Yu-Gi-Oh!
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn. |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Manga Yu-Gi-Oh!. Fir aner Bedeitunge vu Yu-Gi-Oh!, kuckt wgl. Yu-Gi-Oh! (Homonymie). |
| ||||
---|---|---|---|---|
Land | Japan | |||
Sprooch | Japanesch | |||
Erauskomm | 30.09.1996-08.03.2004 | |||
Text | Kazuki Takahashi | |||
Zeechnungen | Kazuki Takahashi |
Yu-Gi-Oh! ass e Manga, deen 1996 erauskoum a vum japanesche Mangaka Kazuki Takahashi geschriwwen a gezeechent gouf. E koum tëschent dem 30. September 1996 an dem 8. Mäerz 2004, an 343 Kapitelen, am bekannte Weekly Shonen Jump Magazin eraus. Spéider gouf en nach eng Kéier eenzel an 38 Bänn verëffentlecht. Nodeems de Manga schonn e groussen Erfolleg war, ass duerno och en Anime erauskomm, un deem den Takahashi och matgeschafft huet. Duerno ass och dat aus dem Manga/Anime bekannt Kaartespill op de Maart komm. D'Spill war och e groussen Erfolleg a gëtt bis haut op groussen Turnéieren op der ganzer Welt gespillt.[1]
Och en ettlech Yu-Gi-Oh!-Filmer a Videospiller a Merchandise si bis haut erauskomm. Den Takahashi huet sech bei der Kreatioun vum Manga un der egyptescher Kultur inspiréiert. Ausserdeem hat d'Sammelkaartespill Magic: The Gathering groussen Afloss op d'Erschafe vu Yu-Gi-Oh!.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Ausgangslag
[änneren | Quelltext änneren]De 16 Joer ale Yugi Muto[2] kritt enges Daags vu sengem Grousspapp Sugoroku[3] e 5000 Joer alen egypteschen Artefakt geschenkt op deen die bei enger archeologescher Ausgruewung gestouss ass. Et handelt sech dobäi ëm de Milleniumspuzzle[4], ee vu siwe sougenannte Milleniumsgéigestänn[5]. Bis zu deem Zäitpunkt hat nach keen et gepackt fir de Puzzle ze léisen mä de Yugi bréngt et fäerdeg. Dobäi gëtt de Geescht vun engem 5000 Joer ale Pharao[6] fräigesat den näischt méi iwwer seng Vergaangenheet weess. Hie wees just datt en nees belieft gouf fir rëm eng Kéier d'Welt ze retten a freet de Yugi op hien him dobäi hëllefe géif. De Yugi ass d'accord a vun deem Ament un, wunnt de Pharao am Kierper vum Yugi. Heiansdo iwwerhëlt de Pharao de Kierper ganz a gëtt da Yami Yugi (Dark Yugi)[7] genannt. A verschiddene Milleniumsgéigestänn liewe gutt oder schlecht Geeschter. De Yugi verbréngt seng Zäit haaptsächlech mat senge Kolleege Katsuya[8], Anzu[9], Hiroto[10] a Bakura[11] déi fir hie wéi seng Famill sinn. De Bakura huet och e Milleniumsgéigestand, de Milleniumsrank[12]. An deem wunnt allerdéngs e béise Geescht den och munnechmol zum Virschäin kënnt. An der Welt vu Yu-Gi-Oh! ass d'Sammelkaartespill Duel Monsters[13] omnipresent a ganz populär. Jiddweree spillt et an intresséiert sech derfir. Och de Yugi huet vill Talent fir d'Spill. De Weltmeeschter Seto Kaiba[14] entféiert enges Daags dem Yugi säi Grousspapp well deen eng vun de beschte Kaarten huet, de Blue-eyes white Dragon[15]. Vun deene gëtt et der just véier. Hie rifft de Yugi a seng Kolleege bei sech. De Grousspapp huet de Blue-eyes white Dragon an engem Duell géint de Kaiba verluer an deen zerrappt d'Kaart dorops hin fir datt se net géint hien agesat ka ginn. D'Duell ass an enger ganz neier Duellarena an där d'Kaarte kënne lieweg ginn déi si ausspillen. Bei den Dueller am Laf vun der Geschicht iwwerhëlt och ëmmer de Pharao de Kierper vum Yugi soudatt de Yami Yugi elo géint de Kaiba untrëtt. Hie packt et och tatsächlech fir géint de Kaiba ze gewannen andeems hien et packt déi onbesigbar Exodiakaarten[16] ze ruffen. Dem Yugi seng Victoire dréngt souguer bis zum Maximillion Pegasus[17], dem Erfinder vun Duel Monsters duerch.
