Yves Lebrac

Vu Wikipedia

Den Yves Lebrac ass eng Comicfigur an ass Zeechner am Journal de Spirou.

Hie gëtt gutt mam Gaston eens, ausser wann hie selwer Affer vun enger vum Gaston senge Gaffen ass. Mä hie kann dem Gaston ni laang béis sinn, Chaos ass schliisslech och senger Artisteséil net sou friem.

De Lebrac huet eng Idylle (natierlech reng platonesch) mat enger vun de Sekretärinne aus der Redaktioun. Leider huet si keen Numm, well wéi de Franquin endlech deen ideale Numm fir si fonnt hat, do huet e vergiess, en opzeschreiwen, an duerno huet hien en nees vergiess. Sou sief just gesot, datt hei vun der Baba-cool Sekretärin rieds geet.