Wikipedia:De Staminee/Archiv2009/Februar

Vu Wikipedia

Den Himmler zu Lëtzebuerg[Quelltext änneren]

Weess ee, wou déi Foto hei opgeholl gouf? Se soll am Juli 1940 gemaach gi sinn. --Zinneke 12:30, 31. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Zut, nach ni gesinn. Wosst mol net dass dee Brigang sech hei erëmgedriwwen hätt.
Dat ass jo eng Serie vun 3 Fotoen, déi eng mam Gendarme kinnt an de Kasären um Hl. Geescht sinn. Déi bei de Stäiler an der Palm? Wou bleiwen dem Himmler seng Tagebicher?
Eng Recherche beim Bundesarchiv Himmler Luxemburg, kennt déi mam Gendarme awer net eraus... --Jwh 20:17, 3. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Dëst kréien ech lo just gemailt:
An der Strooss wou fréier d'Entrée vun de Kichen vum Hotel Brasseur an der Stad wor. Elo ass do eng Bréck déi vun der KBL op déi aner Säit feiert. D'Photo ass aus der Richtung Groussgaass geholl.
Also am ieweschten Deel vun der Aldringerstrooss. --Jwh 22:50, 3. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Merci (och un de Mailer), ech hunn et mëttlerweil an d'Beschreiwung vun der Foto derbäigesat.--Z.

Wat heescht __NOTOC__? Op wat muss ech do oppassen?

Gett et eventuell eng Lëscht vun deene Coden? Merci! --Jwh 20:25, 3. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien, dat heescht "No Table of Content" - Keen Inhaltsverzeechnes. Esoueent gëtt vun der Software automatesch crééiert, wann eng gewëssen Zuel vu Kapitelen/Iwwerschrëften do sinn. Hei ans do wëll een awer keng esou eng Këscht, da schreift een dat ominéist NOTOC dohinner. Oppasse brauch een deemno op näischt Spezielles, wann dat do steet.
Aner Codë fënnt een hei. En anere Code, deen nach nëtzlech ass, ass {{DEFAULTSORT:}}. Dat ass fir déi Plaz ze definéieren, ënner deeër eng Kategorie am Alphabet op enger Kategoriesäit optaucht. Bei Nimm ass dat z.B. de Familljennumm, net de Virnum (deen am Lemma vir steet). Schreift een um Enn vun engem Artikel z.B. {{DEFAULTSORT:Schmidt, Jempi}} an drënner [[Kategorie:Gebuer 2000]], Da steet op der Kategoriesäit "Gebuer 2000" de Link op den Artikel "Jempi Schmidt" ënner "S", an net ënner "J". --Zinneke 20:57, 3. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Clever! Merci! --Jwh 21:41, 3. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Mat Kanounen op Spatze geschoss[Quelltext änneren]

De Benotzer:Sklicek huet den Artikel Äischdallbléiser Habscht complétéiert an dobäi och eng e-mails-Adress vun enger Kontaktpersoun uginn. Well eng Kontaktpersoun mat e-mails-Adress net an eng Enzyklopedie gehéiert, gouf dat vun engem Administrateur geläscht, wat ech och fir richteg halen. Nodeems de Benotzer Sklicek eng weider Kéier déi Kontaktpersoun an den Artikel gesat hat, gouf se vun deem Administrateur fir 2 Woche gespaart ouni virdrun eng Warnung op d'Diskussiounssäit ze kréien. Menger Meenung no ass déi drakonesch Moossnam do disproportionéiert.--Fliedermaus 15:59, 10. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Ech ka mech deem just uschléissen --194.154.200.108 16:29, 10. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]
Nodeems dem Benotzer:Sklicek säin Edit eng éischte Kéier zeréckgesat gouf huet hie net gezéckt fir dat selwecht erëm dranzesetzen an ouni sech Gedanken ze maachen firwat datt säin Edit geläscht gouf. (An der Kommentarzeil war dëse Grond uginn: "Wikipedia ass keen Telefonsbuch".) Well hien déi éischt Läschaktioun net respektéiert huet ass hie fir 2 Woche gespaart ginn an eng Begrënnung gouf op seng Diskussiounssäit gesat. 2 Wochen ass net laang. Duerno kann hien ouni Problemer erëm editéieren. --Pecalux 16:42, 10. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Wann de Benotzer Sklicek déi Kommentarzeil "Wikipedia ass keen Telefonsbuch" net zoufälleg gelies huet, sinn déi 2 Woche vill ze laang. Well hien ausserdeem bei senger Aktioun "Kontakt beigesaat" an d'Kommentarzeil geschriwwen huet, kann een him kee schlechte Wëllen dobäi ënnerstellen.--Fliedermaus 17:02, 10. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Wa mir esou weidermaachen da brauche mir eis net ze wonneren wa mir hei ëmmer nëmmen déi selwescht Nimm als Auteure liesen. Ech sinn dofir de Benotzer fir maximal 12 Stonnen ze spären wann iwwerhat. --Robby 18:02, 10. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien,

Wéi wier et wa mer géifen Direktiven ausschaffen wéilaang a firwat däerf gespaart ginn?