Duelist Kingdom
[änneren | Quelltext änneren]Enges Owends wéi de Yugi a seng Frënn bei sengem Grousspapp sinn, kënnt e Päckelche fir de Yugi un. An dem sinn e Video an 2 kléng Stären dran. Si maachen de Video un an do ass de Pegasus drop. Um Video erkläert hien datt déi Stären den Entréesticket fir e neit ‘‘Duel Monsters‘‘ Turnéier sinn dat hien op enger Insel veranstalt, wat hien ‘‘Duelist Kingdom‘‘ nennt. Hien seet dem Yugi och datt e sech mat him duelléiere wéilt fir ze kucke wéi gutt en ass. Bemol gëtt de Yugi an eng aner Welt gezunn an de Pegasus steet wierklech virun him. De Pegasus erkläert datt et sech dobäi ëm de ‘‘Shadow Realm‘‘[18] handelt, eng däischter Welt wou Séile festgehale ginn. Si duelléiere sech an de Pegasus gewënnt. Dobäi hält hien dem Yugi säi Grousspapp am ‘‘ Shadow Realm ‘‘ fest a seet datt en de Sugoroku just befreie wäert wann de Yugi géint hien am Duelist Kingdom an der Finall gewënnt. De Yugi a seng Frënn maache sech op d'Rees an d'Duelist Kingdom fir de Grousspapp ze retten. Net nëmmen de Yugi mee och de Katsuya huet wëlles beim Turnéier matzemaachen. Hie wëll nämlech mam Präisgeld, wat ee kritt wann ee gewënnt, d'Operatioun vu senger Schwëster bezuelen déi eng seelen Aenkrankheet huet an deemnächst kéint blann ginn. De Yugi deelt seng zwee Stéiere mam Katsuya fir datt hien och deel huele kann. Fir an d'Halleffinall ze komme brauch een zéng Stären. Wärend dem Turnéier gewannen déi zwee géint verschidden Topduellanten wéi de Insector Haga[19], den wärend der Schëfffaart op d'Insel dem Yugi seng Exodiakaarten an d'Mier werft, de Dinosaur Ryuzaki[20] oder och de Ryota Kajiki[21]. Ausserdeem musse si sech géint déi sougenannten ‘‘Player Killers‘‘[22] duerchsetzen déi de Pegasus schéckt fir méiglechst vill Leit aus dem Turnéier ze eliminéiere fir datt just déi bescht Duellanten weiderkommen. Deenen zwee geléngt et awer all Géigner ze bezwéngen an op zéng Stären ze kommen. Soumat hunn si Zougang an d'Buerg vum Pegasus wou d'Halleffinall an d'Finall stattfannen. Virun der Buerg waart allerdéngs de Seto Kaiba. Hie war nom leschten Duell mam Yugi an eng déif Krise gefall an hat sech zeréckgezunn. Wärend där Zäit, hat de Pegasus probéiert mat Hëllef vun den Haaptaktionäre seng Firma ‘‘Kaiba Corporation‘‘[23] ze iwwerhuelen. Dofir huet hie souguer dem Seto säi Brudder Mokuba[24] erfouert. Aus dësem Grond ass de Kaiba op der Insel, hie wëll säi Brudder retten. Virdrun duelléiert hie sech awer gär mam Yugi fir Zougang zur Buerg ze kréien. De Kaiba gewënnt och a konfrontéiert duerno de Pegasus. Géint dësen huet de Kaiba allerdéngs keng Chance an de Pegasus hält nom Duell och seng Séil am ‘‘Shadow Realm‘‘ fest. An der Halleffinall stinn sech de Yugi an d'Mai Kujaku[25] géigeniwwer an den Katsuya an de Keith Howard[26]. Dem Yugi geléngt et d'Mai ze bezwéngen an den Katsuya gewënnt géint de Keith, obwuel den esou guer fuddelt. Am Manga ass et esou, am Géigesaz zum Anime, datt de Pegasus, de Yugi an den Katsuya decidéieren datt de Yugi direkt géint de Pegasus untrëtt an déi zwee Kolleegen net géinteneen kämpfen mussen. Am alles entscheedenden