François Léon Lefort

Vu Wikipedia
François Léon Lefort
Gebuer 7. November 1917
Lëtzebuerg
Gestuerwen 19. Februar 1975
Montréal
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vu Montpellier
Aktivitéit Botaniker, Diplomat
Member vun Société des naturalistes luxembourgeois

De François Léon Lefort, gebuer de 7. November 1917 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen de 17. Februar 1975 zu Montréal (Kanada), war e lëtzebuergesche Botaniker.

Nom 2. Weltkrich war de Léon Lefort Attaché bei der lëtzebuergescher Legatioun zu Paräis. Wéi 1949 d'« Commission nationale luxembourgeoise de l'Unesco » agesat gouf, gouf hie Generalsekretär vun dëser Kommissioun an hien huet Lëtzebuerg bei der UNESCO vertrueden.[1]

1954 ass de Lefort a Kanada ausgewandert an huet sech zu Saskatoon (Saskatchewan) op enger Farm niddergelooss, wou hien e puer Joer blouf. Duerno ass hien Direkter vun der « Chambre de commerce belgo-luxembourgeoise » am Kanada ginn an Honorarkonsul vu Lëtzebuerg zu Montréal.[2]

De Léon Lefort war President vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL) vun 1949 bis 1954, duerno Éierepresident. Hie war och Member vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal an déi hien 1948 opgeholl ginn ass.

De Léon Lefort huet sech zënter senger Studentenzäit zu Montpellier mat Botanik beschäftegt, a besonnesch mat Phytosoziologie. Als President vun der SNL huet hie sech fir d'Realisatioun vun enger phytosoziologescher Kaart (Carte des goupements végétaux) vu Lëtzebuerg agesat.

Ënner de botanesche Publikatioune vum Lefort muss ee seng Geschicht vun der lëtzebuergescher Botanik a seng Biographie vum H.J.N. Crantz besonnesch ervirhiewen.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Lefort, F.L., 1949. La carte des végétaux du Luxembourg. In: Die Warte 1949, Jg. 2, Nr. 28 (19. Juli), S. 2.
  • Lefort, F.L., 1949. Edmond-Joseph Klein, 1866-1942. À propos d'un livre cinquantenaire, la Flora der Heimat. Société des Amis des Musées. Annuaire 1949. Luxembourg, V. Buck, S. 81-83.
  • Lefort, F.L. & L. Reichling, 1949. Qu'est-ce que la carte des groupements végétaux du Luxembourg? Cahiers luxembourgeois, 21 (1949) (7-8), S. 165-176.
  • Lefort, F.L., 1950. Contribution à l'histoire botanique du Luxembourg. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 54 (1949): 31-160, 18 p. ill. h-texte.
  • Lefort, F.L., 1951. L'herbier Victor Lussot. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 55 (1950), S. 175-179.
  • Lefort, F.L., 1951. Le botaniste Henri-Jean-Népomucène Crantz. Biographie Nationale du Pays de Luxembourg, fasc. 3, S. 171-184.
  • Lefort, F.L., 1951. Le tapis végétal de Dudelange. Cahiers luxembourgeois 6, S. 145-154.
  • Lefort, F.L., 1951. Quelques groupes infra-spécifiques luxembourgeois de Fumaria officinalis L. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 55 (1950), 180-181.
  • Lefort, F.L., 1953. Lettres de François-Auguste Tinant, botaniste luxembourgeois (1803-1853) au Dr. Alexandre-Louis-Simon Lejeune. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 57 (1952), S. 188-203.
  • Lefort, F.L., 1953. Une plante critique de la flore luxembourgeoise, le Polygala Ilseana Aschers. et Graebner. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, section des sciences naturelles, physiques et mathématiques, 20 (1951-1953), S. 165-170.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Massard 2015, S. 127, Massard 1990, S. 164.
  2. Heuertz 1977, Massard 2015: 146.