Op den Inhalt sprangen

Yasunari Kawabata

Vu Wikipedia
Yasunari Kawabata
Gebuer 11. Juni 1899
Osaka
Gestuerwen 16. Abrëll 1972
Nationalitéit Japan
Aktivitéit Schrëftsteller, Romancier, Dréibuchauteur, Dichter
Auszeechnungen Goetheplackett vun der Stad Frankfurt, Officier des Arts et des Lettres‎, Nobelpräis fir Literatur
Bestuet mat Hideko Kawabata

De Yasunari Kawabata (川端 康成 Kawabata Yasunari), gebuer de 14. Juni 1899, a gestuerwen de 16. Abrëll, 1972, war e japanesche Schrëftsteller, deen 1968 mam Literaturnobelpräis ausgezeechent gouf.

De Kawabata kënnt zu Osaka op d'Welt an am Alter vun zwee Joer verléiert hie seng Elteren. Duerno kënnt e bei sengem Papp seng Famill, mä seng Groussmamm a säi Grousspapp stierwe wéi de Yasunari siwe respektiv véierzéng Joer al ass. Als Bouf wollt hie Moler ginn, mä well schonn zu Lycéeszäite Kuerzgeschichte vun him publizéiert gi waren, huet hie sech fir d'Literatur decidéiert.

Hie studéiert op der renomméierter Tokio Universitéit a mécht do säin Ofschloss 1924. Zesumme mam Riichi Yokomitsu grënnt hien eng literaresch Zeitung Bungei Jidai (Déi kënschtleresch Zäit). Hien huet zesumme mam Yokomitsu eng nei Zort Literatur promouvéiert an dës mat dem Term "Shinkankakuha" bezeechent. Domat wollten déi zwéin Auteuren nei Impressiounen, nei Sensatiounen an der Literatur schafen.

Nieft senger Aarbecht als Schrëftsteller huet de Kawabata och als Journalist geschafft, ënner anerem fir d'Zeitung Mainichi Shimbun zu Osaka an zu Tokio.

De Kawabata huet kuerz no sengem Universitéitsofschloss mat senge Kuerzgeschichten op sech opmierksam gemaach an et war Izu no odoriko (192)), mat där him den Duerchbroch gelongen ass.

Säin éischte Roman war Yukiguni, deen tëscht 1935 an 1937 publizéiert gouf. Och nom Zweete Weltkrich huet hien zu den erfollegräichen Auteuren a senger Heemecht gehéiert, mat Wierker wéi Senbazuru, Yama no Oto, Nemureru bijo, Utsukushisa to Kanashimi to, a Koto.

Hie selwer huet Meijin (1951) als säi bescht Wierk consideréiert.

1968 gëtt de Kawabata als éischte Japaner mat dem Nobelpräis ausgezeechent, dat fir déi dräi Bicher Yukiguni, Koto an Senbazuru.

Hien huet sech 1972 ëmbruecht.

Wierker (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
JoerOriginaltitelLëtzebuergesch
1926Izu no Odoriko (伊豆の踊り子)D'Dänzerin vun Izu
1935-37Yukiguni 雪国D'Schnéiland
1951-54Meijin 名人Meeschter
1949-52Senbazuru 千羽鶴Dausend Stuerken
1949-54Yama no Oto 山の音D'Grommele vum Bierg
1954Mizumi 湖; みづうみDe Séi
1961Nemumeru bijo 眠れる美女Déi schéi Fraen, déi schlofen
1962Koto 古都Déi al Haaptstad (Kyoto)
1964Utsukushisa to Kanashimi to 美しさと哀しみとSchéinheet an Trauregkeet

Lëscht vun de Laureate vum Nobelpräis fir Literatur

 Commons: Kawabata Yasunari – Biller, Videoen oder Audiodateien