Wissokosny God

Vu Wikipedia
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Wissokosny God (cyrl: Високосный Год, "De Schaltjoer") war eng russesch Pop-Rock-/Indie-Rock-Grupp vu Frjasino (Oblast Moskau)[1][2],[3].

D'Band gouf am Joer 1990 vum Lidderschreiwer, Sänger a Gittarist Ilja Kalinnikow gegrënnt. Ënner dem Appui vum bekannte lokale Rockmuseker a Produzent Alexander Kutikow huet Wissokosny God vun 1995 bis 2000 hir gréisst Hitten opgeholl. Dat ware Lutschschaja pesnja o ljubwi (Лучшая песня о любви/"Dat bescht Lidd iwwer d'Léift", 1995), Tichi ogonjok (Тихий огонёк/"Dat rouegt Feier", 1997) a Metro (Метро/"De Metro", 2000). Se hate grousse Succès bei de Russen. Fir déi Lidder an och fir den Album Kotory woswraschtschajetsja (Который возвращается, "Een deen zeréckkënnt") hunn d'Museker e puer Präisser gewonnen, ënner anerem zwou gëlle Placken[4]. D'Lidd "Tichi ogonjok" war och am Soundtrack vun der erfollegräicher Tëleesserie Dalnoboischtschiki[5].

Mat hiren dräi "Haaptlidder" ass d'Grupp nach ëmmer a Sendunge vu russesche Radioen, obwuel hir Aktivitéit zanter 2004 minimal war a si just een offiziellen Album verëffentlecht hunn[6].

D'Bandmemberen am Joer 2018 waren de Bandleader Ilja Kalinnikow (1973-2019), den Ilja Murtasin (Keyboards), den Oleg Schunzow (Batterie), de Juri Wantejew (Trompett), de Renat Chalimdarow (Trombonn), den Alexander Irischitschew (Gittar) an den Dmitri Kossinski (Bass). Mam Doud vum Kalinnikow huet d'Grupp endlech getrennt.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

...

  • Лёгкий способ бросить курить (onverëffentlechten Album)[8]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Алексеев А. С. Кто есть кто в российской рок-музыке. — М. : АСТ : Астрель : Харвест, 2009. — С. 120. — ISBN 978-5-17-048654-0
  2. 2,0 2,1 http://www.aif.ru/archive/1711769
  3. https://www.segodnya.ua/oldarchive/c2256713004f33f5c2256d310032618b.html
  4. http://russrock.ru/history/9460-istorija-gruppy-visokosnyjj-god.html
  5. https://express-k.kz/news/muzyka/pesnya_s_togo_sveta-126037
  6. http://www.timeout.ru/msk/artwork/141802
  7. http://www.intermedia.ru/news/113301
  8. http://www.intermedia.ru/news/201403