Yamdrok Séi

Vu Wikipedia
De Yamdrok Séi, vum Gampa-Pass aus (um Wee tëscht Lhasa a Gyantse).

De Yamdrok Séi (och Yamdrok Yumtso oderr Yamzho Yumco; Tibetsch: ཡར་འབྲོག་གཡུ་མཚོ་, Chineesesch: 羊卓雍錯湖 - Yángzhuō Yōngcuò Hú) ass e Séisswaasserséi am Tibet, an ee vun den dräi gréissten "hellegen" tibetesche Séien. En ass iwwer 72 km laang an huet eng Fläch vu 638 km². Ronderëm si schnéibedeckt Bierger, vu wou eng sëllege kleng Flëss dralafen. E fréiert am Wanter zou. Op sengem nordwestleche Wupp leeft eng Baach eraus an en Nopeschséi.

De Séi läit eng 90 km westlech vun der Stad Gyantse an eng 100 km nordëstlech vu Lhasa. Engem lokale Volleksglawen no ass de Yamdok Yumtso Séi eng verwandelt Gëttin.

Um nordwestleche Wupp, beim Duerf Baidi, ass e Waasserkraaftwierk, dat 1996 a Betrib geholl gouf an dat gréisst vun Tibet ass.[1]

De Séi ass eng Pilgerplaz, an op sengem südlechen Uwänner läit d'Samding Klouschter, dat eenzegt Klouschter am Tibet dat vun enger weiblecher Reinkarnatioun geleet gëtt.[2] Am Séi, op enger Insel, steet déi al Buerg Pede Dzong.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Petra Seibert and Lorne Stockman: "The Yamdrok Tso Hydropower Plant in Tibet: A Multi-facetted and Highly Controversial Project."
  2. [1]