Wikipedia Diskussioun:Ierbessenzielereien

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Wat gehéiert op dës Ierbsesäit[Quelltext änneren]

Hëls du fir d'Meilesteen just den Total um Enn vun all Dag oder net awer léiwer déi "ronn" Artikelzuele, wéi z.B. 5450, 5475, 5500? --Otets 14:00, 18 August 2005 (UTC)

Fir d'Meilesteng huele mer natierlech nëmmen d'Zéngdausenderbléck. Dofir heescht dës Säit jo "Ierbessenzielereien" --Cornischong 14:08, 18 August 2005 (UTC)

Wann der d'25er-Bléck ze grouss sinn, dann huel Zingterbléck oder Fënnefterbléck. Dofir nach eng Kéier meng Fro: Hues du déi all gelies? Hm, falsch Fro, et sollt heeschen: Solle mer fir d'Meilesteen just den Total um Enn vun all Dag oder net awer léiwer déi "ronn" Artikelzuelen huelen (z.B. 5490, 5495, 5500)? --Otets 15:09, 18 August 2005 (UTC)

Schéin, propper, ënnereneen, iwwersiichtlech, a pedantesch genee. Wot nach Een, méi z'erwaarden? --Cornischong 00:31, 23 August 2005 (UTC)

Alles schéin, mee sou richteg kann ech domat trotzdem näischt ufänken ... Myriam 22:59, 2 September 2005 (UTC)

Vum Zielen vun den Ierbessen oder: E Sak Ierbessen deen ëmfällt[Quelltext änneren]

Moien,

Ech hu grad festgestallt, dass mer eng liicht Divergenz tëschent dem alldeegleche Geziels an de Meilesteng (Éischter: Ielesteng) hunn:

Hëllt een d'Säit "Nei Artikelen", an 't zielt een der 50 bei de Sechsdausender-Artikel dobäi, landt ee bei "Déierebech". Hëllt een den Décompte vu virgëschter (6047) an 't zielt een der 3 vu gëscht derbäi, fir op 6050 ze kommen, landt een zu "Aasselbur".

Mee d'Sonn schéint dobaussen, meng Kaffispaus ass eriwwer, an d'Welt dréit weider. Näischt Wichteges, deemno!

--Zinneke 08:20, 13 Oktober 2005 (UTC)

Äppel a Biren ???[Quelltext änneren]

Wann d' "Aktualitéit"-Säit mär erzielt, "Mir sinn den 30. Oktober 2005, 21:50 UTC; et sinn 6.209 Artikelen an dëser fräier Enzyklopedie disponibel." an den Tomateus setze um 21.57 den "Aibo"-Artikel dran, da géif ech alt behapten, deen Dag hätte mer 6.210 Artikele gehat. Leien ech falsch? --Cornischong 23:38, 30 Oktober 2005 (UTC)

D'Aktualitéitssäit erzielt vill, wann den Dag laang ass. Oder du hues nach ëmmer d'Summerzäit an de Preferenzen agestallt. Oder esou. Anescht kann ech mer et och net erklären, well am Moment hu mer 6.212 Artikelen an haut goufe schonns 3 Artikele geschriwwen, also hätte mer gëscht 6.209 Artikele gehat. A wa mer um Enn vum 29. Oktober 6.200 Artikelen haten, da seet d'Säit vun den Neie Säiten, datt mer 9 nei Artikelen den 30. Oktober bäikruten, also um Enn 6.209 Säiten haten. --Otets 11:11, 31 Oktober 2005 (UTC)

Wann d' "Aktualitéit"-Säit mär erzielt, "Mir sinn den 30. Oktober 2005, 21:50 UTC; et sinn 6.209 Artikelen an dëser fräier Enzyklopedie disponibel." nodeems ech meng Preferenzen schonns mueres op Wanterzäit gesat hat, an den Tomateus setz um 21.57 den "Aibo"-Artikel dran, da géif ech alt behapten, deen Dag hätte mer 6.210 Artikele gehat. --Cornischong 12:04, 31 Oktober 2005 (UTC)

