Op den Inhalt sprangen

Zhang Ziyi

Vu Wikipedia
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Umierkung: Bei dësem Artikel gëtt de Familljennumm virun de Virnumm vun der Persoun gesat. Dat ass déi üblech Reiefolleg am Chineeseschen. Zhang ass also de Familljennumm, Ziyi ass de Virnumm.
Zhang Ziyi
Gebuer 9. Februar 1979
Peking
Nationalitéit China
Aktivitéit Schauspillerin, Dänzerin, Mannequin, Theaterschauspillerin, Filmschauspillerin, Filmregisseurin
Gielercher Chevalier vum Ordre des Arts et des Lettres‎
Bestuet mat Wang Feng (2015–)

D'Zhang Ziyi, op Chineesesch 章子怡 Zhāng Zǐyí, gebuer den 9. Februar 1979 zu Peking, ass eng chineesesch Schauspillerin.

D'Zhang Ziyi gouf als Duechter vum Zhang Yuanxiao, engem Ekonomist, a vun der Li Zhousheng, enger Spillschoulsjoffer, zu Peking gebuer an huet do hir Jugend verbruecht. Am Alter vun néng Joer huet si op Wonsch vun hiren Elteren, déi sech Suergen ëm hir Gesondheet gemaach hunn, ugefaangen an Danzcoursen ze goen. Mat eelef Joer ass si op eng Secondairesschoul gaangen, déi mat der Danzakademie vu Peking verbonnen ass, a gouf intensiv am Danz ausgebilt.

Wärend där Zäit huet si no eegenen Angabe méi haart geschafft wéi déi meescht Kanner a Jugendlecher. Hiren Dag huet reegelméisseg um 5 Auer mat Gymnastik ugefaangen a war net virun 23 Auer eriwwer. An der Schoul huet si sech net wuelgefillt, well do eng extreem wettbewerbsorientéiert Atmosphär geherrscht huet a well d'Meedercher ëm Status an d'Opmierksamkeet vun de Proffe konkurréiert hunn. Mat 13 Joer ass si ënner anerem dowéinst aus der Schoul fortgelaf a misst vun der Police zeréckbruecht ginn.

Obwuel d'Zhang Ziyi eng Rei Danzconcourse gewonnen huet, ass ëmmer méi däitlech ginn, datt hir Zukunft an dësem Fach net besonnesch villverspriechend ausgesi géif. Dowéinst ass si mat 16 op d'zentral Schauspillakademie vu Peking gewiesselt, déi se am Joer 2000 erfollegräich ofgeschloss huet.

 Commons: Zhang Ziyi – Biller, Videoen oder Audiodateien