D'Adminnen déi ee Benotzer wëlle spären kënnen natierlech och virdrun eng Ufro um Staminet maachen op en ee Benotzer spären däerf oder net.

Ech fäerte just dann ass déi Saach op eemol net méi efficace. Ech well just drun erënneren datt de Robby amgaangen ass e ganze Koup éiweg Späeren ze redresséieren.

Déi waren an der Zäit op der Daagesuerdnung, an et huet kee Mënsch en Hoer an der Zopp fonnt. Ech weess net op et sou wichteg ass fir ze diskutéieren op ee soll 12, 24 oder méi Stonnen oder Deeg soll gespaart ginn.

De Pecalux huet sech schonn un eng relativ kuerz Zäitdauer gehalen. Fir mech ass dat an der Rei. Wat schlëmm ass, dat ass wa Leit dobausse matkréien datt mer ons ëmmer erëm selwer op d'Zéiwen trëppelen, an ons net eens si wat mer wëllen. Les Meloures 19:10, 10. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Well hien eng e-mail Adress als Kontakt an den Artikel gesat huet, an dunn so affrontéiert war se nach eng Kéier dran ze setzen, gouf hie gespaart?
Also do ass een deen zousätzlech Informatiounen an een Artikel setzt. Dann kennt en erëm an setzt der nach derbäi, gesäit dass de Kontakt net méi do steet (tiens, dat huet wuel net geklappt) a mécht en alt nach eng Kéier dran. A wupps ass hie gespaart! Souguer wann hien "Wikipedia ass keen Telefonsbuch" gesinn hätt, seet en sech vläit "ma do hunn se nawell Recht, gutt dass ech dat lo weess, ech wäert mech hidden eng Telefonsnummer an een Artikel ze setzen".
Et soll net drëmgoe wéi laang ee wéinst esou eppes gespaart gëtt, mä ech froe mech wat dat bréngt dass an dem Fall iwwerhaapt gespaart gëtt. Iwwregens fannen ech och keng e-mail Adress op der Websäit vun där Harmonie, sollt de Sklicek dofir nach eng Kéier extra gespaart ginn?
An dat mat de "Leit dobausse matkréien" ass dach e bësse wie "Blär net sou wann ech dech schloen, d'Noperen héieren dach alles!" --Jwh 21:28, 10. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Merci fir d'Beléierung,

Ech wäert mech schwéier hidden fir nach eng Kéier een ze spären. Esou Diskussioune well ech net nach eng Kéier erliewen. Soss muss ech mer all Kéiers de Kapp zerbriechen ob 'deen elo mengt wupps dat ass net gaangen oder ob en et express mécht. Neemerci Jongen.

Hei uewendriwwer zerbrécht ee sech de Kapp firwat datt net méi Auteuren hei sinn. Abbee ech huelen unn datt der sech geschwënn de Kapp kënnen zerbrichen firwat datt d'Adminnen lues a lues d'Flemm kréien. Fir de ganzen Dag Ännerungen nozekucken, an d'Botzfra ze spillen, ass guer keng sou eng lëschteg Beschäftegung. Doropper kann ech gäre verzichten. Les Meloures 22:14, 10. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Hei uewendriwwer steet: Mat Kanounen op Spatze schéissen an ech fannen hei gëtt aus enger Méck en Elefant gemaachLes Meloures 22:18, 10. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien,

D'Spär vum Benotzer gouf opgehuewen, déi proposéiert 12 Stonne sinn sou gutt wéi ofgelaf. Les Meloures 22:46, 10. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Original
Liicht 'verbessert'

Salut, ech hunn d'Begréissungsfoto Moien.jpg liicht opgepeppt (méi ass ménger Meenung no net néideg). Ech sinn awer net béis wann déi nei Versioun net jidderengem gefällt an duerfir net agesat gëtt :-) Cayambe 16:09, 10. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Merci, ech hu se an der Schabloun agesat. --Zinneke 16:52, 10. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]


François Valentiny[Quelltext änneren]

Den Här Valentiny ass net averstane mat dem Artikel dee bei eis op der Wikipedia steet. Hien ass allerdéngs och net domat averstanen fir den Artikel no Wikipedia-Kritären ëmzeänneren a wëll den Artikel, ënnert anerem, op däitsch/englesch drastoen hunn. Well et säi gudd Recht ass net domat averstanen ze sinn, an hien ausserdem preziséiert huet, datt an Däitschland scho Leit Problemer kruten duerch Plainten déi gefouert goufen, proposéieren ech den Artikel ganz ze läschen.