Klengt bis dohi logesch. Mee de Problem kënnt elo: Wann d' "Aktualitéit"-Säit mär erzielt, "Mir sinn den 31. Oktober 2005, 00:02 UTC; et sinn 6.210 Artikelen an dëser fräier Enzyklopedie disponibel." nodeems ech meng Preferenzen schonns owes op Wanterzäit gesat hat, an ech um 00:00 den "Zombie Film"-Artikel dragesat hunn, da géif ech alt behapten, deen Dag virdrun hätte mer 6.209 Artikele gehat. D'Kaz bäisst sech an de Schwanz: d'Aktualitéitssäit kréckelt der heiansdo, all Reklamatioune ginn un d'Devs. --Otets 13:59, 31 Oktober 2005 (UTC)

Deelerklärung vum "Kréckelen": d'Aktualitéitssäit ass UTC an d'Nei Säite MEZ. Dofir soll een net d'Aktualitéitssäit kucke mee d'Statistiksäit. --Otets 17:25, 31 Januar 2006 (UTC)

Hah ann ech si schonn eremm net mat derbäi. Ech gi mer awer Méi (oder manner) Myriam 01:44, 15 Januar 2006 (UTC)

Du mengs bäi de Meilesteen, oder wéi? --Otets 02:15, 15 Januar 2006 (UTC)

Jo natiirlech, dat ass wéi am Lotto, iergendwéi Myriam 02:18, 15 Januar 2006 (UTC)

Et ass effektiv e wéineg ongerecht, well et kann do een hannerteneen 49 Artikele schreiwen, mee da kënnt en aneren a schreift dee 50sten a just dee gëtt dann ernimmt. Fir deng Chancen ze verbessere kanns de jo vun Zäit zu Zäit d'Statistiksäit kontrolléieren a wann s de gesäis datt de Compteur no un e Meilestee réckelt kanns de dech nach méi wéi soss drugi mat schreiwen. --Otets 02:34, 15 Januar 2006 (UTC)

Jo, jo, ech fannen dat och ongerecht. Herno, wann d'Reese verloust ginn ënner de Meilesteeschreiwer sinn et ëmmer déi selwecht zéng Leit, déi dobäi sinn. --Cornischong 10:48, 15 Januar 2006 (UTC)
LOL, nee sou wichteg ass et dann och net. Myriam 13:39, 15 Januar 2006 (UTC)

D'Fro iwwerrascht vläit: Wéi gëtt gezielt?[Quelltext änneren]

Well elo grad den Otets hei eng Zielung no der "Cornischongs-Method" aktualiséiert huet, wollt ech mol sécher sinn, wéi eis Zielerten hir Ierbessen zesummekréien? Souwäit ech weess

  • kann een op d'Haaptsäit goen, wou ee gewuer gëtt, wivill Artikelen "am Moment" an der Wiki sollte sinn;
  • et kann ee bei de "Rezenten Ännerungen" nokucken, an do zielen, wat mat engem "N"-Label an engem Dag (oder zënter dem leschte Meilesteen) bäikomm ass;
  • et kann een op der Spezialsäit "Nei Artikele" kucken, wou een eng propper Lëscht mat Datum an Auerzäit huet.
  • op der Statistiksäit kënnt een och zu enger Gesamtzuel ("no Ofzuch vu Redirecten, Diskussiounssäiten, asw.").

A well dat zevill einfach wier, hei d'"Hick"en:

  • Deemno, iwwer wat fir e Provider ee fiirt, geet de Compteur op der Haaptsäit hei ans do "no" (wat een och um Datum ka gesinn).
  • bei de Rezenten Ännerungen ass bei 500 Ännerunge Schluss, wat, wa vill geännert gouf a wéineg nei Säite bäikoumen, ka bedeiten, dass een net bis zum 50. neien "duerchkënnt".
  • D'Säit "Nei Artikelen" ass zwar schéin iwwersiichtlech. Ech hunn awer zB gemierkt, dass, wann en neien Artikel kuerz no sengem Schafe geréckelt gouf an den uersprénglechen Numm geläscht gouf (zB wéinst Tippfeeler), dësen net hei optaucht (och net dem neien Numm).

An dann ass nach d'Saach mat der Auerzäit, déi jo och, je nodeems, a "richteger" oder an Universalzäit ass.

Fir dass mer all methodologesch op enger Linn kënne sinn: Kinnt Dir, Otets an/oder Cornischong, Är Zielmethod hei kuerz erkläeren?

