Wladimir Alexandrowitsch Astapowski
Ausgesinn
| Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Wladimir Alexandrowitsch Astapowski | |
|---|---|
| Gebuer |
16. Juli 1946 Brjansk |
| Gestuerwen |
12. Abrëll 2012 Moskau |
| Nationalitéit | UdSSR, Russland |
| Aktivitéit | Foussballspiller, Foussballtrainer |
| Positioun oder Spezialitéit | Golkipper |
| Gréisst | 186 cm |
| Gewiicht | 82 kg |
| Veräin/Ekipp | Sowjetesch Foussballnationalekipp |
| Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1976 |
|
| |
De Wladimir Alexandrowitsch Astapowski (op Russesch: Владимир Александрович Астаповский), gebuer de 16. Juli 1946 zu Brjansk, a gestuerwen den 12. Abrëll 2012 zu Moskau, war e sowjeteschen (russesche) Foussballspiller op der Golkipp-Positioun[1][2].
Hien huet a senger Profiscarrière fir sowjetesche Clibb SKTschF Sewastopol (1966–68), PFK ZSKA Moskau (1969–80) an FC SKA-Chabarowsk (1981–82) gespillt. Vun 1975 bis 1977 huet den Astapowski och eelefmol fir déi sowjetesch Foussballnationalekipp, ënner anerem an den Olympia-Matcher, gespillt[1]. 1976 huet de Sportler zu Montréal eng olympesch Bronzemedail gewonnen[3].
No der Retraite als Spiller huet den Astapowski als Sportsenseignant[4] an als Trainer vun de Golkippe[3] geschafft.
