Wikipedia Diskussioun:Literatur

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Referenzen[Quelltext änneren]

Moien,

Sollen d'Referenzen net ganz zum Schluss vun der Säit stoe kommen, wéi mer dat bis elo gehandhabt hunn.

Ech fäerte soss verléiere nach eng Kéier ganz, ganz vill Zäit, mat deene Rectifikatiounen.

Les Meloures 12:16, 9. Jan. 2010 (UTC)[äntweren]

OK, ech hunn se an Artikelen ëmmer virun de Linke gesat, mä dat kann och hannendru sinn, ech änneren dat. --Christian Ries 12:40, 9. Jan. 2010 (UTC)[äntweren]
Merci Les Meloures 13:02, 9. Jan. 2010 (UTC)[äntweren]

Merci Christian fir dës ausféierlech Directiven. Wéi op enger anerer Plaz gesot, bleiwen aner Formater "verständlech", sou dass net alles muss direkt ëmgeännert ginn, wat schonns do steet. Héchstens "ofüreamësür", wann een an engem Artikel op eng Literaturangab stéisst. Ech giff soen, fir mech hunn elo emol d'Gemengen eng no der aner dem neie Format unzepasse Prioritéit. All gudder Owend eng oder zwou, da geet dat schonn. --Zinneke 16:02, 9. Jan. 2010 (UTC)[äntweren]

Jo, ganz d'accord domat, d'Gemengen hunn elo Prioritéit. Ech wollt déi Diskussioun um Staminet net an d'Eidelt verlafe loossen. Fir d'Schablounen wäert ech warscheinlech Hëllef brauchen, dat ass relativ komplex. Mä dat huet och nach Zäit. --Christian Ries 16:31, 9. Jan. 2010 (UTC)[äntweren]