Antigua (Kleng Antillen)

Vu Wikipedia
Antigua (Kleng Antillen)
Antigua
Geographie
Land Antigua a Barbuda
Läit an/am Karibescht Mier
Gehéiert zu Inselen ënner dem Wand, Kleng Antillen, Inselen iwwer dem Wand
Koordinaten 17°5'6"N, 61°48'0"W
Fläch 281 km²
Héchste Punkt Mount Obama (402 m)
Verwaltung
Verwaltungseenheet Antigua a Barbuda
Haaptuert Saint John’s
Demographie
Awunner 80.161
Awunnerdatum 2011
Aner Informatiounen
Entdeckt 10. November 1493 (julianesch)
Zäitzon UTC−4

Antigua (op spuenesch „Déi Al“) ass eng Insel an der Karibik an d'Haaptinsel vum Inselstaat Antigua a Barbuda.

Antigua ass 281 km² grouss a gehéiert zu den Inselen iwwer dem Wand. D'Insel läit ongeféier 40 km südlech vu Barbuda, 80 km ëstlech vun Nevis a vu Saint Kitts, 50 km nordëstlech vu Montserrat an 100 km nërdlech vun der Guadeloupe.

Antigua gouf den 10. November 1493 vum Christoph Kolumbus op senger zweeter Rees entdeckt. Knapps 150 Joer duerno, ass d'Insel am Joer 1632 vun de Britte koloniséiert ginn.

Am Joer 1674 huet Antigua zesumme mat Nevis, St Kitts a Montserrat eng Konfederatioun vun engleschen Inselkolonië mat engem gemeinsame Parlament ënner dem Gouverneur William Stapleton gebilt.

Déi brittesch Kolonialherrschaft huet bis 1981 gedauert a mat der Onofhängegkeetserklärung vum 1. November 1981 gouf aus der Kolonie Antigua den onofhängege Staat Antigua a Barbuda.

D'Haaptstad, Saint John's, läit op Antigua.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Antigua (Kleng Antillen) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]