Aegyptus

Vu Wikipedia

Aegyptus, laténgesch fir Egypten, war vun 30 v. Chr. bis zu der Deelung vum Räich 395 n. Chr. eng Provënz vum Réimesche Räich.

D'Provënz Aegyptus

Wéinst dem grousse Räichtum vun Egypten hat des Provënz eng Sonnerstellung am Räich: Egypte war d'Karkummer vum Imperium.

Spéitstens wéi matzem am zweete punesche Krich, am Joer 210 v. Chr., eng Hongersnout an Italien ausgebrach ass, déi eenzeg duerch eng Karliwwerung vum Kinnek Ptolemaios IV. vun Egypte konnt ofgeschwächt ginn, war de Réimer d'Bedeitung vum Kinnekräich um Nil bewosst. Den Néiergang vum Ptolemäerräich huet säin Héichpunkt ëm 80 v. Chr. fonnt, wéi de Ptolemaios XI. an Erwägung gezunn huet, no sengem Doud d'egyptesch Herrschaft u Roum ze verierwen. Schonn zur Zäit vum Caesar hat d'Imperium versicht, an Egypte politesch Muecht ze kréien. Zanter 55 v. Chr. war eng réimesch Legioun um Nil stationéiert, an déi grouss Romanz tëscht dem Caesar an der Kleopatra hat ouni Zweiwel e staarke politeschen Hannergrond. An der praktescher Politik war d'Roll vun Egypten nun emol net z'ënnerschätzen: Wien d'Karliwwerunge kontrolléiert huet, huet iwwer d'Karspenden d'Stëmmung vum réimesche Vollek kontrolléiert. Dat hat och den Oktavian (de spéidere Keeser Augustus) am Sënn, wéi hien am Joer 30 v. Chr. Egypten entgülteg fir Roum eruewert huet. D'Provënz Aegyptus ënnerstoung direkt dem Keeser, dee si duerch de Praefectus Aegypti administréiert huet.

Réimescht Räich – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Réimescht Räich.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ancient Egypt – Biller, Videoen oder Audiodateien