, fir lëtzebuerger Geschicht, Brauchtëm a Personagen etc. festzehaalen, net fir en detailléiert Bild vum Berliner Bundestag oder eng exakt Beschreiwung vum Paräisser Metro ze ginn. Allerdéngs muss een sech wierklech froen "wéi eng Persounen gehéieren dann elo heidrann?". Ech giff do soen, jiddwereen deen am ëffentleche Liewe steet an net grad Vendeur beim Bäcker em den Eck ass, huet iergendwéi eng Berechtegung. Dorënner faalen zum Beispill Paschtéier, Direkteren vu Schoulen/Administratiounen, Sportler déi op Competitiounen untrieden oder Kënschtler deenen hier Wierker ze kucken/ze lauschtre sinn. --JimHawk 10:28, 28. Okt 2008 (UTC)

Propositioune betreffend Layout an Extensiounen[Quelltext änneren]

Mojen, ech proposéieren follgend Ännerungen um Layout vun der lëtzebuerger Wikipedia a follgend Extensiounen anzebauen. --PlayMistyForMe 10:39, 28. Okt 2008 (UTC)

Feld "Sichen" am Menü[Quelltext änneren]

Esou gesäit de Skin modern aus

Ech mengen de Zinneke haat dëst schons eng Kéier ugeschwat. Ech proposéieren fir d'Sichfeld an éischter Plaz iwwert d'Navigatioun uewen lénks direkt ënnert de Logo ze placéieren, esou wéi et op der däitschsproocheger Wiki ass. Op alen Ecranen an op neie Netbooks muss een wéinst der niddreger Bildopléisung eroofzescrollen fir un d'Sichfeld ze kommen.

Ech gesinn hei eng ganz einfach Léisung déi jidfereen ganz séier Selwer fir sech virhuele kann fir d'Feld "Sichen" méi uewen ugewisen ze kréien. Déi Léisung besteet dorann bäi de Prefenzen / Asteelungen en aner Skin ausze wielen - ech proposéieren all Benotzer do mol ze kucken wat him am beschte gefällt. ech hunn eng erséinlech Vierléiwt fir de Skin modern. Doduerch datt bäi dësem Skin de Logo vun der Wiki net ugewise gëtt rutscht de ganze Menu e gudd Stéck no uewen. --Robby 21:36, 30. Okt 2008 (UTC)

Dofir[Quelltext änneren]

Dogéint[Quelltext änneren]

De Link [änneren] bei den Titelen[Quelltext änneren]

Ech proposéieren fir de Link [änneren] nët rietsbündeg mee lénksbündeg un d'Titelen ze placéieren, sou dass et nët méi zu Layoutverzerrungen kënnt duerch Kollissiounen mat Biller asw. Hei ass d'Léisung op der däitschsproocheger Wikipedia och ideal, kuckt z.B. d'[Bearbeiten]-Hiweiser nieft den Titelen am Artikel iwwert den Grospiecht

Dofir[Quelltext änneren]

Dogéint[Quelltext änneren]

Fro[Quelltext änneren]

Moien
Gesinn ech schlecht? Wann ech den däitschen Artikel kucken, gesinn ech [Bearbeiten]] riets stoen. Huet dat eppes mat dem Browser ze dinn.? Les Meloures 17:25, 28. Okt 2008 (UTC)
Salut, hei e Snapshot aus dem Artikel http://de.wikipedia.org/wiki/Grauspecht:
Sou gesäit et aus am Firefox 3.0.3. souwuel ënnert Linux (Kubuntu 8.4) wéi Windows XP. Wann et e Browser-Problem ass, da misst een dat iwwert den CSS an de Grëff kréien. --PlayMistyForMe 18:20, 28. Okt 2008 (UTC)


Remoien,
Bei de Franséischen Artikelen fonktionnéiert lénksbëndeg bei mär och am Internetexplorer. An den anere Sproochen net. Les Meloures 18:43, 28. Okt 2008 (UTC)
Resalut, et schéngt es wéi wann an der franséischer Wiki dee richtigen CSS-Code benotzt gëtt. Dee misst een an d'LB-Wiki abauen, sou dass mir dann dat selwecht gesinn. An deenen anere Wikie schéngt kee konforme Code benotzt ze ginn sou dass d'Resultat je no Browser verschidden ausgeseit, besonnesch am Internet-Explorer, dee sech am mansten u Konventiounen hällt. --PlayMistyForMe 19:33, 28. Okt 2008 (UTC)


Remoien,

Ech hu leider keng Ahnung wat do misst gemaach ginn. Ass et net méiglech datt wann de Robby mat sengen Iwwersetzunge bäi ass, ech mengen et bleiwen der nëmme méi 6.000, datt dann de Problem vum selwe geléist ass. Wann net, kann hien dann emol vläicht duerno kucken, wann den Appetit em dann nach net vergaangen ass. :-) Les Meloures 19:43, 28. Okt 2008 (UTC)

Kee Problem, et leeft jo elo nët fort. --PlayMistyForMe 19:52, 28. Okt 2008 (UTC)

Extensiounen abauen an am Menü ubidden[Quelltext änneren]

Ech proposéieren follgend Extensiounen an d'lëtzebuerger Wikipedia anzebauen:

Dofir[Quelltext änneren]

Dogéint[Quelltext änneren]