Hans Lippershey

Vu Wikipedia
Portrait vum Hans Lippershey aus dem Buch De vero telescopii inventore (1655)

Den Hans Lippershey (och: Jan Lipperhey oder Johannes Lipperhey), gebuer ëm 1570 zu Wesel, gestuerwen am September 1619 zu Middelburg, war en däitsch-hollänneschen Optiker an Erfinder vum hollänneschen Teleskop.

De Lippershey ass am Joer 1594 op Middelburg an der haiteger Provënz Zeeland ausgewandert an huet sech do als Brëllemécher niddergelooss. Den 2. Oktober 1608 huet hien dem Rot vu Zeeland en Instrument ugebueden, mat deem ee méi wäit konnt kucken an huet dorophin eng Commande kritt, déi Instrumenter ze bauen. Schonn e Joer duerno goufen zu Paräis déi sougenannt „Teleskope“ vum Lippershey verkaaft. 1609 ass dem Galileo Galilei den astronomeschen Duerchbroch mat engem Nobau vum Lippershey-Teleskop gelongen.

De Lippershey krut dat ugefrote Patent fir säin Teleskop zwar net. De Grond dofir war, datt hien am Oktober 1608 net (méi) deen eenzege war, deen Teleskope baue konnt a gebaut huet. Nieft dem Hans Lipperhey hunn och de Jacob Adriaanszon, genannt de Metius vun Alkmaar, souwéi den Zacharias Jansen Usproch op d'Patent vum Teleskop verlaangt.

De Sträit ëm d'Prioritéit iwwer d'Erfanne vum Teleskop gouf fir d'éischt 1655 am engem Buch duergestallt. Den Titel vum Buch ass: De vero telescopii inventore[1] a gouf vum Pierre Borel verfaasst. An dësem Buch ass och e Bild vum Lippershey.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Dokument iwwer Patentufro vum Lippershey fir d'Teleskop.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Déi digital Editioun vun: De vero telescopii inventore Archivéiert op 2009-05-04. Gekuckt de(n) 2009-01-17.