Dofir

Dogéint

Ëm wat geet et???[Quelltext änneren]

Et gëtt a leschter Zäit méi geläscht wéi geschriwwen. Ech hätt emol erwaart, mer krite gesot, mat wat den Här Valentiny net averstanen ass. " preziséiert huet, datt an Däitschland scho Leit Problemer kruten duerch Plainten déi gefouert goufen,": Ech verstinn dee Saz iwwerhaapt net. Wien huet wou wat fir Plainte gefouert géint wien? Doriwwer eraus verstinn ech iwwerhaapt net, datt haut (!) ee Biller, déi vum Här Valentiny stamen, eropluet an eis dann zielt hie proposéiert, de ganzen (!!) Artikel ze läschen. A wann ech et sollt verstanen hunn, dann hätt den Här Valentiny gär, säin Artikel, mat deem hien net averstanen ass, sollt op "däitsch/englesch" an der lb-Wikipedia stoen. "proposéieren ech den Artikel ganz ze läschen. ": Dat ass wuel e Witz?! Merci, datt ee mer dat op Lëtzebuergesch/Däitsch/Franséisch/Englesch erkläert. --Cornischong 20:54, 11. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Ech muss soen ech vertinn och net, firwat deen Artikel geläscht sollt ginn. Ass en net relevant? En international renomméierten Architekt huet sécher en Artikel 'verdéngt'. Ass déi Informatioun falsch? Se ass, souwäit ech gesinn, aus ëffentlech zougänglechen an (sou dierf ee wuel unhuelen) 'approuvéierte' Quellen: dem Website vun deem Mann (Link ënnen). Falls eppes falsch wier, sollt et natierlech verbessert ginn. Ass e vollstänneg? Warscheinlech net, mee dat ka jo ausgebaut ginn. Verletzt e Perséinlechkeetsrechter? Kuckt uewen: et steet, no séierem Driwwerkucken, näischt do, wat net och soss enzwësch scho stéing. Ass en op Lëtzebuergesch geschriwwen? Jo, mee dat ass an enger lëtzebuergeschsproocheger Wikipedia, dierf ech hoffen, "normal". Et gëtt keen dru gehënnert, Artikelen an der franséischsproocheger, däitsch- oder engleschsproocheger Wikipedia z schreiwen (et ginn iwwer 250 Sproochen). Et dierf een esouguer d'Artikelen, déi hei stinn, iwwersetzen. Dat eenzeg, wat ech kläre géif, sinn d'Fotoen. An dass den Här Valentiny dat selwer net ännere wëll, wat do steet, ass nëmmen an der Rei: Artikele sollen net autobiografesch sinn, do feelt jidderengem déi néideg Distanz, fir "neutral" ze sinn. --Zinneke 22:50, 11. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]
Ok, dann erklären ech dat Ganzt méi genee. Ech krut e Mail vun engem aus dem Büro vum Här Valentiny, ech sollt mech do mellen, et giff ëm säin Artikel goen a si hätten aner Informatiounen fir an den Artikel. Ech hunn dat dunn och gemacht an ech krut eng CD mat Donnéeën. Et ass en Text deen op Däitsch an Englesch geschriwwen ass, eng Aart Autobiographie mat all den Auszeechnungen an all de Projetën hannendrunn déi den Här Valentiny gemacht huet. Dëst sollt esou an d'Wiki iwwerdroe ginn an dat wat am Artikel drasteet sollt geläscht ginn, laut dem Här Valentiny. Ausserdeem sollt et direkt gemacht ginn. Ech hunn dorobber hinn dem Büro matgedeelt, datt dat net direkt giff goen, well dat Ganzt misst iwwersat ginn an och anescht opgebaut, fir dat et de Wiki-Regelen entsprécht. D'Äntwert war, dat mir kéinten eng Ausnahm machen, well den Här Valentiny international en ugesinnenen Architekt wier, an den Artikel dofir net nëmmen op Lëtzebuergesch kéint do stoen. Den Text misst esou iwwerhollt ginn wéi ech e geschékt krut. Et stong ausserdem dëse Saz dobäi: Veuillez noter qu’en Allemagne, les juristes débattent de ce genre de problème, car beaucoup de personnes lésées ont déjà porté plainte. Wéi wou wat genee domat gemengt ass, kann ech just roden. Eng Kopie vun dem Mail ass ausserdem un den Avekot vum Här Valentiny gaangen.
@ Zinneke: Ech hunn dat Ganzt och un all Adminne weidergemailt.
(@ Alexandra: Entschëlleg, ech hat deng Mail eréischt gelies, nodeems ech hei g'äntwert hat (se kënnt op engem anere Computer un).)
Dofir hunn ech proposéiert den Artikel ze läschen. Den Här Valentiny ass esou wéi den Artikel do steet net averstanen. An esou wéi hien e gäer hätt kënne mir en net dra setzen. Ech hat schonn ugefangen d'Saachen ze änneren a beizefügen, mä nodeems ech dës Mail krut, hunn ech dëst erëm zeréckgesat, idem fir d'Fotoen. --Alexandra 08:33, 12. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]
Ech wëll och nach eng Kéier préziséieren datt net ech et sinn deen deen Artikel gäer geläscht hätt, mä den Här Valentiny selwer. Ech ginn dem Zinneke och honnertprozenteg Recht mat dem wat hie geschriwwen huet --Alexandra 08:33, 12. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Et ass dann alt gutt, daat de Santiago Calatrava an de René Greisch, déi mindestens grad esou bekannt wéi den Här François Valentiny sinn, déi lëtzebuergesch Wikipedia net och nach mat hirem Affekot ploen.

