Op den Inhalt sprangen

Allee tëscht Bruch a Sëll

Vu Wikipedia
Allee tëscht Bruch a Sëll
D'Allee tëscht Bruch a Sëll, lénks am Hannergrond den Agank vu Bruch
Kategorie Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Sëll, Helperknapp
Plaz Sëll,
Bruch
Adress Nationalstrooss 8
Koordinaten 49°43'53,36"N, 6°0'7,81"O
Bamaart Lannen, Ahornen, Platanen
Héicht 25,4 m
Duerchmiesser 0,81 m
Ëmfang 2,54 m
D'Allee tëscht Bruch a Sëll, Richtung Bruch gekuckt (Februar 2024).

D'Allee tëscht Bruch a Sëll ass eng Allee an de Gemengen Helperknapp a Sëll op der N8, déi aus ronn 250 Lannen, Ahornen a Platanen besteet, déi jonk nei Beem net matgezielt. Se zitt sech iwwer 1,5 km vum Ausgank vu Bruch bis an den Agank vu Sëll.

Wéinst hirem Alter a virun allem wéinst der Längt vun der Allee gehéieren dës Beem zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.

Ëm d'Joer 2000 war deen déckste Bam vun der Allee eng Lann bei der Hausnummer 31 zu Sëll. Se hat deemools en Ëmfang, op Broschthéicht, vun 3,51 m bei enger Héicht vun 28 m[1].

D'Beem vun dëser Allee goufen 2002 fir d'éischt op d'Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gesat.

Geographesch Koordinaten: vu Bruch 49° 43’ 58.41’’ N 06° 00’ 49.40’’ O bis op Sëll 49° 43’ 40.98’’ N 05° 59’ 27.25’’ O.

Den 28. August 1970 ass dat bis ewell (Stand: 2016) schroost Ongléck am Zesummenhank mat der Allee passéiert.

En Auto, dee vu Bruch hir koum, ass an der Kéier am Agank vu Sëll vun der Strooss geroden an an ee vun de Beem gerannt. Den Auto ass a Flamen opgaangen, woubäi déi 5 Passagéier ëm d'Liewe koumen. Si goufen um Kierfecht zu Sëll begruewen.[2]

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (cf. S. 218-219, Text a Foto).
  • Murat, Danièle et al. Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. [3e parution revue et adaptée]. Diekirch: ANF, 2023. Print. ISBN 978-2-9199474-3-0 (cf. S. 100-101, Text a Foto).
Commons: Allee tëscht Bruch a Sëll – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. cf. Quell 2002
  2. G. Oth & N. Schockmel, 2009. Chronik unserer Gemeinde von 1940 bis 2008. In Sëll feiert. 150 Joer Chorale Sainte Cécile Saeul. 100 Joer Sëller Musek-Sëller Pompjeeën. 2009. Dréckerei Fr. Faber, Miersch. Cf. S. 102.