Étienne Lenoir

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Étienne Lenoir

De Jean Joseph Étienne Lenoir gebuer den 12. Januar 1822 zu Mussy-la-Ville, deemools Lëtzebuerg, haut belsch Provënz Lëtzebuerg, a gestuerwen de 7. August 1900 zu La Varenne bei Paräis, war en Erfinder (80 Patenter) a Geschäftsmann.

Den Étienne Lenoir huet 1860 den éischte brauchbare Gasmotor gebaut, 1863 dat éischt Gefier op der Strooss, dat domatter ugedriwwe gouf, den Hippomobile[1] an 1866 e Motorboot, dat mat Gas bedriwwe gouf. Mat sengem Gasmotorwon huet hien den 9 km laangen Trajet vu Paräis op Joinville-le-Pont an ongeféier 3 Stonnen zeréckgeluecht. An der ganzer europäescher Press gouf iwwert dem Lenoir säi Gasmotorwon geschriwwen. De russeschen Zar Alexander II. war esou dervun impressionéiert, datt en him een ofkaf huet.

Den Nikolaus Otto huet sech bei der Entwécklung vum Ottomotor um Lenoir sengem Gasmotor orientéiert.

Den Étienne Lenoir gouf chevalier de la Légion d'honneur a krut d'franséisch Nationalitéit.

[änneren] Literatur

  • Anonyme (1980). Jean Joseph Etienne Lenoir. 1822-1900. 22 S. Hesperange. [an der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik ze kréien]
  • Anonymus (1948). Luxemburger Forscher. Tageblatt 1948, Nr. 80 (7. April), S. 4.
  • Paul Conrardy (1982). Motoren und Autos "made in Luxembourg". Auto-Touring / Revue de l’Automobile-Club de Luxembourg, n° 5: 20-25 [Artikel iwwer lëtzebuergesch Automobilconstructeuren]
  • Jean-Pierre Monhonval (1985). Etienne Lenoir : un moteur en héritage. [préf.: Christian Calmes, André Desvallées]. 123 p. Michel frères, Virton.

[änneren] Um Spaweck

[änneren] Referenzen

  1. De Lenoir huet deemools tëschent 350 - 400 där Hippomobile verkaaft. Quell: http://en.wikipedia.org/wiki/Hippomobile_(car)
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen