Henri-Jean-Népomucène Crantz

Vu Wikipedia
Henri-Jean-Népomucène Crantz
Widmungsblat vum Crantz senger Klassifizéierung
Gebuer 25. November 1722
Rued
Gestuerwen 18. Januar 1797
Oberzeiring
Nationalitéit Éisträich
Educatioun Universitéit Wien,
Stater Kolléisch
Aktivitéit Botaniker, Gynekolog, Universitéitsprofesser, Dokter
Member vun Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina

Den Henri-Jean-Népomucène Crantz (och Heinrich Johann Nepomuck Crantz) gebuer de 25. November 1722 zu Rued bei Simmer, a gestuerwen den 18. Januar 1797 zu Oberzeiring bei Judenburg, war e Botaniker an Dokter aus dem deemolegen Herzogtum Lëtzebuerg.

Säi Papp de Pierre Crantz dee mat der Anne Simon bestuet war, war Buergermeeschter zu Rued.

No sengem Sekundärunterrecht an der Stad am Kolléisch, goung hien op Louvain fir Medezin ze studéieren.

Seng Fortschrëtter op der Universitéit ware sou brillant, datt d'éisträichesch Autoritéiten zu Bréissel, déi dovu Wand kritt haten, hien op Wien op d'Universitéit geschéckt hunn, well d'Maria-Theresia all déi gutt Wëssenschaftler an Diplomaten aus de "belsche" Provënzen och wollt zu Wien hunn.

Sou koum hie 1747 op Wien an huet do 1750 beim Gerard Van Swieten säin Doktorat gemaach. Gläich drop huet d'Maria Theresia hien op Paräis geschéckt, fir datt hie sech beim André Levret an Nicola Puzos sollt spezialiséieren.

Hie koum duerno 1754 op Wien zeréck a krut e Léierstull an Obstetrie deen extra fir hie geschaf gouf, an duerno huet hien och nach Physiologie a Medezin enseignéiert.

Ëm 1759 gouf hie Member vun der Società botanica fiorentina, der Botanescher Gesellschaft zu Florenz,[1] der éischter botanescher Gesellschaft an Europa. An der Zäit wou hien Hofrat an Éisträich war (géint 1762) huet hien och e Wierk geschriwwe mam Titel Materia Medica et Chirurgica juxta Systema Naturae digesta.

Ëm 1762 huet hien ugefaange sech fir d'Botanik z'intresséieren. Obschonn hien dem Linné seng Klassifikatioun a villen Deeler gutt fonnt huet, huet en awer drun auszesetze gehat datt villes am Detail net richteg géif beienee passen. De Crantz huet haaptsächlech drophigeschafft datt déi korrekt Observatioune virun der Systematik solle stoen. Hien huet dem Linné virgeworf, dee géif alles einfach a Këschten tesselen, an dann hätt et sech.

De Julius Sachs huet him do d'Partie gehalen. De Reproche goung dohin datt de Linné dacks ouni valabel Ursaach d'Binomen déi et scho laang gouf verännert huet. Den Haller den och dem Crantz senger Meenung war, huet sech och dofir decidéiert dem Linné net seng Successioun unzevertrauen.

Eent vum Crantz senge wichtege Wierker war, datt hien d'Planze mat Kräizbléien an déi mat den Dolden no hire Friichte klasséiert huet, eng Klassifikatioun op déi de Linné kee Wäert geluecht hat.

Seng Planzesammlung haaptsächlech vu Bléieplanzen (aus der Géigend vum Schneeberg, vu Semmering a vun der Adria), mat iwwer 2.500 Blieder war an de Besëtz vun engem vu senge Schüler komm. Deen huet se spéider dem Ungareschen Nationalmusée geschenkt.

Well hie grouss Meritter am éisträichesche Gesondheetswiesen hat (Verbesserung vun der Ausbildung vun den Hiewanen, a Verbesserung vum Levret senger Gebuertszaang) gouf hie 1777 vum Joseph II. geadelt a konnt den Titel Edler a sengem Numm droen.

De Rescht vu sengem Liewen huet de Crantz zu Judenburg a spéider am Gailtal gelieft.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Commentarus de rupto in partus doloribus a foetu utero, Wien 1756
  • Einleitung in eine wahre und gegründete Hebammenkunst, 1756
  • Materia medica et chirurgica juxta systema naturae digesta, 2 Bd., Wien 1762, 1765 und 1779
  • Stirpium Austriacarum fasciculus, 3 Teile, Wien 1762–1767
  • Institutiones botanicae, 1765
  • Institutiones rei herbariae, 1766
  • Classis Umbelliferarum emendata…, 1767
  • De duabus draconis arboribus botanicarum…, 1768
  • Classis cruciformium emendata cum figuris aeneis in necessarium instit, Leipzig 1769
  • Gesundbrunnen der Oesterreichischen Monarchie, Wien 1777
  • Medicinisch-chirurgische Arzneimittellehre, Wien 1785

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bruck, Marc, 1990. Selinum carvifolia versus Peucedanum carvifolia. Ein historischer Rückblick auf ein botanisches Verwirrspiel und erste Anmerkungen zum botanischen Werk des H.J.N. Crantz. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 90, S. 153-161. [1]
  • Bruck, M.J. & R. Roth, 1990. Materia medica et chirurgica: Eine Aufarbeitung von Crantz's “opus magnum” am Beispiel “Cicuta virosa”. Bulletin de la Société des sciences médicales du Grand-Duché de Luxembourg, 1990 (2), S. 19-25.
  • Franzen, M., 1997. Der Botaniker Heinrich-Johann-Nepomuk Crantz von François-Léon Lefort (bearbeitet von Marco Franzen). Heckefräsch, 15 (56), S. 13-18.
  • Lefort, F.L., 1951. Le botaniste Henri-Jean-Népomucène Crantz. Biographie Nationale du Pays de Luxembourg, fasc. 3, S. 171-184. [2]
  • Neyen, A., 1876. Biographie Luxembourgeoise. Histoire des hommes distingués originaires de ce pays considéré à l'époque de sa plus grande étendue ou qui se sont rendus remarquables pendant le séjour qu'ils y ont fait. Tome 3. Luxembourg, J. Joris, 490+XXXI+XII p. + table gén. alphabét.
  • Pundel, J.P., 1963. L'oeuvre médicale du Baron Henri-Jean-Népomucène Crantz (1722-1797). Bulletin de la Société des sciences médicales du Grand-Duché de Luxembourg, 100, S. 51-67.
  • Theves, G., 1999. Die tierischen Nahrungsmittel in der Diätetik des 18. Jahrhunderts am Beispiel der “Materia Medica” des H.J.N. Crantz. Bulletin de la Société des sciences médicales du Grand-Duché de Luxembourg, numéro spécial 1, S. 42-60.
  • Emmel, Fernand, 2018. Henri Jean Népomucène Crantz - une énigme enfin résolue? , Bulletin des Anciens de l'Athénée N°36 pages 123-135 [3]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Breve storia della Società Botanica Italiana Gearchiveerd op 2012-02-16. Gekuckt de(n) 2010-11-17.