Arthur Hiller

Vu Wikipedia
Arthur Hiller
Gebuer 22. November 1923
Edmonton
Gestuerwen 17. August 2016
Los Angeles
Nationalitéit Kanada
Educatioun Universitéit vun Toronto
Aktivitéit Filmregisseur, Filmproduzent, Schauspiller, Filmschauspiller, Regisseur
Arthur Hiller (2011)

Den Arthur Hiller, gebuer den 22. November 1923 zu Edmonton an der kanadescher Provënz Alberta, a gestuerwen de 17. August 2016 zu Los Angeles, war e kanadesche Filmregisseur, Filmproduzent a Schauspiller.

Hien huet an den 1950er an 1960er Episode vun Tëleesserië gedréint, dorënner Alfred Hitchcock Presents, an zanter dem Ufank vun den 1960er Joren och Kinosfilmer. Säi bekanntste Film a gréisste Succès ass Love Story (1970), fir deen en e Golden Globe Award krut. 1972 krut e mat sengem Film Hospital op der Berlinale de Sëlwere Bier.

Den Arthur Hiller war vun 1993 bis 1997 President vun der Academy of Motion Picture Arts and Sciences, déi d'Oscare verdeelt. Vun 1989 bis 1993 war en och President vun der Directors Guild of America.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

als Regisseur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Arthur Hiller – Biller, Videoen oder Audiodateien