Datt an Däitschland Juristen débattéieren, ass eng Saach, wou se et maachen aas eng aner. Wa Plaintë gemaach goufen, misst en emol gewuer op waterengem Geriicht datt déi verhandelt ginn. Do ass et wou d'Juriste mussen debattéieren. Dofir mol eng Fro: "Ass aus der de:Wiki eppes vun esou Plaintë gewosst? Les Meloures 09:17, 12. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Eng schnell Sich op google.com bréngt dës dräi: 1) 2) 3)
Do wësse mir op d'mannst wat se monéieren. Wat ass et beim François Valentiny? "Ech well net dass iwwer mech op lëtzebuergesch geschriwwe gëtt" oder wat? --Jwh 09:54, 12. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

@Alexandra: "Ech wëll och nach eng Kéier préziséieren datt net ech et sinn deen deen Artikel gäer geläscht hätt": Ass mäi Lëtzebuergesch net méi gutt genuch? Hei uewendriwwer liesen ech: "proposéieren ech den Artikel ganz ze läschen. Dofir [Benotzer:Alexandra|Alexandra]]. Dat emol dozou. --Cornischong 09:27, 12. Feb. 2009 (UTC) @ Cornichong: Dee Kommentär hunn ech elo net verstanen ?? --Alexandra 10:40, 12. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Säi gudd Recht?[Quelltext änneren]

Den Här Valentiny ass net averstane mat dem Artikel dee bei eis op der Wikipedia steet. Hien ass allerdéngs och net domat averstanen fir den Artikel no Wikipedia-Kritären ëmzeänneren a wëll den Artikel, ënnert anerem, op däitsch/englesch drastoen hunn. Well et säi gudd Recht ass net domat averstanen ze sinn...

Op wat fir eng legal Basis gëtt sech do réferéiert?

Am Artikel 19 vum "Pacte international relatif aux droits civils et politiques" 1966 steet:

1. Nul ne peut être inquiété pour ses opinions.

2. Toute personne a droit à la liberté d'expression; ce droit comprend la liberté de rechercher, de recevoir et de répandre des informations et des idées de toute espèce, sans considération de frontières, sous une forme orale, écrite, imprimée ou artistique, ou par tout autre moyen de son choix.

3. L'exercice des libertés prévues au paragraphe 2 du présent article comporte des devoirs spéciaux et des responsabilités spéciales. Il peut en conséquence être soumis à certaines restrictions qui doivent toutefois être expressément fixées par la loi et qui sont nécessaires:

a) Au respect des droits ou de la réputation d'autrui;

b) A la sauvegarde de la sécurité nationale, de l'ordre public, de la santé ou de la moralité publiques. Quell:Haut Commissariat des Nations Unies aux droits de l'homme

Duerch Gesetz vum 3 Juni 1983 huet Lëtzebuerg dee Pacte ratifizéiert mat dëser Restrictioun: c) Le Gouvernement luxembourgeois accepte la disposition de l´article 19, paragraphe 2 du Pacte international relatif aux droits civils et politiques à condition qu´elle ne l´empêche pas de soumettre des entreprises de radiodiffusion, de télévision ou de cinéma à un régime d´autorisations. Quell: Mémorial

