Witold Lutosławski

Vu Wikipedia
Witold Lutosławski
Gebuer 25. Januar 1913
Warschau
Gestuerwen 7. Februar 1994
Warschau
Nationalitéit Polen
Aktivitéit Komponist, Dirigent, Musikolog, Pianist
Member vun Akademie der Künste der DDR, Akademie der Künste Berlin, Bayerische Akademie der Schönen Künste, Serbesch Wëssenschafts- a Konschtakademie

De Witold Lutosławski ([ˈvitɔld lutɔsˈwafski]), gebuer de 25. Januar 1913 zu Warschau an och do de 7. Februar 1994 gestuerwen, war e polnesche Komponist an Dirigent.

Nieft Musektheorie a Kompositioun huet hien och Mathematik an Naturwëssenschafte studéiert. An der Mathematik huet hie vill Gemeinsamkeete mat der Musek fonnt.

Zu senge bekanntste Kompositiounen zielen d'Sinfonesch Variatiounen (1938). Am Zweete Weltkrich huet hie sech zu Paräis als Pianist iwwer Waasser gehalen, an an de Joren dono a Polen als Komponist vu Gebrauchsmusek, Kannerlidder a Komponist fir Radio, Theater a Film.

Vun 1954 huet goufe seng Kompositiounen a Pole vu staatlecher Säit nees akzeptéiert an de Lutosławski hue ë. a. mat seriellen an aleatoreschen Techniken experimentéiert. An den 1960er gouf hien Dirigent, an 1967, wéi e fir eng Zäit an Amerika war, och Musekspedagog. Hien huet do Komponiste wéi den Edgar Varèse, de Milton Babbitt oder de Lejaren Hiller kennegeléiert.

An den 1970er- a 1980er Joren huet de Lutosławski haaptsächlech just nach seng eege Kpmpositiounen dirigéiert.

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Pianosonat (1934),
  • Sinfonesch Variatiounen (1936–1938)
  • Variatiounen iwwer en Theema vum Paganini fir zwéi Pianoen (1941)
  • Zwou Etüden fir Piano (1941)
  • Zwielef Vollesksmelodië fir Piano (1945)
  • Eischt Sinfonie (1941–1947)
  • Mała suita (Kleng Suite) fir Kammerorchester (1950); fir Symphonieorchester (1951)
  • Tryptyk śląski (Schleseschen Triptychon) fir Sopran an Orchester (1951)
  • Bukoliki fir Piano (1952)
  • Concerto fir Orchester (1950–1954)
  • Dräi Stécker fir d'Jugend fir Piano (1953)
  • Dänzeresch Preludë fir Klarinett a Piano (1954); fir Klarinett a Kammerorchester (1955)
  • Trauermusek (1954–1958)
  • Jeux vénitiens (1960–1961)
  • Trois poèmes d'Henri Michaux fir Chouer an Orchester (1961–1963)
  • Sträichquartett (1964)
  • Paroles tissees fir Tenor a Kammerorchester (1965)
  • Zweet Sinfonie (1965–1967)
  • Inwencja (Inventioun) fir Piano (1966)
  • Livre pour orchestre (1968)
  • Concert fir Violoncello an Orchester (1969–1970)
  • Preluden a Fuge fir 13 Solosträicher (1970–1972)
  • Sacher-Variatioun fir Cello Solo (1975)
  • Les espaces du sommeil fir Bariton an Orchester (1974–1975)
  • Mi-parti fir Orchester (1975–1976)
  • Novelette fir Orchester (1978–1979)
  • Doppelkonzert fir Hautbois, Harf a Sträichorchester (1979–1980)
  • Grave – Metamorphosen fir Cello a Piano (1981)
  • Mini-Ouvertüre fir Blechbléiser (1982)
  • Drëtt Sinfonie (1981–1983)
  • Chain I fir Kammerensemble (1983)
  • Partita fir Gei a Piano (1984)
  • Chain II. Diaiog fir Gei an Orchester (1983–1985)
  • Chain III fir Orchester (1986)
  • Fanfar fir Louisville für Bläser und Schlagzeug (1986)
  • Fanfar fir CUBE (1986)
  • Concert fir Piano an Orchester (1987–1988)
  • Chantefleurs et chantefables fir Sopran an Orchester (1989–1990)
  • Véiert Sinfonie (1988–1992)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Witold Lutosławski – Biller, Videoen oder Audiodateien

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Martina Homma Witold Lutoslawski. Zwölfton-Harmonik – Formbildung – “aleatorischer Kontrapunkt” Bela, Köln 1996
  • Danuta Gwizdalanka, Krzysztof Meyer Witold Lutosławski. Wege zur Meisterschaft. Aus dem Polnischen von Christina Marie Hauptmeier, Pfau, Saarbrücken 2014