Duell gewënnt de Yugi géint de Pegasus mat Hëllef vun der ‘‘Mind Shuffle‘‘[27] Strategie, bei där de Yugi an de Yami déi ganzen Zäit tauschen a soumat ëmmer erëm en Aneren de Kierper vum Yugi steiert. De Pegasus hat nämlech virdru mat Hëllef vu sengem Milleniumsaen[28], och ee vun de siwe Milleniumsgéigestänn, d'Kaarte vum Yugi kënne kucken. Nom Duell ginn de Sogoroku an déi zwéi Kaiba Bridder fräigelooss. De Pegasus allerdéngs ass verschwonnen. Et ass de Yami Bakura[29], deen all éi siwe Milleniumsgéigestänn wëll hunn, an dem Pegasus säi Milleniumsa klaut.[30]
Battle City
[änneren | Quelltext änneren]E puer Méint méi spéit gëtt de Kaiba vun enger Fra mam Numm Ishizu[31] an e Musée agelueden wou eng egyptesch Ausstellung ass. Am Musée seet d'Ishizu him datt hien den Nofollger vum gréissten Erausfuerderer vum Pharao ass. De Kaiba den net un iwwernatierlech Saache gleeft wëll eigentlech scho goen, mee da schwätzt d'Ishizu vun den dräi ‘‘egyptian God Cards‘‘[32] deene stäerkste Kaarten déi et ginn. Si sinn d'Nobildunge vun de stäerkste Kreaturen aus dem alen Egypten. De Pegasus huet dem Ishizu d'Kaarten domols iwwerlooss well souguer hien Angscht virun der Muecht vun hinnen hat. Allerdéngs sinn zwou vun deen dräi Kaarten vun enger Organisatioun déi ‘‘Rare Hunters‘‘[33] heescht geklaut ginn. Si hunn d'Ziel déi seelenst Kaarten ze sammelen. Fir d'Organisatioun erauszelackelenn an déi bescht Kaarten ze konzentréieren, organiséiert de Kaiba en Tournoi zu Domino City[34] wat hien ‘‘Battle City‘‘[35] nennt. Virdrun gëtt d'Ishizu him awer déi ‘‘egyptian God Card‘‘ déi hatt nach rette konnt: ‘‘Obelisk the Tormentor‘‘[36]. D'Haaptreegel vum Turnéier ass et datt ee sengem Géigner nom Duell seng seelenst Kaart muss ginn wann ee verléiert. Och de Yugi hëlt um Turnéier deel. Hien kritt mat datt d'egyptian God Cards mam Pharao a mam Milleniumspuzzle ze dinn hunn. Zu dësem Zäitpunkt daucht awer och e neien Antagonist op, den Marik Ishtar[37]. Hien ass de Kapp hannert de Rare Hunters an am Besëtz vun den aneren zwee ‘‘egyptian God Cards‘‘ an dem Milleniumsstaf[38]. De Staf ass et och den déi däischter Säit am Marik ervirbréngt an en béis mécht. Ausserdeem ass hien de Brudder vum Ishizu. D'Famill Ishtar war déi lescht 5000 Joer Hüter vum Graf vum Pharao wat de Marik awer ëmmer verabscheut huet a sech dowéinst um Pharao räche wëll. Wärend dem Turnéier musse sech de Yugi a seng Kolleegen géint divers Topduellanten awer och géint verschidden Rare Hunters duerchsetzen. Een dovun gëtt vum Marik direkt kontrolléiert duerch de Milleniumsstab an huet eng ‘‘egyptian God Card‘‘ am Deck, ‘‘Slifer the Sky Dragon‘‘[39]. De Yugi gewënnt awer, a sou kritt hie seng éischt ‘‘egyptian God Card‘‘. Déi lescht aacht Duellanten vum Turnéier zu deenen ënner anerem de Yugi, den Katsuya, de Kaiba an awer och de Marik an d'Ishizu gehéieren trieden elo géinteneen un. An der Halleffinall verléiert de Katsuya spéider géint de Marik a gëtt, souwéi all seng Géigner, an d'Shadow Realm verbannt. An der Véierelsfinall hat hie schonn d'Mai Kujaku besiegt an hatt och verbannt. De Yugi gewënnt géint