Eng komplett Läschung vum Artikel schéngt mir duerfir hei net ubruecht ze sinn. Wann awer Elementer déi am Artikel stinn géint en anert Recht verstoussen, da sollen déi Elementer ëmgeännert oder geläscht ginn. Duerfir misst een awer gewuer gi wat fir eng Elementer vum Artikel contraire zu wat fir engem Recht sinn.--Fliedermaus 09:32, 12. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien, D'Wikipedia ass bekanntlech eng Enzyklopedie, a kee Webspaceprovider, wou ee gratis Reklamm fir sech oder fir anerer maachen oder CDe publizéiere kann. Et ass eng Enzyklopedie, an deer neutral an iwwerpréifbar Fakte stinn iwwer Saachen, Plazen a Leit, déi gewësse Relevanzcritèren entspriechen. Wann ee mengt (a mengentweegen den Här V. selwer), en Artikel iwwer de F.V. wier net relevant, soll en dat op der Säit vum Artikel zur Diskussioun stellen - am beschte mat Argumener. Wann ee mengt, déi Saachen déi dra stéinge wiere falsch, soll en dat, mat Quell, verbesseren (an anengems déi, déi um Artikel matgeschriwwen hunn, an dat hei liesen, hir Quellen nodréiglech an enger Foussnout uginn, dat mécht jidderengem d'Iwwerpréife méi einfach). Wann ee mengt, do géif nach dët an dat derbäi gehéieren: Wann ech glift: den "Änneren"-Knäppchen ass just e Klick ewech. Dass an Däitschland Juristen iwwert "dee" (wat fir ee?) Probleem diskutéieren, well vill Leit (ween?) eng Plainte (géint ween?) gemaach hätten, ass schéin a gutt, dofir si Juristen do, fir mateneen ze debattéieren. Soulaang hei näischt steet, wat manifestement falsch ass, géint Copyright oder géint Perséinlechkeetsrechter verstéisst, gesinn ech kee Probleem fir d'lb:Wiki oder hir Mataarbechter. Ech widderhuelen dofir, wat ech sot: Ech giff déi Fotoen ënner Copyright eraushuelen, den Text mat deem, wat op dem Homepage vun deem Mann steet, ofgläichen, déi eng oder aner Quell wéi de LuxLex erbäihuelen, an dann de Kapp a Rou leeën. --Zinneke 09:37, 12. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]
(Zur selweschter Zäit wéi dat heidriwwer vun der Fliedermaus geschriwwen, dofir zum Deel redundant.)
Wéi gesot, ech hunn et gudd gemengt fir dem Här Valentiny ze hëllefen deen Artikel ze verbesseren. Elo sinn ech méi schlau an ech wäert mech op esou eppes och schonn net méi alossen a mech un dem Zinneke séng Wierder hei uewendriwwer haalen.
Fir Problemer ze évitéieren, hunn ech proposéiert den Artikel ze läschen. Ech si kee Jurist a kann dat och net beurteelen, wat säi Recht oder net ass (ech huelen dofir dee Saz: et ass säi gudd Recht erëm zeréck). Wann dir der Meenung sidd, datt den Artikel esou ka stoe bleiwen, dann ass dat fir mech och ok.--Alexandra 10:49, 12. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Dee véierte Fall[Quelltext änneren]

Dëst ass dee véierte Fall, bei deem direkt oder indirekt mat Affekote jongléiert gëtt.

  • Deen éischte war de Fall vun engem Editeur, deem et op de Wecker gaangen ass, datt hei all gudden Dag eng IP Behaaptungen an d'Welt gesat huet, ouni eng Spur vu Bewäis. Nodeems dee Mann hei dat Wuert Affekot fale gelooss huet, hunn der e puer an d'Box gemaach, a wollten de ganzen Artikel läschen. No engem Telefonsgespréich mam Mann konnt dat gereegelt ginn.
  • Deen zweeten: Eng Persoun, déi en Artikel huet, fillt sech duerch duerch e Kommentar, deen elo op der "Schmunzelsäit" steet, emmerdéiert, a wëll den Artikel iwwer si onbedéngt geläscht hunn. Do spillt sech am Ament en net komesche Kramp of tëscht e puer Klatzkäpp vun Adminnen, déi sech drunhalen, all Kéier, wann déi Persoun nees den Text an dem Artikel "geläscht" huet, deen nees dranzesetzen. An dat schonns iwwer eng Dose Mol!!
  • Den drëtte Fall: Do geet et ëm d'Duechter vun der virechter Persoun. An do leeft dee selwechten Zirkus of. Meng Meenung iwwer déi zwéin: E kuerzen Artikel mat e puer kuerzen Donnéeën iwwer déi Leit, an de Rescht, deen, looss mech dat emol esou soen "net zoufälleg" drasteet, op de Fouss geholl. Iwwregens sinn ech net der Meenung, de Kommentar op der Schmunzelsäit ze läschen!! Ech hunn e wierklech witzeg fonnt,eppes dat hei ganz seelen ass. An dobäi brauch kee Mënsch sech dovun ugegraff ze fillen, ausser déi, déi an hirer bezuelter Aarbechtszäit sörfen.
  • An elo de Fall, bei deem et, no menger Meenung (!!!), ëm e fatzege Malentendu geet, deen net mat zwou Mailen aus der Welt ze schafen ass. Et lount sech, op alle Fall, déi Sachen ze reegelen, well an dësem Joer si Walen, an da wäerten nach där Fäll de Kapp hiewen. Et geet weider. --Cornischong 09:48, 12. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

"Le Gouvernement luxembourgeois accepte la disposition de l´article 19, paragraphe 2 du Pacte international relatif aux droits civils et politiques à condition qu´elle ne l´empêche pas de soumettre des entreprises de radiodiffusion, de télévision ou de cinéma à un régime d´autorisations." O Mamm, o Kanner mer wäerten dach elo net de Salto schloen; hei am Ländche ginn déi Saache mat engem Gespréich gereegelt.  : "Den Här Valentiny ass net averstane mat dem Artikel dee bei eis op der Wikipedia steet": Ech si mer do guer net sécher; ech hunn net mam Mann geschwat an ech hunn nach keen Text vum Mann ze liese kritt! Iergendwéi kënnt dat mer "onkloer" vir. Ech widerhuele mech: "no menger Meenung (!!!), ëm e fatzege Malentendu geet". --Cornischong 09:59, 12. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Gudde Moien,