--Zinneke 16:38, 31 Januar 2006 (UTC)

Eene, meene, mu. Nodeems ech mech eng Zäitchen drëm gekëmmert hat, a vun 10 Kéieren der 9 "falsch" hat, hunn ech mam Zielen de Geescht opginn. Eng Kéier war et d'Summer- oder d'Wanterzäit, déi aner Kéier war et net déi Donnéeeë vun der Aktualitéitssäit, mee déi vun der Statistiksäit, an da waren et awer net déi vun der Statistiksäit. Ech hu schonns geschriwwen , datt ech anscheinend ze domm dofir sinn, an et dowéinst kaum erkläre kann. --Cornischong 16:54, 31 Januar 2006 (UTC)

Genee dat ass déi vu mär ernimmte Cornischongsmethod, déi sech op Cache-Zäiten an UTC-Format baséiert fir d'nei Artikelen ofzezielen, a bäi deer et dem Cornischong no haaptsächlech drop ukënnt datt se iwwerhaapt e Resultat produzéiert. D'Otetsmethod ass och net perfekt, mee baséiert sech op d'Statistik- an Nei Säite-Säit, déi à jour sinn a preferenzeméisseg op MEZ gesat goufen. Ënnerscheeder tëscht deenen zwou Säite musse versicht ginn iwwert de Läschungslog ze erklären - a wann dat net méiglech ass da soll wéinstens d'Ierbsenzomm arithmetesch richteg sinn. --Otets 17:20, 31 Januar 2006 (UTC)

Däerfe mer lo nees an der Realitéit landen? Merci. Datt mer eng Kéier op Thema "Cache-Zäiten an UTC-Format" géife kommen, hätt ech mer net dreeme gelooss. Ech wollt mat där Lëscht e Begrëff kréien, wéi et dann esou mat den Artikele weidergeet. Et berouegt mech natierlech ongemeng, datt déi aktuell Method et erlaabt fir datt eis Ierbessen "preferenzeméisseg op MEZ gesat goufen". Esou kann ech alt mueres méi laang am Bett leie bleiwen. --Cornischong 22:44, 31 Januar 2006 (UTC)

Op der Haaptsäit weist mäi Firefox (jo, et ass den 1.5!) mer "7.952" Artikelen un. Mäin IE weist mer der "7.953" Artikelen un. Op der "Statistiksäit" "ginn et waarscheinlech 7,953 richteg Artikelen". Wann ech d'Artikelen ziele sinn et der 4 Stéck:"Rouen", "Déi Lénk", "Rob Roemen" an de "Munich". Gëscht waren et der " 30. Januar: 7927 + 10". Fazit: 7927 + 4 = 7952 (oder 7953) oder dach? --Cornischong 23:16, 31 Januar 2006 (UTC)

Merci fir déi androcksvoll Live-Demonstratioun vun der Cornischongsmethod, mee et war och schonn ouni Beispill gewosst datt ee mat Cache-Zuelen a Cache-Zäiten an UTC-Format keng korrekt Resultater kréie kann. D'Artikelzuel vun der Haaptsäit kënnt meeschtens aus dem Cache an ass dowéinst net aktuell, et muss een also déi vun der Statistiksäit huelen (an a senge Preferenzen déi aktuell Zäit zu Lëtzebuerg richteg astellen). Dann däerf ee roueg bäi den Neie Säiten déi vu Bote geschriwwen Artikel derbäizielen, grad esou wéi déi Artikelen déi deen Dag geréckelt goufen an deer hire Redirect geläscht gouf, minus déi déi an der Vergaangenheet geschriwwen an deen Dag geläscht goufen. Ech kommen also op 26 nei Artikelen an en Total vu 7953. --Otets 10:13, 1 Februar 2006 (UTC)

"an a senge Preferenzen déi aktuell Zäit zu Lëtzebuerg richteg astellen" :Tatsächlech. Steet dofir bei der Ënnerschrëft 10:13, a bei de rezenten Ännerungen 11:13 (Meng Auer op de "Rezenten Ännerunge ass déi aktuell Zäit zu Lëtzebeurg). Merci fir déi androcksvoll Live-Demonstratioun. --Cornischong 10:57, 1 Februar 2006 (UTC)