de Kaiba an der Halleffinall an zitt an d'Finall géint de Marik an. Ausserdeem kritt hien och den ‘‘Obelisk the Tormentor ‘‘. An der Finall gewënnt de Yugi no laangem Kampf géint de Marik den och seng egyptian God Card ‘‘The winged Dragon of Ra‘‘[40] asetzt. Soumat ass de Yugi ab dem Zäitpunkt am besetz vun allen dräi egyptian God Cards. Domat hofft hie méi iwwert d'Vergaangenheet vum Pharao erauszefannen. Mee net nëmmen dat erreecht hie mat dem Duell, och dem Marik seng däischter Säit, de Yami Marik[41], gëtt domat an d' Shadow Realm verbannt a seng gutt Säit bleift zeréck.[35]
Zäitrees
[änneren | Quelltext änneren]Lo wou de Yugi am Besëtz vun den dräi egyptian God Cards ass an d'Geheimnis vum Pharao mat Hëllef vum Marik entschlësselt huet, ass hie bereet seng lescht Rees un ze trieden. Zu dësem Zäitpunkt erwecht awer och nees de Geescht vum Milleniumsréng a wëll säi Plang ëmsetzen. Mat Hëllef vum Milleniumspuzzle wëll de Pharao eng Rees an d'Egypten vu viru 5000 Joer maachen. De Yami Bakura notzt dobäi d'Geleeënheet fir mat an d'Vergaangenheet ze reesen, well wat de Pharao net weess, ass dass och domols bei der Créatioun vum Milleniumspuzzle en Deel vu sengem Geescht am Puzzle verstoppt ginn ass. An der Géigewaart gëtt de Yugi gewarnt, dass de Yami Bakura plangt an der Vergaangenheet dat stäerkst Monster vun allen zum Liewen ze erweechen, dëst huet den Numm ‘‘Zorc‘‘[42]. Dorops hin maache sech och de Yugi a seng Frënn op Zäitrees. Et stellt sech eraus, dass de Yami Bakura a Wierklechkeet de Geescht vum Zorc ass, den de Bakura als Wirt benotzt huet fir an der Géigewaart mat de Leit kënnen ze interagéieren. Zum Schluss geléngt et awer dem Pharao de Yami Bakura fir ëmmer ze besiegen an dem hie géint de Yami Bakura en Duell am Shadow Realm gewënnt. Fir éiwege Fridden ze fannen muss hien awer nach eng lescht Saach maachen: hie muss géint de Yugi an engem Duell untriede bei dem déi zwee sech net dierfen zeréckhalen. No engem intensive Kampf gewënnt de Yugi géint de Pharao an dësen ass domat fräi. De Yugi an de Pharao ginn ab dem Moment getrennte Weeër. Ausserdeem gëtt de Pharao elo säi richtege Numm gewuer, hien heescht ‘‘Atem‘‘.[43]
Personnagen
[änneren | Quelltext änneren]Personnage | Beschreiwung |
---|---|
Yugi Muto | De Yugi ass de Protagonist vum Manga. Hien ass de Besëtzer vum Milleniumspuzzle. A sengem Kierper wunnt och de Geescht vum Pharao. Hie befreit säi Grousspapp nodems dëse vum Pegasus am Shadow Realm festgehale gouff. Besiegt de Marik an der Finall vum Battle City Turnéier. Hien hëlleft dem Pharao méi iwwer seng Vergangenheet erauszefannen. |
Yami Yugi/ Atem/Pharao | Huet viru 5000 Joer d'Welt gerett, mä ka sech u soss näischt erënneren. Gett vum Yugi wiederbelebt a soll d'Welt op e neits retten. Versicht méi iwwert seng Vergaangenheet ze léieren. Kënnt ëmmer zum Virschäin wann de Yugi sech duelléiert. |
Sugoroku Muto | Ass de Grousspapp vum Yugi. Besetzt 1 vu 4 Blue-eyes white Dragon. Verléiert géint de Seto Kaiba. Gëtt spéider vum Pegasus am Shadow Realm festgehal a vum Yugi befreit. |