Ech hunn haut der Mme Mellinger um Bureau Valentiny eng Mail gemaach mat den Explicatiounen déi si an engem Telefonsgespréich gefrot hat, an hir gesot datt ech mech och fir weider Explicatiounen zur Verfügung halen. Losse mer elo mol ofwaarden

Mataarbechter déi gären eng Copie dovunner hätten brauche sech nëmmen iwwer Mail bei mir ze mellen.

Les Meloures 11:53, 13. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Gudde Mëtteg
Hei, ech. Merci. --Cornischong 12:29, 13. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]


Intressant De Kierfecht vun de geläschten Artikelen

Translatewiki.net update[Quelltext änneren]

  • Translatewiki.net formerly known as Betawiki is where the Internationalisation and Localisation of MediaWiki is concentrated. Over 300 languages are supported, issues with MediaWiki programs are dealt with. We need all the help we can get to ensure that we can maintain this service in the face of an increasing workload.
  • Currently 97.22% of the MediaWiki messages and 90.09% of the messages of the extensions used by the Wikimedia Foundation projects have been localised. Please help us help your language by localising and proof reading at translatewiki.net. This is the recent localisation activity for your language.

Konscht a Könschtlersäiten[Quelltext änneren]

Bonjour alleguer,

Ech hoffe, dass ech daat hei elo richtech maachen. Virun enger gewesser Zäit sin ech op Wikipedia opmierksam gin, wann ech dest oder daat um Internet nogesicht hun. Heiansdo, besonnesch an Zäite wou' graad eng Ausstellung am Gang war, och iwwer mech selwer... Op dene komeschste Plaatsen fennt ee jo eppes, waat Leit op d'Netz setzen. (Heiansdo wierklech egal waat). Dobäi hun ech och d'Wikipedia-Säit iwwert mech fonnt, dei deemols just eng "ébauche" war.

Ierjend eng Keier hun ech mer Zäit geholl, viir de curriculum vitae an dei lescht Deech en neie Link op mein aktuellen Internet-site mei ausfeierlech op den Wikipedia ze setzen. Ech hun do de Problem, dass ech als (nach:-) liewechen Könschtler warscheinlech jo an de Wikipedia geheieren, ( soss hätt ech jo näischt do iwwert mech fonnt) a gläichzäitech ass daat natierlech och neess eng Reklam, ob ech daat elo wöll oder nött.

Ech hun jiddefalls probeiert, daat Ganzt objektiv an esou kuerz ewei meijlech ze hale. Ech wollt och entweder e Bild oder eng Foto vu mir drop setzen, awer do wollt ech är Meenung driwwer wessen.

Doduerch, dass ech mech zimmlech gudd am Konschtmilieu auskennen, hun ech mer och iwwerluet Säiten, dei ereischt eng ébauche sin vu Kollejen a Kollejinnen op ze bauen ( mat hinne zesummen, wann se emol op Besuch hei sin, weinstens waat hiir genee Donneen ubelaangt). Ech denken un d'Dany Prum, D'Su Mei, de Moritz Ney, de Bertrand Ney, de Brandy, den Antoine Prum an esou weider, also elauter Leit, dei een elo nött kann als Hobby oder Geleejenheetskönschtler bezeechenen.

Natierlech stellt sech do eng ethesch Fro iwwert "Wou fänkt eng Reklamm un a wou d'Informatioun?"... Mee bon, dir könnt iech jo warscheinlech all gudd viirstellen, wei "einfach" et ass, als fräischaffende Könschtler ze existeieren.

E leschte Problem, deen ech hun ass d'Lötzebuergesch schreiwen. An där Zäit, wou ech an d'Schoul goung, do war daat alles nach guer nött defineiert. Ech liesen daat elo um Wikipedia lues a lues, genee ewei ech lues a lues probeieren mat Computeren eens ze gin: waat ee mei aal gött, waat daat alles ömmer mei komplizeiert gött.

