Akashi-Kaikyō-Bréck
|
||||
|---|---|---|---|---|
| Informatiounen | ||||
| Land | Japan | |||
| Stad | Köbe-Awaji | |||
| Geographesch Lag | 34° 40' 19" N 135° 11' 58" O |
|||
| Längt | 3.911 m | |||
| Gréisst Spaanwäit | 1.990.8 m | |||
| Breet | 25,9 m | |||
| Héicht (Pilieren) | 298.3 m | |||
| Architekten & Ingenieuren |
||||
| Typ | Hänkbréck | |||
| Material | Stol | |||
| Baujoer | 1988 -1998 | |||
| Kategorien | ||||
|
|
||||
D'Akashi-Kaikyō-Bréck, op Japanesch 明石海峡大橋 akashi-kaikyō ōhashi, sou genannt no der Strooss vun Akashi, ass eng Autobunnshänkbréck a Japan. Si geet vu Kōbe op der Haaptinsel Honshū op d'Insel Awaji.
Su huet 2x3 Fuerbunnen a mat enger Spanwäit vun 1990.8 m ass si fir de Moment déi Hängebréck mat der gréisster Spanwäit.
[änneren] Geschicht
Virum Bau vun der Bréck ass den Transport tëschent den zwou Inselen mat Ponte gemaach ginn. Zwéi grouss Onglécker hunn awer dunn di japanesch Regierung derzou bruecht de Bau vun enger Bréck ze plangen.
De Grondsteen ass am Abrëll 1986 geluecht ginn a mam Bau ass am Mee 1988 ugefaange ginn.
Am Ufank war den Ofstand tëschent den zwéin 298.3 m héije Piliere genee 1.990 m. D'Äerdbiewe vu Kōbe, de 17. Januar 1995, dat säin Epizentrum genee tëschent de Pilieren hat, huet déi bal ee Meter méi wäit ausernee geréckelt. Wëll d'Bréck eréischt just am Ufank vum Bau war, huet dat awer keng grouss Schwieregkeete gemaach.
De 5. Abrëll 1998 ass se fir de Verkéier opgemaach ginn.
[änneren] Technesch Daten
D'Bréck hält Wandvitesse vun 80 m/s aus (bal 290 km/h), Äerdbiewe vun enger Stäerkt vun 8.5 op der Richterskala, a Mieresstréimunge vun 4.5 m/s.
D'Gesamtlängt vun der Bréck tëschent de Verankerungen ass 3.911 m an d'Breet tëschen den Drooseeler ass 35,5 m.
All Droseel huet een Duerchmiesser vun 1.122 mm a besteet aus 36.830 Dréit déi een Durchmiesser vu 5,23 mm hunn.
D'Gesamtgewiicht vun der Bréck (ouni Tierm a Stroossebelag) ass 147.000 Tonnen. An déi zwéi Pilieren (jiddereen weit 23.000 Tonnen) goufe sougenannt Massestabilisatoren oder Schwéngungstilgeren (en.: Tuned Mass Dampers, TMD) agebaut, fir bei Äerdbiewen oder Taifunen d'Vibratiounen opzefänken.
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Akashi-Kaikyo-Bréck – Biller, Videoen oder Audiodateien |