Wise Observatoire
|
| |
| Typ | Astronomeschen Observatoire |
|---|---|
| Bedreiwer | Universitéit vun Tel Aviv |
| MPC-Code | 097 |
| Datum vum Bau | 1971 |
| Opgaangen | 1971 |
| Websäit | https://physics.tau.ac.il/astrophysics/wise_observatory |
| Instrumenter | |
| Geographesch Situatioun | |
| Land | Israel |
| Koordinaten | 30°35'50,233"N, 34°45'44,273"O |
| Héicht | 875 m |
|
| |
De Florence and George Wise Observatory ass en Observatoire vun der Universitéit vun Tel Aviv. E steet op engem 875 m héijen Hiwwel, 5 km westlech vun der Stad Mitzpe Ramon an der Negevwüüst no beim Ramon-Krater. Et ass den eenzege reng wëssenschaftlech benotzten Observatoire an Israel.
Den Observatoire ass duerch eng Kooperatioun tëscht der Universitéit an der Smithsonian Institution am Joer 1971 entstanen an ass zu Éiere vum éischte President vun der Universitéit a senger Fra genannt ginn. En huet e Spigelteleskop vun der Entreprise Boller and Chivens mat engem Duerchmiesser vu ronn 1 Meter an e klenge 45-cm-Teleskop.
Fuerschungsschwéierpunkten am Wise Observatoire si Supernovaen, d'Sich no Exoplanéiten, souwéi d'Opspiere vun Asteroiden a Koméiten.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Wise Observatoire – Biller, Videoen oder Audiodateien |