Ech hoffen, daat hei interesseiert iech e bessen. Ech hoffen och, dass ech daat Alles op dei richtech Plaatz geschriwwen hun. Wann een mech well privat erreechen, hei meng E-Mail Adress: jmbr@pt.lu (Vill mei'einfach viir mech). Mat beschte Greiss un iech all,

Jean-Marie Biwer


Moien Här Biwer, villmools Merci fir Ären Intressi! Dat hei ass schonns déi richteg Säit, fir dëst Thema ze beschwätzen.
Fir d'éischt emol zum Thema "Reklamm an net": D'Wikipedia versicht, eng neutral an objektiv ("enzyklopedesch") Approche zu den Themen ze hunn, déi beschriwwe ginn. Ee Critère ass d'Relevanz: Bei Kënschtler ass d'Linn tëschent Hobbymoler, talentéierte Fräizäitkënschtler a Fräischaffenden net ëmmer liicht ze zéien. Bei deene Leit awer, déi Dir opgezielt hutt (Iech abegraff) ass et jo esou, dass déi sech duerchaus "en Numm" an hirem Domaine gemaach hunn, dofir gesinn ech kee Probleem, dass et iwwert si hei en Artikel gëtt. Dat zweet ass, wat dodra kënnt. Dir schreift selwer, dass der dat Ganzt "objektiv an sou kuerz wéi méiglech" hale wéilt. Ma genee sou soll et sinn ;-)! E biographeschen Artikel soll en neutralen a konzisen Iwwerbléck iwwert eng Persoun ginn an dat, wat se mécht oder gemaach huet, firwat se an engem enzyklopedeschen Artikel steet.
Zu de Fotoen a Biller: Senge Grënnungsprinzipen no ass d'Wikipedia eng "fräi" Enzyklopedie, d.h., datt d'Mataarbechter d'Rechter op dat, wat se publizéieren, der "Allgemengheet" oftrieden. Bei Fotoe bedeit dat, dass dës entweder schonn am 'Public domain' solle sinn, oder awer vun deem, dee se gemaach huet, eng fräi Lizenz kréien (déi Gängest ass 'Creative Commons Share alike Author Namend', d.h. et dierf jidderee se weider gebrauchen, mee net ënner enger "manner fräier" Lizenz, an den Auteur muss ëmmer ernimmt ginn).
Wann Der der do hätt (z.B., déi Dir selwer vun anere Leit gemaach hutt), an Der bereet sitt, déi ënnert deene Bedingungen op der Wikipedia ze publizéieren (déi Leit drop natierlech och), wier dat natierlech méi wéi wëllkomm. Falls Der Probleemer oder Froen hätt, kritt der gär vun engem, dee grad hei online ass, gehollef.
Zum Lëtzebuergesch-Schreiwen: Bal jiddereen ass an Ärem Fall, well d'Ëmstänn sinn, wéi se sinn, mee 't ass weider keen Drama, a sollt sécher keen Hënnerungsgrond sinn, ze schreiwen. Och hei kritt Der gär vun engem anere Matschreiwert eng Hand ugepaakt (well d'Prinzip vun der Wikipedia ass jo, dass jiddereen, deen eppes bäidroe kann, dat och maache kann). Mat der Zäit gesäit een dann, wat verbessert gouf, an da kann een déi gängest "Feeler" liicht vermeiden.
Op eng gutt Zesummenaarbecht! --Zinneke 14:34, 16. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]
Ech hu mam Här Biwer déi Saach duerchgeschwat. Dat leeft. --Cornischong 14:58, 16. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]
Tipptopp! --Z.

Villmols merci viir Är Hellefsbereedschaft[Quelltext änneren]

Gläich e puer Leit hu mech direkt no mengem Brei'f op deser Plaatz kontaktei'ert a mir gär a vill gehollef. Hinnen alleguer e grousse Merci. Am Ablack si mer hei "uawwen" ageschneit, mee am Frei'joor kommen dei' eng oder aaner (Konscht-) Kollejen a Kollejinnen bestemmt op Besuch, an da kucke mer zesummen fiir d'Enzyklopedie mei' komplett ze maachen.

Et versteet een och ganz gudd, dass daat hei vill Aarbecht vun dene verlaangt, dei' Recherchen an alle Beräicher maachen. Een eenzelne Mensch kann sech jo onmeijlech an all Fachgebidd au'skennen. An dann och nach dei ganz Urheberrechtsgeschichten an/oder Ego-Ufäll bei verschiddenen Persou'nen a waat engem soss op enger Plaatz wei' hei alles geschei'e kann.

Ech bastelen elo nach weider u mengem neien Internet-site, wei'nstens esou laang ewei meng Nerven daat packen. Computeren a Moler liewen an engem gronnverschiddene Stäresystem:-)))

Nach eng Kei'er villmols merci un iech alleguer, a bis geschwenn,

Jean-Marie

Letzebuerger Könschtlersäiten[Quelltext änneren]

Bonjour alleguer,

Ech hun dem Moritz Ney, dem Brandy , dem Bertrand Ney Bescheed gesot. Mam Moritz maachen ech daat eng Kei'er bei mir um Computer, hien wunnt jo praktesch ganz elo am Eisleck mee hie muss an d'Staat viir seng Ennerlagen, dei' hien um Wikipedia wöllt veröffentlechen, zesummen ze sichen. De Brandy mellt sech bei iech, hien huet mer göschter en E-Mail gemaach.Wann hien sech mellt wöst der Bescheed. De Bertrand Ney muss ech nach eng Kei'er an't Gebied huelen: hien ass eng Katastrof waat Computeren ubelaangt. Wann eppes mei' geschidd, soen ech iech daat. Ech sin selwer och en Eefalt: d'Geneviève Biwer ( also meng eege Fra) huet eng "Skizz" als Säit. Daat maachen miir der Deech eens zesummen, esou' baal mer Zäit hun. Ech probei'eren un den Antoine Prum ze kommen, ( hien wunnt zu Berlin) , un de Roda ( Düsseldorf) an esou' weider. Tsu Mei ass a Japan am Ablack, mee seng Säit ass jo schons zimmlech gudd.

