Wiktor Stepanowitsch Tschernomyrdin

Vu Wikipedia
Wiktor Stepanowitsch Tschernomyrdin
um G8-Sommet am Juli 2006
Gebuer 9. Abrëll 1938
Gestuerwen 3. November 2010
Moskau
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Russland, Sowjetunioun
Aktivitéit Politiker, Diplomat, Ekonomist, Geschäftspersoun, Deputéierten an der Duma
Partei Eist Haus Russland, Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun, Onofhängeg, Eenegt Russland
Member vun Parlamentaresch Versammlung vum Europarot

De Wiktor Stepanowitsch Tschernomyrdin (russ.: Виктор Степанович Черномырдин, wëss. Transliteratioun Viktor Stepanovič Černomyrdin), gebuer den 9. Abrëll 1938 zu Tschorny Otrog, Oblast Tschkalow, a gestuerwen den 3. November 2010 zu Moskau, war e russesche Politiker.

Den Tschernomyrdin war vu senger Ausbildung hir e Wirtschaftsingenieur.

Vun 1967 bis 1973 war hie Parteifonctionnaire an der KPvdSU. Duerno gouf e Vizechefingenieur, a méi spéit Direkter vun engem Kombinat, dat Äerdgas verschafft huet. Vun 1985 bis 1989 war e Minister fir d'Gasindustrie vun der Sowjetunioun a vun 1989 bis 1992 President vum staatleche Gaskonzern Gazprom.

1992 gouf den Tschernomyrdin vum President Boris Jelzin zum Ministerpresident vun der Russescher Federatioun ernannt. Hie blouf dat bis an de Mäerz 1998.

Vu Juni 1999 bis Juni 2000 war den Tschernomyrdin President vum Comité de Surveillance vu Gazprom, déi an der Tëschenzäit an eng Société anonyme ëmgewandelt gi war. Vum Mee 2001 bis de Juni 2009 war den Tschernomyrdin Ambassadeur vu Russland an der Ukrain. Duerno gouf e Conseiller vum russesche President Dmitri Medwedew.[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wiktor Stepanowitsch Tschernomyrdin – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. NEWSru.com: Медведев уволил Черномырдина с должности посла на Украине