Xinglong Station
Ausgesinn
|
D'Gebaier vum Observatoire | |
| Typ | Astronomeschen Observatoire |
|---|---|
| MPC-Code | 327 |
| Opgaangen | 1968 |
| Websäit | http://www.xinglong-naoc.org/ |
| Instrumenter | |
| Geographesch Situatioun | |
| Land | China |
| Koordinaten | 40°23'39"N, 117°34'30"O |
| Héicht | 900 m |
|
| |
D'Xinglong Statioun ass e chineeseschen Observatoire, deen am Verwaltungsgebitt Chengde, 4 km ëstlech vun der Stad Nanshuangdong a südlech vum Bierg Yan Shan op 960 m Héicht läit. Et ass ee vun den Nationalen Astronomeschen Observatoirë vun der chineesescher Akademie vun de Wëssenschaften (NAOC).
Teleskopen
[änneren | Quelltext änneren]
D'Haaptinstrument vum Observatoire ass de Large Sky Area Multi-Object Fibre Spectroscopic Telescope (LAMOST), e Spigelteleskop dee fir d'Spektroskopie optiméiert ass an am Juni 2007 a Betrib geholl. Et ass de gréisste chineeseschen opteschen Teleskop. De Käschtepunkt läit bei ronn 30 Milliounen US-Dollar.
Den Observatoire huet och nach eng Rei vu klengen Teleskopen. Zortéiert no hirer Apertur sinn dat:
- Mark-III photoelektrescht Astrolabium
- 60 cm Spigelteleskop
- 60/90 cm Schmidt-Teleskop
- 85 cm Spigelteleskop
- 1,26 m Infrarout-Teleskop
- 2,16 m Ritchey Chrétien Spigelteleskop.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Xinglong Station – Biller, Videoen oder Audiodateien |
