Wikipedia:Literatur

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Dës Säit befaasst sech mat dem Ëmgang mat der Literatur (≠ Bibliographie) op der lëtzebuergescher Wikipedia. Dozou gehéieren d'Auswiel vun der Literatur, de Format vun de Literaturangaben an d'Siche no Literatur.

Auswiel[änneren | Quelltext änneren]

Hei gëllt dat selwecht wéi bei de Linken: et geet ëm wëssenschaftlech relevant Wierker oder ëm seriéis an aktuell Aféierungen, net ëm eng méiglechst laang Oplëschtung vu Bicher déi reng zoufälleg zum Thema passen. D'Wierker sollen sech méiglechst spezifesch mat dem Lemma befaassen an net mat iwwer- oder ënnergeuerdent Themen. D'Begrënnung vun der Relevanz vun engem Literaturhiwäis muss am Zweiwelsfall vum Benotzer bruecht ginn, deen en an den Artikel gesat huet.

Beleeger fir eenzel Textpassagen ginn duerch Referenze bruecht, woubäi eng Referenz op en eenzel Wierk an der Literaturlëscht ka verweisen.

Bei gréissere Literaturopzielunge kann et sënnvoll sinn bei eenzelne Wierker e Kommentar dobäi ze setzen, fir de Lieser z'orientéieren. Eng länger Lëscht kann och thematesch opgedeelt sinn.

E Benotzer, dee Wierker an d'Literatur bäisetzt, sollt dëst och gesinn hunn an déi wichtegst Aspekter an den Artikel abauen. D'Literatur verweist jo op dat bekannte Wëssen iwwer en Thema. Dobäi kann et problematesch sinn, wann déi zitéiert Literatur dem Inhalt vum Artikel widdersprécht.

Flott ass et, wann déi opgezielte Wierker am Internet fräi ze kréie sinn. Et soll een méiglechst ëmmer eng ISBN-Nummer uginn, well déi automatesch verlinkt ginn a sou eng direkt Sich am Internet erméiglechen. Zousätzlech extern Linke sollen op den Text verweisen oder op e Site dee bedeitend Informatiounen dozou liwwer, mä op kee Fall op e Site deen engem dat Wierk wëllt verkafen.

Format[änneren | Quelltext änneren]

D'Kapitel Literatur steet um Enn vum Artikel, logescherweis virun de Referenzen an de Linken an no engem eventuelle Kapitel Bibliographie, deen z. B. d'Wierker respektiv eng Auswiel vun Aarbechten vun engem Auteur opzielt. Déi hei presentéiert Formathiweiser gëllen awer och fir déi Literaturangaben an enger Bibliographie.

Artikeltext

== Bibliographie ==

== Literatur ==

== Linken ==
=== Kuckt och ===
=== Um Spaweck ===

{{Referenzen}} oder {{Notten}} oder {{Referenzen an Notten}}

D'Kapitel Literatur besteet aus enger Oplëschtung déi ënner Ëmstänn nach emol ënnerdeelt ka sinn. D'Aarbechte ginn zortéiert no den Auteure (Familljennumm vum éischten Auteur steet vir) an dem Erscheinungsjoer. Prinzipiell geet et dorëms:

  • e Wierk méiglechst séier an enger Lëscht ze fannen (dofir déi spezifesch Zortéierung);
  • e Wierk online oder an enger Bibliothéik effizient ze fannen, dofir sollen d'Informatiounen zu engem Wierk méiglechst komplett sinn.

Beispiller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur
Quelltext-Virlag fir ze kopéieren

== Literatur ==
* Auteur, Joer. Titel. x. S. x. Oplo. Verlag, Uert. ISBN.
* Editeur (Ed.), Joer. Titel. x. S. x. Oplo. Verlag, Uert. ISBN.
* Auteur, Joer. Titel. S. X–Y in: Editeur (Ed.), Joer. Sammelwierk. Verlag, Uert. ISBN. ([http:// online]).
* Auteur u. a., Joer. Titel. ''Zäitschrëft, Serie'', Bd./Jg., Nr. X: y-z. ([http:// PDF; 1,1 MB]).

Einfachste Formatéierungsmodell[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'éischt den Auteur an d'Joer duerch e Komma getrennt. Duerno den Titel a normaler Schrëft. Um Schluss déi aner Detailer.

  • Auteur, Joer. Titel. Verlag, Ort. ... ISBN.