Katsuya Jonouchi | Ass de beschte Koleeg vum Yugi. Hëllt och um Duelist Kingdom deel wëll e seng Schwëster rette wëll. Hëllt och um Battle City Turnéier deel a verléiert do spéider géint de Marik wourops hin en an d'Shadow Realm verbannt gëtt. Huet romantesch Gefiller fir d'Mai. |
Anzu Masaki | Ass déi bescht Frendin vum Yugi, steet him ëmmer zur Säit. |
Hiroto Honda | Ass ee vun de beschte Koleege vum Yugi. |
Yami Bakura | Ass och e gudd Koleeg vum Yugi a sengen Frënn. Besetzt de Milleniumsréng an dem e béise Geescht lieft. Dem säin Ziel ass et all Milleniumsgéigestänn ze sammelen an sou ëmmer méi mächteg ze ginn. De béise Geescht vum Bakura, dee sech herno als de Zorc also dat mächtegst Monster entpoppt, gouf fräigeloos an dems de Yugi de Milleniumspuzzle geléisst huet. |
Maximillion Pegasus | Ass den Erfinder vun Duel Monsters. Ass am Besetz vum Milleniumsaen wouduerch hie béis gëtt. Hien hällt dem Yugi säi Grousspapp am Shadow Realm fest, léisst en awer fräi nodems de Yugi géint hien an der Finall vum Duelist Kingdom gewënnt. Kritt säi Milleniumsa vum Bakura geklaut. Verschwënnt ënner mysteriéisen Ëmstänn. |
Seto Kaiba | Ass de Besëtzer vun der Kaiba Corporation enger vun de gréisste Firmen op der Welt. Ass Weltmeeschter am Duel Monsters bis e géint de Yugi verléiert. Besetzt dräi Blue-eyes white Dragon an zerstéiert de véierte fir datt e net géint hie kann agesat ginn. Verléiert géint de Pegasus a gëtt dorops hin am Shadow Realm festgehalen. Organiséiert d'Battle City Turnéier a kritt vum Ishizu den Obelisk the Tormentor. Verléiert an der Halleffinall géint de Yugi. |
Mokuba Kaiba | Ass de Brudder vum Seto Kaiba. Gëtt vum Pegasus entfouert. Ass déi eenzeg Persoun där de Seto géigeniwwer Gefiller weist. |
Insector Haga | Ass ee vun de beschten Duellanten bis e vum Yugi an der 1. Ronn vum Duelist Kingdom besiegt gëtt. Wërft dem Yugi seng Exodia Kaarten an d'Mier. Spillt just mat Kaarten vum Typ Insekt. |
Dinosaur Ryuzaki | Ass ee vun de beschten Duellanten bis e vum Katsuya an der 1. vum Duelist Kingdom besiegt gëtt. Spillt just mat Kaarten vum Typ Dinosaurier. |
Kyota Kajiki | Ass e gudden Duellant den am Duelist Kingdom vum Yugi besiegt gëtt. Spillt just Kaarte vum Typ Waasser. |
Mai Kajuaku | Ass eng gutt Duellantin déi am Duelist Kingdom bis an d'Halleffinall kënnt wou et géint de Yugi verléiert an am Battle City Turnéier bis an d'Véirelsfinale wou et géint de Marik verléiert. Huet romantesch Gefiller fir de Katsuya. Spillt mat den Harpyen Karten. |
Keith Howard | Kënnt an d'Halleffinale vum Duelist Kingdom an dem e fuddelt. Verléiert trotz fuddelen géint de Katsuya. Spillt just mat Kaarte vum Typ Maschine. |
Ishizu Ishtar | Hatt a seng Famill si säit 5000 Joer d'Hüter vum Graf vum Pharao. Ass am Besëtz vun der Milleniumsketten[44] wouduerch hat manchmol d'Zukunft ka Virraus soen. Gëtt dem Seto Kaiba den Obelisk the Tormentor a seet him hie soll d'Battle City Turnéier organiséieren. Ass de Brudder vum Marik, versicht dësen ze retten a gleeft u seng gutt Säit. Verléiert an der Véirelsfinale vum Battle City Turnéier géint de Seto Kaiba. |
