Alexander Sergejewitsch Puschkin

Vu Wikipedia
Alexander Sergejewitsch Puschkin
Portrait vun 1827
Pseudonym Александр НКШП, Иван Петрович Белкин, Феофилакт Косичкин, P., Ст. Арз. (Старый Арзамасец), А. Б.
Gebuer 26. Mee 1799 jul.
Moskau
Gestuerwen 29. Januar 1837 jul.
Sankt Péitersbuerg
Doudesursaach Schosswonn
Nationalitéit Russescht Keeserräich
Aktivitéit Dichter, Prosaist, Dramatiker, Literaturkritiker, Iwwersetzer, Historiker, Romancier, Librettist, Publizist, Schrëftsteller, Kannerbuchauteur, Dramaturg, Essayist, Auteur

Den Alexander Sergejewitsch Puschkin (Александр Сергеевич Пушкин), gebuer de 6. Juni 1799 zu Moskau a gestuerwen den 10. Februar 1837 zu Sankt Péitersbuerg, gëllt als russeschen Nationaldichter a Grënner vun der moderner russescher Literatur.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Hie war dat zweet vu fënnef Kanner vum fréiere Gardeoffizéier Sergei Lwowitsch Puschkin an deem senger Fra Nadejda Ossipowna, gebueren Hannibal. Op der Säit vu senger Mamm war säin Urbopa den Abraham Petrowitsch Hannibal, ursprénglech en afrikanesche Sklav, deen dem Zar Péiter de Grousse geschenkt gouf, an duerno deem säi Pätterche gouf an et bis zum Generolmajouer a Gouverneur vu Reval bruecht huet.

Mat 14 Joer huet de Puschkin seng éischt Versich als Dichter gemaach. An ass sechs Joer an de Lycée Zarskoje Selo gaangen, deen haut säin Numm dréit. Nach als Schüler gouf en an Ofwiesenheet an d'Péitersbuerger literaresch Gesellschaft Arsamas vum Wassili Jukowski opgeholl, déi sech géint tradéiert, verkuuscht Sproochvirstellunge vun der etabléierter Literatur gekéiert huet a sech fir eng Weiderentwécklung vun der russescher Héich-/Schrëftsprooch agesat huet.

Wéi en 1817 de Lycée ofgeschloss huet, huet e mam Titel vun engem Kollegiesekretär eng Plaz am Péitersbuerger Kollegium fir Auswäerteg Ugeleeënheeten ugeholl. 1819 gouf e Member vun der Literatur- an Theatergemeinschaft Seljonaja lampa ("Gréng Luucht"), déi vun den Ufäng vun der Dekabristebeweegung beaflosst war. Obwuel de Puschkin um fréie geheime Wierke vun den Dekabristen net deelgeholl huet, war en dach mat villen aktive Memberen a Frëndschaft verbonnen an huet politesch Epigrammer a Gedichter geschriwwen. An deene Jore war en och mam Schreiwe vum seechenhafte Versepos Ruslan i Ljudmila ("De Ruslan an d'Ljudmila") beschäftegt, mat deem e schonn am Lycée ugefaangen hat an dat ganz op der Arsamas-Linn louch, wat d'Noutwennegkeet vum Schafe vun nationalen Heldenepen ugoung.

Am Fréijoer 1820 huet de Puschkin sech fir e puer Spottgedichter veräntwerte missen, an deenen e Perséinlechkeete vum ëffentleche Liewe wéi de Krichsminister an de Bildungsminister lächerlech gemaach hat. Duerch d'Protektioun vun aflossräiche Frënn ass en zwar enger Verbannung a Sibirien entgaangen, mä e gouf bei de Generol Insow op Jekaterinoslaw (dat haitegt Dnipro) versat. Hie gouf do krank an ass iwwer d'Krim op Odessa, Chişinău (Kischinjow) an aner Stied am Süde gereest, wou e bis 1824 gelieft huet. 1823 huet e säi bedeitendst Wierk ugefaangen, de Versepos Jewgeni Onegin, deen en eréischt 1830 ofgeschloss huet.

1824 gouf de Puschkin aus dem Staatsdéngscht entlooss, nodeem e sech an engem Bréif favorabel iwwer den Atheismus geäussert hat. E gouf op sengen Elteren hiren Haff Michailowskoje verbannt. 1826 huet en no enger Audienz beim Zar Nikolaus I. nees zu Moskau a Péitersbuerg liewen däerfen, mä seng Wierker goufe vum Zar perséinlech zenséiert a säi Wierk a Liewe staark kontrolléiert.

1830 huet en déi schéin Natalja Gontscharowa kennegeléiert. Säi Papp huet him am Hibléck op d'Hochzäit d'Duerf Boldino geschenkt, 250 km vun Nijni Nowgorod ewech. De Puschkin wollt d'Duerf just kuerz besichen, mä eng Choleraepidemie huet eng Rees zeréck op Moskau verhënnert. Hie war sou gezwongen eng Zäitche an der Provënz ze bleiwen, an et gouf seng gréisst Schaffensperiod.

D'Koppel huet sech 1831 bestuet an ass op Péitersbuerg geplënnert. Do krut de Puschkin vum Zar dee klengsten Hafftitel an huet sou um intrigante Liewe vum Zarenhaff missen deelhuelen, wat e wéinst sengem Onofhängegkeetsstriewe staark frustréiert huet. En huet sech dacks mat senger Fra gestridden, e sëllege Kéieren aus reng triviale Grënn. Seng Verëffentlechungen hu sech net méi sou gutt verkaaft, verschiddener huet e wéinst der Zensur iwwerhaapt net verëffentlechen däerfen, soudatt et finanziell méi enk gouf, an hie sech just wéinst der Ënnerstëtzung vun der Gontscharowa hirer räicher Famill dat mondänt Liewen zu Péitersbuerg nach leeschte konnt. All dat mouch datt seng Wierker an där Zäit ënner groussem psycheschen Drock entstane sinn.

1836 huet en d'Literaturzäitschrëft Sowremennik (Den Zäitgenossen) gegrënnt, iwwer déi en ë. a. de Mykola Hohol gefërdert huet.

Wéi de franséischen Offizéier Georges-Charles de Heeckeren d'Anthès, spéider bestuet mam Natalja senger Schwëster Katharina Gontscharowa, ugefaangen huet, dem Natalja Puschkina an opfälleger a provozéierender Aart a Weis den Haff ze maachen, si Rumeuren opkomm déi d'Trei vum Puschkin senger Fra a Fro gestallt hunn. De Puschkin huet doropshin e beleidegende Bréif un den Adoptivpapp vu sengem Schwoer d'Anthès geschriwwen, deen e verdächtegt huet déi Aktivitéiten z'ënnerstëtzen, wat den d'Anthès dozou bruecht huet, den Dichter fir den 8. Februar 1837 zum Duell ze fuerderen. De Puschkin gouf duerch e Bauchschoss schwéier blesséiert an ass zwéin Deeg drop am Alter vu just 37 Joer verscheet. Den d'Anthès gouf just liicht un Aarm a Broscht blesséiert, vum Zar begnodegt mä degradéiert an aus Russland ausgewisen. Aus Angscht viru Bäileedsmanifestatiounen ass dem Puschkin seng Doudelued an d'Swjatogorski-Klouschter am haitege Puschkinskije Gory bei Pskow gefouert ginn, wou en dann och begruewe gouf.

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Alexander Puschkin – Biller, Videoen oder Audiodateien