Bis geschwenn,

Jean-Marie


Lëtzebuergesch, eng onsécher Sprooch[Quelltext änneren]

D'Unesco huet haut hiren neie Sproochatlas vun de Sproochen déi a Gefor si virgestallt. Dee gëtt et elo och als Online Versioun. Lëtzebuergesch steet do mat "onsécherem" Status, d.h. et ass vläit nach eppes ze retten, oder och net. D'Stuf direkt ënnert eiser an der Unesco hirem Index ass déi vun "effektiv a Gefor", wou ee Wallounesch a Sorbesch fënnt. Ech hätt dat éischter "onrettbar verluer" genannt, mee d'Unesco bréngt et fäerdeg, do drënner nach zwou Stufen ze setzen ier eng Sprooch definitiv dout ass, an zwar "seriö a Gefor" wéi z.B. Loutréngesch, a "kritesch" wéi z.B. Barsani Jiddesch Neo-Aramäesch mat knapps 20 Spriecher iwwer 70 Joer. An honnert Joer si mär vläit och schonn do ukomm, ausser mer maachen net weider esou wéi bis ewell, wéi an der Wortkommentaren zum Thema hoart gefuerdert gëtt. Mee wann dem Schmatt seng Kaz dat kritt wat doropshi wuel leider geschéie wäert... --Otets 20:44, 19. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

De Schoulrapport vum Ministère ass eraus (op Franséisch). Just nach 50,6% vun alle Kanner am ëffentleche Schoulsystem am Précoce, a Spillschoul an a Primärschoul hunn d'Lëtzebuergescht als éischt (Mamme)sprooch, mat klorer Tendenz vu bal 2% pro Joer no ënnen. Wann ee bedenkt, datt eng 7,4% vun alle Kanner an deem Alter an eng Privatschoul gi wou net emol 1/10 dervu Lëtzebuerger ass (Sproochestatistike gëtt et do leider keng), da kann ee soen datt an deer Generatioun déi do nokënnt e gudde Krack manner wéi d'Hallschent (ech kommen op 42%, mee dat ass Gespekuléiers) Lëtzebuergesch als éischt (Mamme)sprooch huet. Do kann ee just hoffen datt der relativ vill vun deenen aneren d'Lëtzebuergescht als zweet oder soss Friemsprooch léieren, gutt beherrschen, gebrauchen an och héichhalen, well soss ass den Unesco-Rapport just puren Euphemismus. --Otets 20:01, 24. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

D'Wikipedia op Lëtzebuergesch e "Versuch, die luxemburgische Fachsprache auf- und auszubauen"[Quelltext änneren]

De Linguist Peter Gilles schreift an enger rezenter Publikatioun iwwer geschwaten a geschriwwe Kommunikatioun zu Lëtzebuerg dat hei iwwert d'lb:Wikipedia:

Die [luxemburgische] Wikipedia bietet zum ersten Mal in breitem Maße die Möglichkeit, situationsentbundene Texte zu verfassen, die fast ganz dem konzeptionell -schriftlichen Pol zuzuordnen sind. Die Arbeit an einer solchen Enzyklopädie zwingt die SchreiberInnen gleichzeitig auch dazu, Terminologiearbeit zu betreiben, die für die Herausbildung eines Fachwortschatzes notwendig ist.
[...] das tatsächliche Potenzial solcher Internetprojekte [kann] für den Status des Luxemburgischen als nicht bedeutend genug eingeschätzt werden. Tatsächlich dürfte nämlich bei der luxemburgischen Wikipedia weniger die tatsächliche Rezeption im Vordergrund stehen als vielmehr die Produktion von Texten.
Die Autoren und Überarbeiter testen hier die Leistungsfähigkeit des Luxemburgischen als Fachsprache und leisten damit wertvolle Arbeit am Sprachausbau. Gleichzeitig schulen die Autoren – bewusst oder unbewusst – ihre schriftliche Kompetenz im Luxemburgischen.
[…]

Gilles, Peter: "Mündlichkeit und Schriftlichkeit in der luxemburgischen Sprachgemeinschaft." in: Mein, Georg / Sieburg, Heinz (Hg.), Medien des Wissens, Interdisziplinäre Aspekte von Medialität. Bielefeld 2008.