Jo, genee. D'Ënnerschrëft ass UTC an d'Auer op de Rezenten Ännerungen ass MEZ. --Otets 11:04, 1 Februar 2006 (UTC)

"Dëst Joer, am Juli 2006, dierfte mer déi magesch Limit vun 10.000 Artikelen iwwerschreiden." Ech mengen dat kréie mer schonn éischter hinn, oder? --Myriam

Dat kéint duerchaus sinn. Iwwer déi leschten dräi Méint hu mer eis stänneg gesteigert an esou de Stéchdatum vun Enn Juli op Ufank Juli virverleeë kënnen. Wa mer an Zukunft weider sou produktiv bleiwen a keen Abroch erliewen, da wäert ech meng Prognos korrigéiere mussen. Ze hoffe wier et. --Otets 09:50, 7 Februar 2006 (UTC)

Därfe mer héi Wetten ofschleissen? Ech schätzen dass et am Juni schons esouwäit ass! --Pasbal 21:03, 8 Februar 2006 (UTC)

Wa jidderee säint dozou bäidréit, da kann dat duerchaus sinn. --Otets 21:44, 8 Februar 2006 (UTC)

Ech denken dat geet net méi op. Leider si vill Leit ofgesprongen. Mir hätte vill méi kéinten hikréien mat all deene Leit dei hei schaffen. Myriam 21:54, 6 Juni 2006 (UTC)

Nee Cornischong[Quelltext änneren]

Nee, bei aller Léift, ganz vill Leit hunn d'Flemm hei kritt, a net méi vill hei geschriwwen; soss hätte mer déi 10.000 bis elo scho geschafft. Mee alles ass nach net verluer. Déi meescht denken: ech hunn emmer nach d'Loscht vir hei mat bäi ze droen, also ..... Myriam 22:47, 6 Juni 2006 (UTC)

Ech weess zwar net firwat s de déng Äntwerten hei geläscht hues, mee just nach als Commentaire dozou: ech hu net vun deene geschwat déi wierklech vill hei zur Wiki bäidroen, mee vun deenen déi manner reegelméisseg hei sinn Myriam 08:42, 7 Juni 2006 (UTC)

Ech sinn nach net sou vill gewinnt hei, mee eppes fält mer haut op. Et gi vill tolerant Wikipedialeit hei: Déi sech mat engem Kuerzbesuch op den Talksäite begnügen, loossen déi aner roueg schaffen. An nach eppes; vun de leschten 100 neien Artikelen sinn der (iwwer den Daum) mol net 20% iwwer lëtzebuergesch Saachen. Dat ass net vill! --Luftikuss 09:10, 7 Juni 2006 (UTC)

Salut Luftikuss, jo Toleranz gëtt hei ganz grouss geschriwwen. Wat déi lëtzebuergesch Artikele betrëfft: jiddferengem no séngem Gout. Déi eng hunn Zäit fir am Land Recherchen ze maachen, déi aner villäicht net esou an déi hänken doheem a musse kucken ob se d'Informatiounen iwwert den Internet kréien an dann zesummen an en Artikel verschaffen. Ech denke mir brauchen déi eng an déi aner hei. Myriam 20:45, 7 Juni 2006 (UTC)

Beetebuerg an aner "onwichteg" Saachen[Quelltext änneren]

