Yoshihiko Noda

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Yoshihiko Noda (2011)

De Yoshihiko Noda (jap. 野田 佳彦, Noda Yoshihiko;) gebuer den 20. Mee 1957 zu Funabashi, Prefektur Chiba, ass e japanesche Politiker an zanter dem 2. September 2011 den 62. Premierminister vu Japan.

Hien ass President vun der Japanescher Demokratescher Partei an Deputéierten am Shūgiin, der Ënneschter Chamber vum Kokkai, dem japanesche Parlament. Vun 2010 bis 2011 war hie Finanzminister am Naoto Kan senger Regierung.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Yoshihiko Noda – Biller, Videoen oder Audiodateien