Ausféierlech Formatéierungshiweiser[änneren | Quelltext änneren]

  1. Den Auteur erschéngt an normaler Schrëft an der Reiefolleg Familljennumm, Virnumm[1], duerch e Komma getrennt, fir bei zesummegesaten Nimm z'erkenne wou de Familljennumm zu Enn ass. Bei méi wéi een Auteur ginn déi aner Auteuren an der Reiefolleg Virnumm Familljennumm ouni Komma opgezielt, woubäi virum leschten Auteur de Symbol "&" als Verbindung benotzt gëtt[2]. Bei engem Sammelwierk gëtt den Editeur an d'Ofkierzung "(Ed.)" amplaz vum Auteur uginn.
  2. D'Joer gëtt direkt hanner dem Auteur, vun dësem just mat engem Komma getrennt, ugefouert. Falls kee Joer bekannt ass schreift een einfach "ouni Joer", oder et setzt een "ca." virdru wann d'Joer ongeféier bekannt ass.
  3. Den Titel erschéngt an normaler Schrëft a gëtt mat engem Punkt ofgeschloss.
  4. Bei Iwwersetzunge kann een den Iwwersetzer uginn, z. B. Aus dem Franséischen iwwersat vum X.
  5. Eng Oplo gëtt, falls eng existéiert, direkt hanner den Titel an der Form "x. Oplo." geschriwwen a gëtt mat engem Punkt ofgeschloss.
  6. Bei Bicher kënnt elo d'Säitenzuel ënner der Form xx S..
  7. Bei Publikatiounen, déi periodesch erschénge wéi z. B. Serien, Zäitschrëften, Zeitungen, gëtt den Titel vun der Serie a kursiver Schrëft ugi gefollegt, jeeweils mat Kommae getrennt, vum Band oder Joergang, enger Nr. an, no engem duebele Punkt, d'Säitenzuelen. Beispill: Bd. XX, Nr. 5: 297-311, oder Jg. 27, Nr. 2: 34-35. Et kann een bei Periodiquen d'ISSN-Nummer uginn, mä dat mécht wéineg Sënn, well déi ëmmer d'selwecht bleift an engem net wierklech virun hëlleft, e spezifischen Artikel ze fannen.
  8. Duerno kënnt de Verlag an, duerch e komma getrennt, den Erscheinungsuert.
  9. Wann et ëm en Artikel aus engem Sammelwierk geet, gi fir d'éischt déi wichteg Donnéeë vum Artikel uginn, duerno déi vum Sammelwierk. Dotëscht stinn d'Säitenzuelen an d'Verbindungswuert „in“ gefollegt vun engem duebele Punkt. Beispill: Auteur, Joer. Titel. S. xx-yy in: Auteur/Editeur (Ed.), Joer. Titel. Band/Jahrgang, Nr. Verlag, Uert.
  10. Falls bei Bicher oder Sammelwierker eng ISBN bekannt ass, soll déi einfach um Schluss bäigesat ginn: ISBN xxxxyyyzzz. D'Verlinkung ass automatesch an erméiglecht eng direkt Sich am Internet iwwer eng Spezialsäit. Dobäi soll een den Acronyme ISBN net verlinken a weder en duebele Punkt nach en Zousaz wéi "-10" oder "-13" hannendru setzen. D'Wikimedia-Software erkennt all gängeg ISBN-Formater.
  11. E Link soll entweder an eng Verlinkung vum Titel agebaut ginn oder awer ganz um Schluss virun de Kommentarklameren. Wann de Link op e Fichier verweist soll een hanner dem Link oder als Linktext a normale Klameren den Typ vum Fichier an d'Gréisst a Kilobyten oder Megabyten uginn. Beispill: (PDF, 2,6 MB).
  12. Commentairë kënnen hanner dem leschte Punkt an eckege Klamere gesat ginn. No der leschter Klamer steet kee Punkt. Beispill: Literaturangab. [Commentaire]

Schablounen an Tools[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'Opsetze vu Literaturangaben nom Standart vun dëser Wiki ass geplangt, Schablounen anzeriichten, wéi et där och an der däitscher an englescher Wikipedia ginn.

Fir Bicher gëtt et ISBN-Tools, déi méi oder manner konform Literaturangaben produzéieren:

  1. ISBN-to-wiki – Problemer ginn et mat ISBN-Nummeren déi mat engem X endegen
  2. ISBN2WIKI

Et gëtt dës weideren déi Literaturverwaltung Zotero, deen et iwwer CoinS-Angaben erlaabt, Literaturangaben automatesch aus engem Wikipedia-Artikel opzehuelen. Dës Funktioun kann och op Internetsitë vu Fachzäitschrëften, Online-Librairien a Verleeg.

Recherche no Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Literatur zu engem bestëmmten Thema sicht een am einfachsten iwwer Internet:

Bei méi schwierege Fäll ass ze roden, eng Lieserkaart bei der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik ze huelen an sech vun hirem Fachpersonal beroden ze loossen an eventuell op de Prêt international zréckzegräifen, sollten déi gesichten Aarbechten net bei eis am Land zur Dispositioun stoen.


Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. An enger Literaturangab kann een fir d'Wikipedia de Virnumm ausschreiwen, et kann een awer och den internationale Standarte no de Virnumm kierzen, z. B. Reichling, L., 1950. ...
  2. An enger Literaturlëscht ginn d'Auteuren ëmmer all opgezielt. Nëmmen an enger Referenz kann een eng Aarbecht, déi méi wéi zwee Auteuren huet, mat "et al." ze kierzen, z. B.: Cf. Beck et al. 1950 an der Literatur.