Wilson-Krankheet

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Kofferoflagerung op der Hornhaut ("Kayser-Fleischer-Kornealréng") am Aen vun engem 32-Joer ale Mann mat der Wilson-Krankheet.

D' Wilson-Krankheet oder Morbus Wilson ass eng seelen Ierfkrankheet vum Kofferstoffwiessel vun der Liewer. Se gëtt autosomal rezessiv verierft, a bréngt mat sech, datt aus der Mooss Koffer a verschiddenen Organer wéi am Gehier, an den Nieren, der Liewer, am Muerch an an der Kornea gespäichert gëtt.

Déi klinesch Symptomer vun der Wilson-Krankheet manifestéiere sech eréischt nom Alter vu 5 oder 6 Joer.

Den Numm[änneren | Quelltext änneren]

Ausser Wilson-Krankheet sinn nach follgend Nimm ze begéinen:

  • Hepatolentikulär Degeneratioun
  • Morbus Wilson
  • Kofferspäicherkrankheet
  • Hepatozerebral Degeneratioun

D'Ursaachen[änneren | Quelltext änneren]

D'Ursaach vun der Krankheet ass eng Mutatioun am Gen ATP7B, dem Wilson-Gen, deen um Chromosom 13 ze fannen ass. Bis elo sinn iwwer 250 verschidde Mutatioune vum Wilson-Gen bekannt. Dat erkläert dee méiglechen ënnerschiddleche Verlaf vun der Krankheet.

Duerch déi Mutatioun kënnt et zu engem Feelverhale vum Wilson-Protein ATP7B, deen zoustänneg ass fir d'Evakuatioun vu Koffer aus der Liewer an d'Galeblos. Bei der Wilson-Krankheet gëtt de Koffer net mat der Galeflëssegkeet a sou mam Stullgank ausgescheet, mä am Kierper gespäichert.

Behandlung[änneren | Quelltext änneren]

Fir Koffer iwwer d'Niere kënnen auszescheeden gëtt D-Penicillamin gebraucht, deen oral geholl gëtt. Sou kënnen all Dag bis zu 2 mg Koffer entsuergt ginn. Dofir ass eng lieweslaang Behandlung néideg.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wilson-Krankheet – Biller, Videoen oder Audiodateien