Zombie

Vu Wikipedia
Eng als Zombie geschminkt Persoun

En Zombie ass eng fiktiv Kreatur, déi a Bicher, Filmer, Serien an anere Medien, als operstanenen Doudegen oder en irrationalt mënschlecht Wiesen duergestallt gëtt. D'Geschicht vun den Zombien huet hir Origin am spirituellen afro-karibesche Voodoo-Glawen, an deem e mächtegen Zauberer oder eng Hex Aarbechter kontrolléiere kann.

Sou eng Kreatur ass e mënschlecht Wiesen, dat fir dout gehalen a begruewe ginn ass, an dat - dem Volleksglawen no - erëm ausgegruewe ginn a mat onbekannte Mëttelen erëm zum Liewen erwächt ginn ass. Wéinst dem Manktem u Sauerstoff am Graf wier de "liewegen Doudegen" Gehier-dout erëm reaniméiert ginn an dofir an engem katatoneschen Zoustand. E géif Onsécherheet an Angscht verbreeden an déi Lieweg, déi et fänkt, iessen.

D'Kreatur vum Zombie huet zanter den 1960er Jore staark u Popularitéit gewonnen, haaptsächlech zanter dem Succes vum amerikanesche Film Night of the Living Dead ("Nuecht vun de liewegen Doudegen") vun 1968. Vill fiktiv Wierker thematiséieren d'Zombie-Apokalyps bei där d'mënschlech Zivilisatioun zesummebrécht an d'Zombie sech duerch e Virus weltwäit rapid ausbreeden.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

  • Zombie Film, deen éischte Lëtzebuerger Zombiefilm vun 2005