Wolfgang Schäuble

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Wolfgang Schäuble
Gebuer 18. September 1942
Freiburg im Breisgau
Gestuerwen 26. Dezember 2023
Offenburg
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Albert-Ludwigs-Universitéit Freiburg,
Universitéit vun Hamburg
Aktivitéit Jurist, Politiker, Affekot
Partei CDU
Member vun EU Parlamentariergrupp Däitsche Bundestag, Académie des sciences morales et politiques

De Wolfgang Schäuble, gebuer den 18. September 1942 zu Freiburg im Breisgau, a gestuerwen de 26. Dezember 2023 zu Offenburg, war en däitsche Politiker (CDU).

Hie war vun 1984 bis 1989 Bundesminister für besondere Aufgaben a Chef vum Bundeskanzleramt an der Regierunge Kohl II a Kohl III, vun 1989 bis 1991 Bundesminister des Innern (Regierung Kohl III), vun 1991 bis 2000 Fraktiounspresident vun der CDU/CSU-Fraktioun am Däitsche Bundestag a vun 1998 bis 2000 och CDU-Parteipresident, vun 2005 bis 2009 nees Bundesminister des Innern (Regierung Merkel I) grad ewéi vun 2009 bis 2017 Bundesminister der Finanzen (Regierung Merkel II a Merkel III). Vun 2017 bis 2021 war hie President vum 19. Däitsche Bundestag an en huet 2021 als Alterspresident déi 20. Legislaturperiod vum Bundestag opgemaach.

De Schäuble war 1990 signifikativ beim Ausschaffe vum Vertrag vun der Erëmvereenegung vun der Bundesrepublik mat der DDR bedeelegt. Bei engem Attentat am selwechte Joer gouf hie blesséiert a war zanterhier querschnëttgeläämt.

Vun 1972 bis zu sengem Doud war de Wolfgang Schäuble ouni Ënnerbriechung Member am Däitsche Bundestag an domat den déngschteelsten Deputéierten an der Geschicht vun den nationalen däitsche Parlamenter.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wolfgang Schäuble – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (fr)Remise de la distinction honorifique de grand officier de l'ordre de la Couronne de chêne à Wolfgang Schäuble. mfin.gouvernement.lu (2011-09-01). Gekuckt de(n) 2023-12-28.