Marik Ishtar/Yami Marik | Ass de Brudder vum Ishizu. Ass am Besetz vum Milliumsstab. Säin Ziel ass et mat senge Rare Hunters sou vill selte Kaarte wéi méiglech ze kréien. Wëll mat der Muecht vun den dräi egyptian God Cards d'Welt an d'Chaos stierzen. Schéckt seng Géigner allkéiers an d'Shadow Realm wann e gewënnt. Ass am Besetz vun der mächtegster egyptian God Card, dem The winged Dragon of Ra. Verléiert an der Finall vum Battle City Turnéier géint de Yugi nodems e virdrun d'Mai an de Katsuya besiegt huet. Gëtt no der Défaite géint de Yugi rem léif a befreit jiddereen den en am Shadow Realm festgehal huet. Kennt vill Geheimnisser vum Pharao senger Vergaangenheet an erzielt him déi. |
Referenzen
[änneren | Quelltext änneren]- ↑ http://yugioh.wikia.com/wiki/Yu-Gi-Oh!_(manga)
- ↑ http://yugioh.wikia.com/wiki/Yugi_Mutou_(manga)
- ↑ http://yugioh.wikia.com/wiki/Sugoroku_Mutou_(manga)
- ↑ http://yugioh.wikia.com/wiki/Millennium_Puzzle
- ↑ http://yugioh.wikia.com/wiki/Millennium_Items
- ↑ http://yugioh.wikia.com/wiki/Pharaoh_Atem
- ↑ http://yugioh.wikia.com/wiki/Dark_Yugi_(manga)
- ↑ http://yugioh.wikia.com/wiki/Katsuya_Jonouchi_(manga)
- ↑ http://yugioh.wikia.com/wiki/Anzu_Mazaki_(manga)
- ↑ http://yugioh.wikia.com/wiki/Hiroto_Honda_(manga)
- ↑ http://yugioh.wikia.com/wiki/Ryo_Bakura_(manga)
- ↑ http://yugioh.wikia.com/wiki/Millennium_Ring
- ↑ http://yugioh.wikia.com/wiki/Duel_Monsters
- ↑ http://yugioh.wikia.com/wiki/Seto_Kaiba_(manga)
- ↑ http://yugioh.wikia.com/wiki/Blue-Eyes_White_Dragon
- ↑ http://yugioh.wikia.com/wiki/Exodia_the_Forbidden_One
- ↑ http://yugioh.wikia.com/wiki/Maximillion_J._Pegasus_(manga)
- ↑ http://yugioh.wikia.com/wiki/Shadow_Realm
- ↑ http://yugioh.wikia.com/wiki/Insector_Haga_(manga)
- ↑ http://yugioh.wikia.com/wiki/Dinosaur_Ryuzaki_(manga)
- ↑ http://yugioh.wikia.com/wiki/Mako_Tsunami
- ↑ http://yugioh.wikia.com/wiki/Eliminators
- ↑ http://yugioh.wikia.com/wiki/KaibaCorp
- ↑ http://yugioh.wikia.com/wiki/Mokuba_Kaiba_(manga)
- ↑ http://yugioh.wikia.com/wiki/Mai_Valentine
- ↑ http://yugioh.wikia.com/wiki/Keith_Howard_(manga)
- ↑ http://yugioh.wikia.com/wiki/Mind_Shuffle
- ↑ http://yugioh.wikia.com/wiki/Millennium_Eye
- ↑ http://yugioh.wikia.com/wiki/Dark_Bakura_(manga)
- ↑ http://yugioh.wikia.com/wiki/Duelist_Kingdom_(manga_arc)
- ↑ http://yugioh.wikia.com/wiki/Ishizu_Ishtar
- ↑ http://yugioh.wikia.com/wiki/Egyptian_God
- ↑ http://yugioh.wikia.com/wiki/Rare_Hunters
- ↑ http://yugioh.wikia.com/wiki/Domino_City
- ↑ 35,0 35,1 http://yugioh.wikia.com/wiki/Battle_City_(manga_arc)
- ↑ http://yugioh.wikia.com/wiki/Obelisk_the_Tormentor_(original)
- ↑ http://yugioh.wikia.com/wiki/Marik_Ishtar_(manga)
- ↑ http://yugioh.wikia.com/wiki/Millennium_Rod
- ↑ http://yugioh.wikia.com/wiki/Slifer_the_Sky_Dragon_(original)
- ↑ http://yugioh.wikia.com/wiki/The_Winged_Dragon_of_Ra_(original)
- ↑ http://yugioh.wikia.com/wiki/Dark_Marik_(manga)
- ↑ http://yugioh.wikia.com/wiki/Zorc_Necrophades_(manga)
- ↑ http://yugioh.wikia.com/wiki/King%27s_Memories
- ↑ http://yugioh.wikia.com/wiki/Millennium_Necklace
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Yu-Gi-Oh! – Biller, Videoen oder Audiodateien |