Žarko Lukić
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Zarko Lukic)
Žarko Lukić | |
---|---|
Gebuer |
22. Mee 1983 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Foussballspiller |
Positioun oder Spezialitéit | Ugräifer |
Gréisst | 184 cm |
Gewiicht | 80 kg |
Veräin/Ekipp |
C.A. Spora Lëtzebuerg, FC Swift Hesper, CS Péiteng, F91 Diddeleng, UN Käerjéng 97, Racing FC Union Lëtzebuerg, Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp |
Den Žarko Lukić, gebuer den 22. Mee 1983 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Foussballspiller.[1]
Karriär
[änneren | Quelltext änneren]Hien huet beim Swift Hesper ugefaange Foussball ze spillen. 2004 huet hie bei den CS Péiteng gewiesselt, wou hien awer ni zum Asaz koum. No enger Saison huet hien 2007 bei den F91 Diddeleng gewiesselt, wou hien e Kontrakt bis 2010 hat. Nodeem säi Kontrakt net verlängert gouf, huet hie bei den CSO Amnéville gewiesselt. An der Saison 2010/11 ass hien op 8 Asätz komm, an huet dobäi 2 Goler geschoss. Zanter der Saison 2011/12 spillt hie bei der Jeunesse vun Esch.
Hien huet den 30. Januar an de 26. Mäerz 2008 fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[2]