Moie Myriam. Wann een den Artikel Beetebuerg hei mat deem an der Wiki fr vergläicht: Hei geet mol net d'Ried, datt zu Beetebuerg e Mäerchpark ass, hei geet iwwerhaqapt net d'Ried, datt do eng Eisebunn eng Roll spillt (ausser der Foto mam ale Parking!!) , et geet net d'Ried, datt Beetebuerg un enger Autobunn ass, kee Wuert (ausser een eenzegt Wuert vun engem däitsche Wikipediamënsch) iwwert den Eisebunnstriage, kee Wuert iwwer d'Nopeschgemengen. Datt Beetebuerg am Uelzechtdall läit fannen ech an der Wiki fr awer kee Wuert dovun hei! An der franséischer steet dat alles dran! An déi kommen net op Lëtzebuerg froen, mee ech ginn dovun aus, datt déi sech um WWW informéieren. Dat ass de wonne Punkt hei. Iwwer de Floss Sauer stinn an der Wiki fr d'Baachen, déi dra lafen, heisteet doriwwer näischt. Dat huet guer näischt ze di mat Wikipedialeit, déi doheem sëtzen, mee déi meeschten Uertschaftsartikelen hunn eng Foto vun enger Kierch an dat war et dann. Et ass mol kaum ee wëllens, op d'Site vun de Gemenge kucken ze goen, an e puer Wuert zu der Geschiht vun der Uertschaft ze schreiwen. Et sinn der jo hei, déi flott Fotoe maachen aus dem ganze Land, mee wa kenn eppes schreift, stinn d'Fotoen och plakeg do. Op der Wiki fr stinn Artikelen iwwer d'Gemengesyndikaten zu Lëtzebuerg, a watfir Gemengen Member sinn. Hei ass guer näischt dovun ze gesinn! Et geet mol keen déi aus der Wiki fr iwwersetzen. Dat Beispill vun der Awunnerzuel vu Féngeg erkläert dach vill; déi steet an der Wiki fr, mee se stoung net hei. Ass dat net en interessant Beispill? --Luftikuss 21:58, 7 Juni 2006 (UTC)

10.000[Quelltext änneren]

Dat schaffe mer ni. Erstaunlech hunn ech scho fonnt datt eise franséische "Kolleg" vun der franséischer Wiki gemengt huet et wier schonn erstaunlech datt mer dat zu esou puer Leit esou wäit kritt hunn. Mee warscheinlech sinn eis franséisch Kollegen och mëtschgieweg (schreift een dat esou) mat de klenge Leit ;-) Myriam 00:27, 13 Juli 2006 (UTC)

mueres keng Zäit; mëttes keng Loscht, owes net hei, an nuets am Bett[Quelltext änneren]

"Et gi vill tolerant Wikipedialeit hei: Déi sech mat engem Kuerzbesuch op den Talksäite begnügen, loossen déi aner roueg schaffen." schreift de Luftikuss. Et war mer scho virkomm, wéi wann ee User hei op der Statitiksäit de Monopol gehat hätt. Wéi deen ës genuch hat, d'Ierbëssen eleng ze maachen, huet net een eenzegen dat fir zwéin Deeg iwwerholl. Aus menger Siicht (ech si schonn eng Zäit am Gaang mer z'iwwerleeën, hei matzemaachen) ass et villäicht ongerecht, mee hei sinn der vill bedeelegt, déi mueres keng Zäit hunn, mëttes keng Loscht hunn an owes net hei sinn. "Dat schaffe mer ni." schreift uewendriwwer eent, dat selwer näischt mécht, awer déi aner mol net roueg schreiwe léisst. --VicMol 08:38, 2 Oktober 2006 (UTC)

Wéi ëmmer ganz interessant: déi neitst Statistiken[Quelltext änneren]

E Merci un de Robby fir déi neitste Statiktiken. Déi azerbadjanesch Wiki huet méi Biller wéi Artikelen, Direkt hannerun eis ass d'Bishnupriya Manipuri-Wikipedia. Wien ass dat?? Déi islännesch huet "e bëssi" méi Artikelen, mee bal véier Mol esou vill Adminnen. Huet déi spuenesch Wiki mat 202 902 Artikelen nëmme 738 Biller? Wéi gesot, ganz interessant. --Cornischong 00:25, 19 Februar 2007 (UTC)

Véierzengdausend, esou vill hate mer der nach ni![Quelltext änneren]

A wat war de Véierzengdausendsten? --Cornischong 13:59, 19 Mäerz 2007 (UTC)

Ierbessen a Penisréng[Quelltext änneren]

Ech gesinn, datt dat Krapegt vu Sëll mat sengem Prënz-Albert-Piercing-Artikel mat der Mona Lisa ganz vir un der Spëtz ass. Da wësse mer jo lo, wat beim Public ukënnt. --Cornischong 10:25, 29. Mäe 2008 (UTC)

"mueres keng Zäit; mëttes keng Loscht, owes net hei, an nuets am Bett": Wouhier weess deen dat? --Cornischong 10:44, 29. Mäe 2008 (UTC)