Adolf El Assal

Vu Wikipedia
Adolf El Assal
Gebuer 7. Abrëll 1981
Alexandria
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Filmproduzent, Filmregisseur, Dréibuchauteur

Den Adolf ("Ady") El Assal, gebuer de 7. Abrëll 1981 zu Alexandria an Egypten, ass e lëtzebuergesche Filmregisseur a -produzent.

Liewen a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Kuerz no senger Gebuert ass hie mat senger Famill an d'Vereenegt Arabesch Emirater wunne gaangen, wou seng Elteren als Apdikter, resp. Doktesch, geschafft hunn. Wéi d'Géigend wéinst dem Eischte Golfkrich onsécher gouf, wollte seng Elteren an Europa emigréieren. Eischter duerch Zoufall si si op Lëtzebuerg komm an do bliwwen.[1]

Hien ass zu Réimech an zu Rodange opgewuess an huet seng Première an Owescoursen am Lycée Michel-Lucius gemaach. Dono huet den Adolf El Assal op der Kingston University zu London Film studéiert a mat engem Master ofgeschloss. Hien huet scho wärend dem Studium Videocippe produzéiert, dorënner der fir de Craig David an de Robbie Williams.[1]

2006 war hie Member vum Berlinale Talentcampus 2006 an e Jury-Member um Cartoons on the Bay Film Festival 2005 an Italien. Hie war och e Prix de la Jeunesse-Member um Festival vu Cannes 2006.

Mat sengem Guerilla-Film Divizionz, deen hie mam Donald Mugisha an James Tayler produzeiert huet, an deen an engem Slum an Uganda spillt, huet den Adolf El Assal d'Welt bereest an de Film hat seng Première 2008 op der Berlinale. Zanterhier war de Film op iwwer 60 Festivallen ze gesinn an huet eng sëllege Präisser doruechter gewonnen.

Säin zweete Guerilla-Film Reste Bien, Mec! hat de 16. Februar 2009 seng Première am CineBelval. 2012 an 2019 huet hien zwéi weider Filmer gemaach, Les fameux gars a Sawah.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Laangfilmer (Regisseur)[änneren | Quelltext änneren]

Kuerzfilmer (Regisseur)[änneren | Quelltext änneren]

  • Mano De Dios. (2010)
  • La fameuse route (2010)
  • Bet Zaitoun (6:10) (2007)
  • Sheep (3:01) (2007)
  • My Imprisoned Heart (London Crew) (8:05) (2007) (och Kamera)
  • Glimpse (12 Minutten) (2007) (och Kamera)
  • The Mighty Tor (6 Minutten) (2007) (Dokumentar)
  • An Evening With TTC (12 Minutten) (2007) (Dokumentar)
  • Silvastone (5 Minutten) (2007) (Dokumentar)
  • What The? (3:10) (2007)
  • The Gift (8 Minutten) (2007) (och Kamera)
  • Graveyard Jobby (8 Minutten) (2007) (monteur)
  • Homezone 2 (9:30 Minutten) (2005) (Dokumentar)
  • Homezone (9:30 Minutten) (2004) (Dokumentar)
  • Hip-Hop De-Lux: Luxembourg's Hip-Hop Culture (52 Minutten) (2003) (Dokumentar)

Televisiounsserie[änneren | Quelltext änneren]

Musekvideoen (Selektioun)[änneren | Quelltext änneren]

  • Cico: Meglio
  • Taipan: Au feu à droite
  • Godié: Pourquoi pas
  • Dhalia: Mine
  • B.L.: Lembranca
  • Cico feat. Godié: Altrove
  • Cico feat. Raquel Barreira: O sonho dele
  • Godié: Ces instants
  • Trefle 4: J'ai pas l'temps
  • Cico feat. Godié: Altrove
  • Lil*Star: CV Souljah
  • Gynko feat. Last'Ar: Va te faire voir
  • Gynko feat. Slizzer: Wesh Les Drogues
  • Godié feat. Nyttman: Yup Yup
  • Godié: Appelle-Moi
  • Godié & Lil*Star: On le fait bien
  • Nyttman feat. Last'Ar & Alino: J'trouve plus les mots
  • A.L.S: F*** You
  • ALS: Oui
  • Taipan: Balade au pays haut
  • Nyttman feat. Lil*Star: T'aurais pas du
  • Lil*Star: Avant que je m'évade
  • Nyttman feat. Fail: Street Talk
  • Kevin Mark Trail: Robin
  • Tor: Back on the Endz
  • Hakan: MotCap
  • Robbie Williams: The 80's (My Life on the News) (Concoursgewënner)
  • Tei: Love Is a Mixed Feeling
  • FreeStyle: This Is the Man Who I am
  • Bossmen: Elle est jolie
  • A & D Cabral: Nha dama
  • NG Colin: The One
  • Bossmen. Assure le show
  • Bossmen: Les affranchis
  • Southern Suspects - Sometimes

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 "Filmregisseur Adolf El Assal: Der Beschiedene. Ein Lebensweg" (Coverstory). Revue Nr.33, 12.9.(sic, soll 8. sinn) 2020, S.6-13.