Xanthe Terra
Ausgesinn
| Héichplateau um Mars Xanthe Terra | |
|---|---|
| Koordinaten | 3,0° N, 312,0° W |
| Dimensioun | 2456 km |
| Regioun | Xanthe Terra |
| Genannt nom | |
| Divers | - |
Xanthe Terra fir goldgielt Land; (gouf 1979 sou genannt) ass eng grouss Héichplateauregioun um Mars.
Beschreiwung
[änneren | Quelltext änneren]D'Gebitt erstreckt sech op béide Säite vum Equator, vun der Déifflandfläch Chryse Planitia am Norde bis zu de Mariner-Däller am Süden. Déi zwéi wäitst Punkte leien 2456 km vuneneen. Kartographesch ass d'Regioun deelweis am Südoste vum Lunae Palus-Gradsektor, am Südweste vum Oxia Palus-Gradsektor, am Nordoste vum Coprates-Gradsektor an am Nordweste vum Margaritifer Sinus-Gradsektor.
Biller vun de Raumsonde Mars Express, Mars Global Surveyor a Mars Reconnaissance Orbiter weise fréier Flossdäller an Deltaen. D'Deltae bestinn aus en ettlech dënne Schichten, déi am Opbau deenen op der Äerd gläichen.
![]() |
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- (en) Xanthe Terra am google.com/mars




